Content provided by radio 100,7 and Radio 100. All podcast content including episodes, graphics, and podcast descriptions are uploaded and provided directly by radio 100,7 and Radio 100 or their podcast platform partner. If you believe someone is using your copyrighted work without your permission, you can follow the process outlined here https://player.fm/legal.
Player FM - Podcast App Go offline with the Player FM app!
In our second installment of the Small Business Starter Kit series - we’re tackling a topic that’s sometimes tricky, sometimes confusing, but ever-present: taxes. Hosts Austin and Jannese have an insightful conversation with entrepreneur Isabella Rosal who started 7th Sky Ventures , an exporter and distributor of craft spirits, beer, and wine. Having lived and worked in two different countries and started a company in a heavily-regulated field, Isabella is no stranger to navigating the paperwork-laden and jargon-infused maze of properly understanding taxes for a newly formed small business. Join us as she shares her story and provides valuable insight into how to tackle your business’ taxes - so they don’t tackle you. Learn more about how QuickBooks can help you grow your business: QuickBooks.com See omnystudio.com/listener for privacy information.…
Content provided by radio 100,7 and Radio 100. All podcast content including episodes, graphics, and podcast descriptions are uploaded and provided directly by radio 100,7 and Radio 100 or their podcast platform partner. If you believe someone is using your copyrighted work without your permission, you can follow the process outlined here https://player.fm/legal.
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Content provided by radio 100,7 and Radio 100. All podcast content including episodes, graphics, and podcast descriptions are uploaded and provided directly by radio 100,7 and Radio 100 or their podcast platform partner. If you believe someone is using your copyrighted work without your permission, you can follow the process outlined here https://player.fm/legal.
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Zu Leeds am Norde vun England weist eng Ausstellung Wierker vun däitsch-sproochegen Kënschtlerinnen aus der Nokrichszäit. Dobäi war ee Film vun der Lëtzebuergerin Bady Minck e grousse Renner bei de Jonken. D’Claire Barthelemy war fir eis kucken.
Aen zou an Oueren op - Lëtzebuerg ass dëst Joer mat dem Architekten - a Curateur-Trio Valentin Balsac, Alice Loumeau a Mike Fritsch - op der Architektur-Biennale zu Venedeg vertrueden. An hirem Projet “Sonic Investigations” sollen natierlech a kënschtlech Geräischer aus eiser Ëmwelt matenee verschmëlzen. Heifir hu si mam Soundkënschtler Ludwig Berger zesummegeschafft an hunn d’Dieren zu ganz neie Klangwelten opgemaach. De Joé Birchen wollt wëssen, wat fir si den Toun esou besonnesch mécht an huet eis ee Klangbeispill vum Projet matbruecht.…
“Musek am Syrdall ass esou eng Frëndschaft mam Publikum a mat de Kënschtler”, seet de President vum Festival Jeannot Waringo. Zanter 1988 gëtt et de Festival, an dëst Joer ass et mat der 36. Editioun déi lescht Saison. Iwwert all déi Jore gouf et ëmmer ee roude Fuedem: nei Kompositiounen, haaptsächlech vu jonke Kënschtler, an de Vierdergrond stellen an e “Lieu de rencontre” si fir iwwer Kultur an och aner Saachen ze schwätzen. Dëst Joer sti véier Concerten am Mäerz an Abrëll um Programm, mat der Mënster Musek, dem Perkussiounsensembel vum Stater Conservatoire, dem Lëtzebuerger Lidderchouer an der Kammerata Luxembourg. Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit de Jeannot Waringo méi.…
D'Diddelenger Indie-Band TUYS waren op flotte Plazen an deene leschte Joren. Fir d’éischt zesummen op Berlin geplënnert, duerno zeréckkomm an Two Steps Twice, hir Management a Produktiounsboîte gegrënnt. Si hunn ee Konzeptalbum verëffentlecht mat Reflexiounen iwwer eng Welt, déi sech binariséiert, originell Videoclippe realiséiert a sech erëm nei fonnt. Iwwer hir nei EP “◑◐◐” an den 18. Gebuertsdag vun der Band, deen den 2. Mee an de Rotondë gefeiert gëtt, schwätze mir mam Tun Biever.…
Hongreg Haien, e mysteriéise Päiperlek aus dem alen Ägypten a Waffen- an Drogenhändler, dat sinn d'Ingredienten, déi de Basitien Vivès fir seng BD benotzt. E Wierk, dat den Nicolas Calmes jidderengem recommandéiere kann, deen eppes mat den “Indiana-Jones”-Filmer oder den “Uncharted”-Videospiller ufänke kann.…
