Content provided by radio 100,7 and Radio 100. All podcast content including episodes, graphics, and podcast descriptions are uploaded and provided directly by radio 100,7 and Radio 100 or their podcast platform partner. If you believe someone is using your copyrighted work without your permission, you can follow the process outlined here https://player.fm/legal.
Player FM - Podcast App Go offline with the Player FM app!
In this episode, comedian and tea enthusiast Jesse Appell of Jesse's Teahouse takes us on a journey from studying Chinese comedy to building an online tea business. He shares how navigating different cultures shaped his perspective on laughter, authenticity, and community. From mastering traditional Chinese cross-talk comedy to reinventing himself after a life-changing move, Jesse and host Brian Lowery discuss adaptation and the unexpected paths that bring meaning to our lives. For more on Jesse, visit jessesteahouse.com and for more on Brian and the podcast go to brianloweryphd.com.…
Content provided by radio 100,7 and Radio 100. All podcast content including episodes, graphics, and podcast descriptions are uploaded and provided directly by radio 100,7 and Radio 100 or their podcast platform partner. If you believe someone is using your copyrighted work without your permission, you can follow the process outlined here https://player.fm/legal.
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Content provided by radio 100,7 and Radio 100. All podcast content including episodes, graphics, and podcast descriptions are uploaded and provided directly by radio 100,7 and Radio 100 or their podcast platform partner. If you believe someone is using your copyrighted work without your permission, you can follow the process outlined here https://player.fm/legal.
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
D'asbl Open Screen ass viru méi wéi 10 Joer gegrënnt ginn fir d'Promotioun vun der Inklusioun an der Diversitéit duerch kulturell Aarbecht. Ee vun de Projeten, deen d'Claudine Muno realiséiert huet, ass d'Buch "Roff". Eng Rees duerch d'Geschicht vu Péiteng, duerch déi eis de Boy a seng Mémé begleeden an eis erzilen. vun de ZwangsaarbéchterInnen wärend dem 2. Weltkrich, Mënschen, déi ze Péiteng probéieren en neit Doheem z efannen, Leit, déi hiert Liewen, hiert Been, hier Liewensfreed verluer hunn. Dotëschent awer ëmmer och eng Liewensloscht, iwwerleeüngen iwwer d'Liewen, Anektoden, dli op Fakten an op Fiktioun stoussen. Eng déifgrënneg Recherche verbonnen mat literarecshem Kënnen,e Buch voller Lichtegkeet an Humor, voller Trauer an Drama. Dotëschent Skizzen, Fotoen, Kollagen, déi d'Claudine muno realiséiert huet. de polnesche Komponist a Cellist Michal Pepol huet sech vu Péiteng inspiréier egelooss an am Buch ass e QR-Code mat deemeen Zougang zu de Kompositiounen vum Musiker huet, déi zu "Roff" passen.…
Déi Lëtzebuerger Schauspillerin Sophie Mousel ass dëst Joer direkt an zwee Filmer op der Berlinale ze gesinn: An "Der Kuss des Grashüpfers" spillt si der Haaptfigur Bernard hir Partnerin, an a "Reflet dans un diamant mort" eng vun de sëllege Fraefiguren, déi dem Geheimagent John D. iwwer de Wee lafen. De Jeff Schinker huet sech mat hir zu Berlin ënnerhalen.…
E franséischen Drama iwwer d'Radikaliséierung vu jonken Europäerinnen a Syrien. Extrait aus dem Grousse Kino mam Michel Delage, Vesna Andonovic a Valerija Berdi
Zanter leschte Mëttwoch huet Lëtzebuerg eng Uergel méi am Gebrauch. A Presenz vum Kardinol an Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich gouf an der Privatschoul Sainte-Sophie an der Stad eng Uergel geweit. Speziell ass, datt dës Uergel an enger Schoul, an net wéi gewinnt an enger Kierch steet. Mee wat mécht d'Schoul mat dëser Uergel, a wéi leeft esou eng Uergelwei of? De Lex Kauffmann aus der Klassik-Ekipp war bei der Wei dobäi an huet mam Zeremoniar Jean-Pierre Reiners doriwwer geschwat.…
Mir sinn entretemps an der Hallschent vun der 75. Berlinale ukomm - an och d’Hallschent vun de Lëtzebuerger Koproduktioune si mëttlerweil zumindest an de Pressevirféierungen ze gesi gewiescht. De Jeff Schinker ass um Festival a mécht en éischte Bilan.
