Player FM - Internet Radio Done Right
Checked 1M ago
Vor vier Jahren hinzugefügt
Inhalt bereitgestellt von Cecilia Said Vieira. Alle Podcast-Inhalte, einschließlich Episoden, Grafiken und Podcast-Beschreibungen, werden direkt von Cecilia Said Vieira oder seinem Podcast-Plattformpartner hochgeladen und bereitgestellt. Wenn Sie glauben, dass jemand Ihr urheberrechtlich geschütztes Werk ohne Ihre Erlaubnis nutzt, können Sie dem hier beschriebenen Verfahren folgen https://de.player.fm/legal.
Player FM - Podcast-App
Gehen Sie mit der App Player FM offline!
Gehen Sie mit der App Player FM offline!
Podcasts, die es wert sind, gehört zu werden
GESPONSERT
"It is a scientific fact that these macaques, like all other primates, including humans, are communicating. They communicate in much the same way we do - facial expressions, vocalizations, body postures, those kinds of things." - Jeff Kerr Jeff Kerr is PETA foundations Chief Legal Officer. I asked him to come on the show to talk about one of PETA’s current lawsuits against the National Institutes of Health (NIH) and Nathional Institute of Mental Health (NIMH). PETA is arguing that the monkeys being tested on in a government run facility are capable of communication (or “are communicating”). And that we have a constitutional right under the First Amendment to receive their communications. This could be a game changer in allowing us to see what’s really going on in labs that are funded by taxpayer money, and which have so far been censored from public view. PETA’s lawsuit follows years of NIH’s attempts to deny Freedom of Information requests banning PETA executives from its campus and illegally censoring animal advocates’ speech on NIH’s public social media pages. Through the lawsuit, PETA is seeking a live audio-visual feed to see and hear real-time communications from the macaques who have been kept isolated, used in fear experiments, and had posts cemented into their heads. Anthropologists and other scientists have studied macaque and other primate communications for decades and know that the monkeys communicate effectively and intentionally through lip smacking, fear grimaces, body language, and various cries and sounds—all of which constitute speech under the law. Primatologists can analyze that speech on a deeper level to share their stories with the world.…
Ceci, Do You Love Me?
Alle als (un)gespielt markieren ...
Manage series 3270521
Inhalt bereitgestellt von Cecilia Said Vieira. Alle Podcast-Inhalte, einschließlich Episoden, Grafiken und Podcast-Beschreibungen, werden direkt von Cecilia Said Vieira oder seinem Podcast-Plattformpartner hochgeladen und bereitgestellt. Wenn Sie glauben, dass jemand Ihr urheberrechtlich geschütztes Werk ohne Ihre Erlaubnis nutzt, können Sie dem hier beschriebenen Verfahren folgen https://de.player.fm/legal.
Lëtzebuerg ass eng Bubble! A genau aus där Bubble well ech iech mat dësem Podcast rausbréngen. Ech schwätzen a diskutéiere mat interessante Leit, déi net onbedéngt dat gemaach hunn, wat d'Gesellschaft vun hinne verlaangt huet. Mäin Ziel ass et, iech Themen a Persounen ze präsentéieren, déi dir normalerweis net sou um Schierm hutt - D'Gespréicher an Iddien sollen inspiréieren, motivéieren an Horizonter erweideren :)
…
continue reading
72 Episoden
Alle als (un)gespielt markieren ...
Manage series 3270521
Inhalt bereitgestellt von Cecilia Said Vieira. Alle Podcast-Inhalte, einschließlich Episoden, Grafiken und Podcast-Beschreibungen, werden direkt von Cecilia Said Vieira oder seinem Podcast-Plattformpartner hochgeladen und bereitgestellt. Wenn Sie glauben, dass jemand Ihr urheberrechtlich geschütztes Werk ohne Ihre Erlaubnis nutzt, können Sie dem hier beschriebenen Verfahren folgen https://de.player.fm/legal.