D'Gala vun den International Classical Music Awards ass all Joer op enger anerer Plaz. 2022 war se an der Lëtzebuerger Philharmonie. Dëst Joer ass d'Gala an der Tonhalle Düsseldorf. Ënner de Gewënner ass 2025 mam Cellist Benjamin Kruithof och ee Lëtzebuerger. An der aktueller Saison als Rising Star an der Philharmonie opgetrueden, gëtt dee 26 Joer alen Cellist bei den ICMA mam Young Artist of the Year Award ausgezeechent. Lauschtert de Concert mat Moderatioune vum Lex Kauffmann a Christophe Mirkes iwwer de radio 100,7 oder online am Livestream iwwer de Site www.opus.radio.…
Dir kennt Vangelis? Wéi wier et dann elo mat Vargelis: deen éischten hat musikalesch fir Feier gesuergt, den Nicholas Vargelis réckelt Situatiounen an dat richtegt Feier, besser: Liicht. Momentan zum Beispill duerch seng Luucht-Installatioune bei der Expo “Boogie” am Casino an der Ënneschtgaass. Konscht ouni Faarf a Pinsel, mee quasi just mam Schäi vun ale Luuchtenampullen? An dat en plus an enger Expo, déi als rhythmescht Experiment geduecht an deemno ni d’selwecht ass? D’Kerstin Thalau huet d’Boogie-Curatrice Stilbé Schroeder an de Studio invitéiert, fir Liicht an d’Däischtert ze bréngen.…
De Sophokles an den Euripides ginn ni al, dofir sinn hir Geschichten ze universell - dat, well se dacks vu Gewalt a Vendetta, Léift, Jalousie a Familljentragedien a Kricher erzielen. Grond genuch fir de multidisziplinäre Kënschtler Filip Markiewicz eng ganz eege Versioun vun der Geschicht vun der Elektra, iergendwou tëschent Theater, Oper a Konschtinstallatioun, an de Studio vum Groussen Theater ze bréngen.…
D’Lambrini Girls sinn eng brittesch Punkband, déi sech duerch hir Live-Optrëtter an hir politesch Messagen en Numm gemaach hunn. E Mëttwoch (19.3.) spille si an de Rotonden. D’Claire Barthelemy huet mat hinne geschwat.
Fauré, Boulanger, Saint-Saëns a Leclair - 4 grouss Nimm aus der franséischer Museksliteratur, déi vill Gemeinsamkeeten hunn an awer am Kontrast zuenee presentéiert ginn. Fréijoersgefiller an d'Enn vum Liewen an d'Liichtegkeet an d'Schwéierfällegkeet spillen dobäi eng grouss Roll. Zesummegestallt gouf dëse Repertoire vun dräi jonke Professorinnen aus dem Escher Conservatoire, déi de Samschdeg den Owend (22.03.) fir d'éischt zesummen am Trio optrieden. D'Pianistin an Organistin Stefanie Duprel an d'Cellistin Nora Braun hunn an engem Gespréich mam Christophe Mirkes verroden, wat si un dësem franséische Programm begeeschtert, wat et mam Fréijoer an dem Enn vum Liewen op sech huet a wéi dëse Programm zustane koum, well d'Ausgangsiddi war eigentlech eng aner.…
E politeschen Documentaire iwwer de palästinensesche Widderstand géint déi israeelesch Koloniséierung am Westjordanland. De Michel Delage, d'Valerija Berdi an d'Vesna Andonovic haten de Film am Grousse Kino beschwat.
Bach in the Subways - dat ass de Motto ënner deem weltwäit den 21. Mäerz dem Johann Sebastian Bach säi Gebuertsdag gefeiert gëtt. Hei zu Lëtzebuerg gëtt et dee Mini-Festival zanter e puer Joer a fir d’Editioun 2025 ass et eng Kollaboratioun tëschent dem INECC (Institut Européen de Chant Choral), dem Ensembel Ad Libitum an der neier Bach Vereenegung Lëtzebuerg (BVL). Op deem engen Dag ginn et 58 Mini-Concerten op verschiddene Plazen an der Stad, um Kierchbierg an am Garer Quartier - ënner anerem am Gebai vum Kulturministère an an der Fondation Pescatore. Wéi all Joer gëtt och erëm de Bach Project Choir dofir organiséiert, bei deem jidderee matsange kann. Umelle kann ee sech op inecc.lu. De Lex Kauffmann huet sech mam Jean-Paul Hansen vum Comité BVL iwwer de Mini-Festival ënnerhalen.…
Fréijoer ass Festivalzäit zu Lëtzebuerg. Vun elo bis zur Fête de la musique gëtt et dank dem schéine Wieder endlech erëm Musek dobaussen ze erliewen, wa mir mol dem Altelier seng LuxeExpo Extravaganza wärend der Schoulvakanz virewech loossen. Besonnesch fir d’Frënn vun onofhängeger Rockmusek ass den Out of the Crowd Festival, zanter 20 Joer an der Escher Kulturfabrik vum Schalltot Kollektiv organiséiert, deen éischte grousse Rendez-vous vum Joer, an ee vun deenen treffséchersten, wann et ëm Programmatioun geet. Egal op een experimentell Sounds a musikalesch Decouverte sicht, immersiv Konscht genéissen, oder der lëtzebuergescher Musekszeen méi no komme wëllt, den Out of the Crowd bitt alles dat op engem Dag, an dat ass dëst Joer de Samschdeg, 19. Abrëll. Mir schwätze mam Nicolas Przeor vu Schalltot iwwer 20 Joer Out of the Crowd an d'Editioun vun dësem Joer.…
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, war Dir ënner der Woch net verpasse sollt - a geheit zesumme mam Jo Welfringer ee Bléck op den immersive Pavillon an Neimënster.
