D'ASBL Open Screen gouf viru méi wéi 10 Joer gegrënnt fir d'Promotioun vun der Inklusioun an der Diversitéit duerch kulturell Aarbecht. Ee vun de Projeten, deen d'Claudine Muno realiséiert huet, ass d'Buch "Roff". Eng Rees duerch d'Geschicht vu Péiteng, duerch déi eis de Boy a seng Mémé begleeden an eis erziele vun de Zwangsaarbechter:innen wärend dem Zweete Weltkrich, Mënschen, déi zu Péiteng probéieren en neit Doheem ze fannen, Leit, déi hiert Liewen, hiert Been, hir Liewensfreed verluer hunn. Dotëschent awer ëmmer och eng Liewensloscht, Iwwerleeungen iwwer d'Liewen, Anekdoten, déi op Fakten an op Fiktioun stoussen. Eng déifgrënneg Recherche verbonne mat literareschem Kënnen, e Buch voller Liichtegkeet an Humor, voller Trauer an Drama. Dotëschent Skizzen, Fotoen, Kollagen, déi d'Claudine Muno realiséiert huet. De polnesche Komponist an Cellist Michal Pepol huet sech vu Péiteng inspiréiere gelooss an am Buch ass e QR-Code, mat deem een Zougang zu de Kompositioune vum Museker huet, déi zu "Roff" passen.…