Margret Steckel - Doswidanja, Genosse
MP3•Episode-Home
Manage episode 459207091 series 2112465
Inhalt bereitgestellt von radio 100,7 and Radio 100. Alle Podcast-Inhalte, einschließlich Episoden, Grafiken und Podcast-Beschreibungen, werden direkt von radio 100,7 and Radio 100 oder seinem Podcast-Plattformpartner hochgeladen und bereitgestellt. Wenn Sie glauben, dass jemand Ihr urheberrechtlich geschütztes Werk ohne Ihre Erlaubnis nutzt, können Sie dem hier beschriebenen Verfahren folgen https://de.player.fm/legal.
D’Margret Stéckel erzielt d’Geschicht vum Lukas Braak, dee Schëffskapitän an der DDR war a wéinst Westkontakter säi Beruff huet missen opginn. Hien a seng Fra verléieren hir Aarbecht. Well si vun eppes liewe mussen, fänkt hien u bei der LPG, der Landwirtschaftlichen Produktionsgenossenschaft ze schaffen. De Lukas war ëmmer en treie Sozialist, huet iergendwéi un d’DDR an un de Sozialismus gegleeft. Seng Mamm hat d’Famill verlooss, wéi hien nach ganz kleng war a war an Amerika ausgewandert. Wéi de Lucas schonn als Kapitän geschafft huet, hat si op emol Loscht hire Fils erëmzegesinn, an dat war dann dee Westkontakt, deen de Lukas zum Fale bruecht huet. De Lukas fillt sech ongerecht behandelt a just éier d’Mauer fält, schreift hien dem Erich Honecker e Bréif, andeem hien deem proposéiert mat him ze schwätzen. D’Margret Steckel hëlt eis mat an d’Kandheet vum Lukas, säin Erwuesseginn, Kenneléiere vu senger Fra, alles ass u sech eng Skizz, mee mat esou enger Intensitéit, typesch Margret Steckel, si seet an engem Saz esou vill, wou anerer eng ganz Säit brauchen ... D’Valerija Berdi an de Michel Delage am Gespréich iwwer d’Wierk, dat bei Capybarabooks erauskoum.
…
continue reading
52 Episoden