Lëtzebuerg ass eng Bubble! A genau aus där Bubble well ech iech mat dësem Podcast rausbréngen. Ech schwätzen a diskutéiere mat interessante Leit, déi net onbedéngt dat gemaach hunn, wat d'Gesellschaft vun hinne verlaangt huet. Mäin Ziel ass et, iech Themen a Persounen ze präsentéieren, déi dir normalerweis net sou um Schierm hutt - D'Gespréicher an Iddien sollen inspiréieren, motivéieren an Horizonter erweideren :)
…
continue reading
72 Episoden
Alle Folgen
×FESTIVAL SEASON IS ON! Et ass rëm waarm dobaussen an de Summer steet virun der Dier. Dat heescht och dass d’Festivalsaison endlech rëm lass geet. Dofir leeën mir an dëser Episode de Fokus op e Festival deen sech vu villen ervirhieft an zwar den Koll & Aktioun. De fënnt dëst Joer de 6. bis den 8. Juni zu Haut-Maarteleng statt. Zu Gaascht am Studio fir iwwert de Festival ze schwetzen hunn ech de Goerges vum Booking Team an d'Audrey vum Volunteers Team. Mir diskutéieren iwwert verschidden Themen zum Beispill, wisou et hinne wichteg ass, Fraen op der Bün an hannert der Bün méi z'ënnerstëtzen an och wat sou d'Challenges si beim Opbau vun engem Festival. natierlech verroden si eis och wéi eng Acts dëst Joer dobäi sinn a wourop een sech nach alles freeë kann. Lauschtert erann a loosst gären eng Bewertung do! Fir de Recht: Mir gesinn eis um Festival :)…
Als kleng Chrëschtdags Iwwerraschung hunn ech eng nei Episode fir iech virbereet. An zwar mat de Jonge vun der Band Loivos . Loivos ass eng post-emo alternativ Band besteeënd aus follgend Leit: Phillipp Noppeney, Michel Hubert, Christian Lage & Gilles Dax. Déi 4 maache säit Joren zesumme Musek - dofir schwätze mir an dëser Episode iwwert d'Entwécklung vun der Bandscene zu Lëtzebuerg, wat Challenges hautdesdaags sinn, wat si vum Musekspräis halen a wéi d'Distanz tëschent hinnen si mental trëfft. An dat natierlech alles an engem cozy vibe! Dir hut Loscht si kucken ze goen? Da schreift iech follgend Datumer op: 30.12.2024 Rocas (Luxembourg) 25.01.2025 La Chouée (Metz) 05.03.2025 MK Bar (Belval) 09.08.2024 Klierf Ech wënschen iech all schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch! Mir gesinn eis nächst Joer mat neien Episode rëm. Maachen awer bësse méi lues mat den Episode well ech net méi wierklech vill Zäit dofir hunn. Hoffen trotzdeem, dass dir weider ralauschtert! Kussi…
Déi heiten Episode gouf a Kooperatioun mat SAMSA Film produzéiert fir d'Promo vum Film "Marianengraben" vum Eileen Byrne. An dëser Episode hat ech d'Geleeënheet d'Regisseurin & Dréibuchautorin Eileen Byrne kennenzeléieren. Eng Saach kann ech iech scho verroden: Si LIEFT hire Beruff mat vollem Häerz, an dat gesäit een direkt an dëser Episod. Nieft hirem professionelle Werdegang schwätze mir iwwer d'Roll vun de Fraen, net nëmmen virun, mee och hannert der Kamera. Gëtt eng Regisseurin hautdesdaags genee sou respektéiert wéi hir männlech Kolleegen? Wat huet si an deem Kontext schon alles erlieft? Natierlech schwätze mir och iwwert de Film Marianengraben , e ganz emotionale Film, deen ech jidderengem nëmme ka recommandéieren, am Kino kucken ze goen. Mee passt op, et kéinten e puer Tréine fléissen. Lauschtert erann :) Villmools Merci geet raus un d'Eileen a natierlech Samsa Film, fir den Austausch an d'erméigleche vun dëser Episode.…
C
Ceci, Do You Love Me?

1 Special Edition - Semaine de la Santé Mentale - Mental Generation Gap - Am Gespréich mam Psycholog Fränz D'Onghia 32:06
Triggerwarnung: Suizid, Mental Krankheeten - wann's du dech mat dësen Themen onwuel fills, lauschter léiwer net eran. Déi heiten Episod ass eng Special Edition, gesponsert vun der Ligue Santé Mentale am Kader vun der Semaine de la Santé Mentale. An dëser Episod schwätzen ech mam Psycholog Fränz D'Onghia vun der Ligue Santé Mentale, deen op Suizid-Präventioun spezialiséiert ass. Suizid ass awer net den Haapt Topic iwwert de mir schwätzen - mir thematiséieren, wéi déi verschidde Generatioune mental Gesondheet wouerhuelen. Et gi vill Klischeeën, datt d'GenZ als "Snowflakes" bezeechent ginn, well si anscheinend ze vill op hir mental Gesondheet oppassen. Op der anerer Säit gëtt gesot, datt d'Baby Boomers sech guer net drëm këmmeren. Mir klären d'Klischeeë ronderëm dëst Thema op a maachen op d'Semaine de la Santé Mentale opmierksam. Lauschter, oder kuck eran! Wann's du nach Froen un de Fränz hues, da mell dech bei der ligue Santé Mentale op Instagram . méi Informatioune zu den Events déi vum 7.-20. Oktober stattfannen fënns du op https://www.semainesantementale.lu. Villmools Merci un d'Ligue Santé Mentale a fir déi wichteg Aarbecht déi si leeschten!…
