Tindersticks, déi Véierzéngt
MP3•Episode-Home
Manage episode 443972591 series 2112465
Inhalt bereitgestellt von radio 100,7 and Radio 100. Alle Podcast-Inhalte, einschließlich Episoden, Grafiken und Podcast-Beschreibungen, werden direkt von radio 100,7 and Radio 100 oder seinem Podcast-Plattformpartner hochgeladen und bereitgestellt. Wenn Sie glauben, dass jemand Ihr urheberrechtlich geschütztes Werk ohne Ihre Erlaubnis nutzt, können Sie dem hier beschriebenen Verfahren folgen https://de.player.fm/legal.
Wann eng Band eng kloer Visioun huet, vun där Musek, déi si maachen a wëlle maachen, da schéngt dat ëmmer duerch. Et kann een et zum Beispill un enger konsequenter Diskographie erkennen. D’Tindersticks, de Quintett vun Nottingham, deen 1991 mat der EP “Old Horse” hiren Debut erausbruecht huet, hunn definitiv e roude Fuedem an hirem Schafen. Zanter hirem éischten Debut 1993 hu si ouni midd ze ginn hir Musek weiderentwéckelt a verfeinert. 31 Joer méi spéit si si bei hirem 14. Studioalbum ukomm, d’Plack “Soft Tissue“, erauskomm virun 11 Deeg. An nach un enger anerer Saach weist sech, datt eng Band mengt, wat si mécht: datt et iwwer d’Joren ëmmer méi schwéier gëtt, si an e Genre-Tirang ze quëtschen. D’Tindersticks kléngen ëmmer no sech selwer, a keng aner Band kléngt wéi si. “Soft Tissue“ vun Tindersticks ass eraus op City Slang, de Marc Clement hëlt mat duerch den Album.
…
continue reading
52 Episoden