2009 zesummegedoen, spillt de Kreisler Quartett gréisstendeels Concerten zu Lëtzebuerg. Den Ensembel, deen aus Musekerinnen a Museker vun de Lëtzebuerger Philharmoniker besteet, huet dobäi ee breet gefächerte Repertoire. Dëse Sonndeg (16.3.) spillt d'Formatioun ee Concert zu Lasauvage an der Eglise Sainte-Barbe. Am Gespréich mam Luc Boentges schwätzt den Cellist Niall Brown iwwer d'Creatioun vum Kreisler Quartett , de Concertsprogramm an d'Liewen tëschent berufflechem a private Museksliewen.…
“Eng optimal Balance tëschent Beruff a Privatliewen ass net nëmme fir déi mental Gesondheet, mee och fir eng laangfristeg Produktivitéit vu Bedeitung, dowéinst muss een tëschent béide kloer Grenzen zéien!” fuerdere Guiden a fette schwaarze Buschtawen. Do kënne verschidde Kënschtler:inne warscheinlech just de Kapp rëselen: wéi soll dat an hirem Alldag méiglech sinn? D’Fotokënschtlerin Néckel Scholtus trennt net an doriwwer eraus ass hir Famill och reegelméisseg Bestanddeel vun hirer Konscht. Momentan zum Beispill bei der Expo “Entre réel et impalpable” am CAPE zu Ettelbréck. D’Kerstin Thalau huet d’Néckel Scholtus an de Studio invitéiert.…
"Flott Musek zesumme maachen a Freed zesummen hunn" - dat ass d'Zil vum Catch Music Festival. Dat ass ee Kammermuseksfestival hei am Land, deen dëst Joer seng 4. Editioun vum 14. bis de 16. Mäerz zu Bouneweg huet. Grënnerinne sinn zwou Lëtzebuerger Musekerinnen: d'Pianistin Cathy Krier an d'Geiistin Laurence Koch. Et geet haaptsächlech dorëms, deen "alen, verstëbsten, ultra steiwen Image, deen d'klassesch Musek huet, ze briechen", wéi d'Cathy Krier ë. a. erzielt am Gespréich mam Marie Trussart.…
Ee Liewen um Land ouni Perspektiv, Déieren, déi et ze erléise gëllt, een demente Bop, en depressive Papp, ee xenophobe Brudder an ee Friemen, deen no an no manner friem gëtt: A "Vreckvéi" erliewe mir, wéi zwou Schwësteren de Bauerenhaff vun den Eltere musse geréieren. Dat schottescht Stéck, dat vun der Elise Schmit op Lëtzebuergesch iwwersat gouf, leeft dës Saison am Mierscher Theater. Den Nicolas Calmes, de Jeff Schinker an de Jo Welfringer waren et kucken.…
Ënner dem Motto Sons littéraires initiéiert d'Harfenistin Dina Nimax ee Concert dëse Freideg (14.3.) am Mierscher Theater. Literaresch Kläng an eng musikalesch Rees duerch d'Säiten. Sons littéraires ass ee Concertsprojet, bei deem literaresch Wierker musikalesch verschafft ginn. Mee virdru kritt de Publique déi jeeweileg Wierker och op der Plaz virgelies. D'Iddi fir dëse Concertsowend kënnt vun der jonker Lëtzebuerger Harfenistin Dina Nimax, déi och d'Wierker erausgesicht huet. Am Gespréich mam Lex Kauffmann gëtt d'Musekerin en Abléck an d'Ëmsetzung an d'Konzept.…
De Luxfilmfest ass nees Sujet a Kultur um 5. Zwee Filmer gi beschwat, der Desirée Nosbusch hire Film "Poison" an dann nach e weideren Debutfilm: "On Falling" vun der portugisescher Realisatrice Laura Carreira.