Déi amerikanesch Noise Band FACS hunn de Mëttwoch an de Rotondë gespillt. Hire leschten Album, “Wish Defense”, ass ënner anerem dofir bekannt, dat lescht Wierk ze sinn, dat de Legenden-Tountechniker Steve Albini opgeholl huet. De Sänger Brian Case huet sech virun der Show Zäit geholl mam Nicolas Calmes iwwer Songtexter, Gedichter a verstuerwe Kolleegen ze schwätzen.…
Dir wollt schonn ëmmer d'Geschicht ëm dem Beethoven säin "Für Elise" kenneléieren? Ee Beispill vu villen dat weist, datt d'Léift an der klassescher Musek schonn ëmmer en Theema war. Mee och tëschemënschlech Bezéiunge goufen an der Musek zum Ausdrock bruecht. A wéi war et mat der bekannter Bezéiung tëschent der Clara an dem Robert Schumann? De Lex Kauffmann aus der Klassikredaktioun huet sech bekannte Wierker a Bezéiunge méi genee ënner d'Lupp geholl.…
Gëschter (13.02.) huet déi 75. Berlinale ugefaangen. A wéi wa Lëtzebuerg wéilt matfeieren, datt et de Berliner Filmfestival elo schonn een 3/4-Joerhonnnert gëtt, sinn dëst Joer rekordverdächteg vill - also ganzer sechs - Lëtzebuerger Koproduktiounen um Start. De Jeff Schinker ass de Mëttwoch Owend no enger sportlecher a virun allem endloser Zuchfaart mat der DB dann och iergendwann zu Berlin ukomm - a gëtt eis en éischten Abléck an den éischten Dag vum Festival.…
Pünktlech fir Valentinsdag ass d’Bridget Jones nees zeréck. Déi sarkastesch Brittin ass elo an engem neie Liewensofschnëtt ukomm a sicht als Wittfra am Film “Mad About the Boy” nach eemol déi grouss Léift. Ass dës 90er Romcom-Ikon awer nach zäitgeméiss? D’Claire Barthelemy kuckt op de Phenomeen zeréck.…
D’Martina Menichetti ass eng Allrounderin: Flüttistin, Pianistin, Songschreiwerin, Produzentin an och am edukative Beräich aktiv. An der Philharmonie huet si eng Partie Projeten an Atelieren entwéckelt, dorënner een neit Format: de Musical Afterwork. Dobäi geet et drëms, wéi een no engem laangen, ustrengenden Aarbechtsdag mat Hëllef vun der Musek de Kapp nees fräi kritt an nei Energie tankt. De Guy Engels huet sech mat der Martina Menichetti iwwer d’Konzept vum Musical Afterwork ënnerhalen.…
Nom Frédéric Beigbeder sengem "Un homme seul" rezenséiert de Jeff Schinker ee weidere Roman vun der franséischer Rentrée littéraire, dee sech mat enger enigmatescher Pappefigur auserneesetzt. Am Géigesaz zum Beigbeder ass der Schrëftstellerin a Zeenaristin Florence Seyvos hei awer ee melancholeschen, empathesche Roman gelongen, deen tëschent Frankräich an der Elfenbeinküst pendelt.…
Fir dësen Album mat engem immersive Klangerliefnes a vollem Ëmfang ze genéissen, muss ee fir d'éischt verstoen, wouranner säin Ursprong läit. Dee féiert nämlech an e fréiere Waassertuerm am australeschen Outback. Wann ee sech do an der Wüst d'Landschaft, de Stärenhimmel an d'Rou virstellt, da begräift een direkt déi atmosphäresch Spannung. Déi Klangwelt entsteet net nëmmen duerch déi analog Instrumenter vu The Noise String Quartet, mee och duerch digital vum Komponist provozéiert Verännerungen um Computer. De Komponist Georges Lentz huet mam Christophe Mirkes iwwer seng Visioun an iwwer seng klanglech Experimenter geschwat, déi hien am Laf vu senger neier Kreatioun entwéckelt an ausgeschafft huet.…
Viru knapps zéng Joer hu sech déi plastesch Kënschtler Nora Wagner a Romain Simian zu Lëtzebuerg an en Auto gesat, a si mat wéineg Sak a Pak duerch Ost-Europa gejauft. Do wou si spontan stoe bliwwe sinn, hu si experimentell Konschtprojeten duerchgeféiert. Zejoert huet d’Nora Wagner dës Iddi nei opgegraff, fir se zu Fouss duerch d’Groussregioun weiderzeféieren. Och déi Kéier goung et ëm d’Potential vu kollektiver Kreativitéit, spontane Renconteren, d’Zesummenerliewen. Nach bis de Sonndeg ginn d’Resultater dovunner als Konschtexpo an der Saarbrécker Stadtgalerie gewisen. D’Kerstin Thalau war kucken an huet fir d’Nora Wagner an de Studio invitéiert.…
Welcome to Player FM!
Player FM is scanning the web for high-quality podcasts for you to enjoy right now. It's the best podcast app and works on Android, iPhone, and the web. Signup to sync subscriptions across devices.