D'Frënn vun der Militärmusek siche mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère an der SACEM no engem neie Marsch zu Éiere vum neie Groussherzog Guillaume. Dëst am Kader vum Trounwiessel am Oktober 2025. Gesicht gëtt virun allem eng nei Eegekompositioun fir militäresch Zeremonien ze encadréieren an déi un ee Foussmarsch ugepasst ass. Am Gespréich war beim Lex Kauffmann den aktuelle Chefdirigent vun der Militärmusek, de Lieutenant Colonel Jean-Claude Braun. Si hu sech iwwer d'Krittäre vum Concours ënnerhalen an och déi historesch Valeur vun esou Märsch an der Lëtzebuerger groussherzoglecher Geschicht. De komplette Reglement an d'Informatiounen zum Kompositiounsconcours fannt Dir um Site vum opus.radio.…
Bis Enn August kënnt Dir am Mudam sengem gliesene Leir Pavillon d'Expo "Monsieur Steichen" gesinn. Déi amerikanesch Kënschtlerin Lisa Oppenheim, Joergang 1975, war domat beoptraagt ginn, op dem Edward Steichen säi facettëräicht Wierk ze reagéieren. Déi Erausfuerderung huet d'New Yorkerin gären ugeholl: d'Lisa Oppenheim ass fir hir experimentell Film- a Fotoaarbechte bekannt, fir déi si heefeg selwer net zu enger Kamera gräift, mee, no akribesche Recherchen, Bildmaterial aus Archiven an anere Sammlungen op hir Manéier verschafft. D'Kerstin Thalau ass vun der Lisa Oppenheim ënner anerem gewuer ginn, firwat den Edward Steichen fir si ee vun de mysteriéiste Personnagë vum 20. Joerhonnert war.…
Dat seet de laangjärege Member a Pianist Pascal Meyer am Zesummenhang mat zäitgenëssescher Musek. Schüler aus dem Ettelbrécker Conservatoire kréien och d'Méiglechkeet fir méi Erfarung mat neier Musek ze sammelen. United Instruments of Lucilin spillt de 16. Mäerz 2025 am CAPE e Concert, bei deem Schüler Wierker vun ënner anerem dem Steve Reich zesumme mam Lëtzebuerger Ensembel fir zäitgenëssesch Musek kënnen opféieren. Et ass en Optrëtt aus der Serie Lucilin in the City, bei deem ee vun de Museker vum Ensembel d'Programmatioun iwwerhëlt. An dësem Fall war et de Pianist Pascal Meyer. Hien huet dem Christophe Mirkes an engem Gespréich verroden, op wat hie Wäert geluecht huet a wéi sech dëse Projet vun deenen ouni Schüler ënnerscheet.…
Chrëschtdag ënner dem Ceauşescu, ee Suizid via en Heizkierper an hollänneschen Nationalismus aus der Perspektiv vu Geflüchteter: Am Bogdan Mureşano sengem "The New Year That Never Came" geet et ëm Ënnerdréckung a Revolutioun am Rumänie vun 1989, dem Radu Jude säi "Kontinental 25" bleift op der nämmlechter Plaz, mee mécht een zäitleche Sprong no vir, fir ze weisen, datt et sech och am kapitalistesche Rumänien net ëmmer wansinneg gutt lieft - a am autobiografeschen Dokumentarfilm "Home Game" suivéiere mir der Lidija Zelovic hir Flucht aus Sarajevo an en Holland, dat no an no méi rietsextreem gëtt: Eise Weekend um LuxFilmFest war geographesch relativ homogen, huet awer eng ganz Rëtsch vu verschiddenaartegen Theemen opgegraff.…
Fir de Joresufank presentéiert d’Ekipp vun de Rotonden traditionell eng Expo zum Theema “Illustréiert Buch an all senge Variatiounen“. Wéinst den Ëmbauaarbechte war dat 2025 net méiglech. Kee Grond fir komplett op d’Aktioun ze verzichten. Déi jonk Illustratrice Viki Mladenovski, Joergang 1993, krut den Optrag, e Wimmelbuch ze entwerfen. Doranner sollten d’Rotondë selwer, mat hiren Aktivitéiten an alldeegleche Geschichten, am Zentrum stoen. D’Buch ass mëttlerweil an de Rotonden, an och an de Librairien, ze gesinn an ze kréien, an dowéinst huet d’Kerstin Thalau d’Viki Mladenovski an de Studio invitéiert.…
Welcome to Player FM!
Player FM is scanning the web for high-quality podcasts for you to enjoy right now. It's the best podcast app and works on Android, iPhone, and the web. Signup to sync subscriptions across devices.