Wéi den Titel et scho verréit, kommen an dëser neier Staffel zwou Welten zesummen! Dës Episode ass u sech näischt anescht wéi ee grousse Sträit tëscht engem Millennial an engem Gen Z. Wanns du nach net wees, wous de dech befënns, kanns de et an dëser Episode erausfannen. Identifizéiers du dech méi mam Jill, da bass de éischter Team Millennial; wanns du dech awer éischter mat mir identifizéiers, da bass de wahrscheinlech ee Gen Z. A wanns de dech mat kengem vun eis identifizéiers, da bass de héchstwarscheinlech ee Boomer. An dat ass och okay. Anywas: Falls du d'Jill nach net kenns, kenns du vläicht seng Stëmm. Hat ass nämlech Co-Host vum Paus Podcast an Host vum Onbekannt Podcast zesumme mam Journal. Hat huet vill z'erzielen! Lauschter eran – et si spannend Themen dobäi!…
Normalerweis ass et de Loïc, deen dat mécht wat ech hei maachen, an zwar virun der Kamera, mat Mikro, Froe stellen. Hien ass nämlech ënner anerem ee Moderator a Wetterfee beim RTL. An dat alles schonn mat nëmme 24 Joer. An dëser Episode kréie mir een Abléck a seng Aarbecht als Moderator. Wat leeft hannert de Kulissen? Wéi bereet een sech fir eng Live-Show fir? Wéi kënnt een dozou sou ee Job ze hunn? Gëtt et vill Konkurrenz an op wat muss een alles oppassen? Hues du eng Dramshow? A wat géings du maachen, wann’s du dee Job net häss? Dat a villes méi erzielt iech de Loïc an dëser Episode. Vill Spaass beim Lauschteren! Déi heiten Episode gëtt ënnerstëtzt vum Familljeministère. 12.-13. Juli - “Let's celebrate inclusion” Forum Geesseknäppchen https://allesnormal.lu…
Zu Gaascht an dëser Episode hu mir de Charel, éischter bekannt als Saint Charles. Mäin Zil mat dëser Episode war et rauszefannen, ween alles hannert senger Persona stécht an dat heiten sinn d'Themen wouriwer mir ënner aanerem geschwaat hunn: - New-Comer: Bis wéini ass een e New-Comer Artist? - Gemengen: Süden vs. Norden - Humble bleiwen: Du muss ëmmer wëssen vu wou's de kënns - Street Credit: "Zu Lëtzebuerg huet keen wierklech Streetcredit, a wann dann war et seng eegen Entscheedung" - Glaawen: Op Gott, Astrologie, oder de Big Bang, de Glaawen spillt beim Saint Charles eng grouss Roll. Vill Spaass beim Lauschteren! Déi heiten Episode gëtt ënnerstetzt vum Familljeministère. 12.-13. Juli - “Let's celebrate inclusion” Forum Geesseknäppchen https://allesnormal.lu…
Endlech rëm ee méi laange Podcast! Et war och zimmlech schwéier NET laang mam Marlee ze schwätzen, well hat bréngt ganz vill mat :) D'Marlee ass, ënner ganz vill aanerem, Grënnerin vun der Non-Profit Organisatioun "Imani" mat der hat fir méi Representatioun zu Lëtzebuerg kämpft. De Wee zur Grënnung war an ass nach ëmmer net einfach. Mir schwätzen awer och iwwert déi capverdianesch Community zu Lëtzebuerg, ob hat et sech kéint virstellen an d'Politik ze goen, wéi schwéier et ass een Team ze féieren an wat, oder ween hat alles brauch fir alles kënne ëmzesetzen, ouni komplett ënner ze goen. Merci fir d'Laanschtkommen! Déi heiten Episode gëtt ënnerstëtzt vum Culture-Forest Festival- Méi Infoe & Tickets dozou fannt der hei: https://www.culture-forest.com/…
Ech hunn dem Maale Gars versprach, dass ech hie fir déi 50. Episode a mäi Podcast alueden. E Versprieche gëtt natierlech agehalen, dofir: Here you go! (Just als kleng Side Note: Mir sinn eng Koppel.) Also: Wouriwwer schwätze mir dann eigentlech? Hei sinn d'Themen: - Maale Gars, bass du nach ëmmer sou mal? - Bereis du dee Kënschtlernumm gewielt ze hunn? - Suchtverhalen - Wéi schwéier ass et opzehalen? - Whataboutism - Wéini huet et bei dir "klick" gemaach? - Wat ass däin Erfolgsfaktor mat Musek op lëtzebuergesch? - Teaser an dem Maale Gars säin LESCHTEN Album! - De Maale Gars mécht Schluss... Vill Spaass beim Lauschteren! <3 Déi heiten Episode gëtt ënnerstëtzt vum Culture-Forest Festival- Méi Infoe & Tickets dozou fannt der hei: https://www.culture-forest.com/…
Fir déi heiten Episode waren den Elisha an ech am Zuch uechtert Lëtzebuerg ënnerwee. Kënnt dir rode wéi eng Streck mir gefuer sinn? 🚆 Anyways, déi heiten Episode ass bësse méi politesch, mee kenges Falls langweileg! Mir schwätzen ënner anerem iwwert follgend Themen: ➡️ De Rietsruck op Tiktok a wat een dogéint maache kann. ➡️ Mir brauche kee Konsens bei Iddien déi Haass verbreeden. An trotzdeem geschitt dat an der Chamber. ➡️ Wat mécht de CELL? Wéi funktionéieren si? ➡️ Optimismus am Aktivismus: Wéi mëss du dat fir keng Hoffnung fir d'Zukunft ze verléieren? ➡️ Wat ass Petrol Masculinity? ➡️ Wat kann een alles maache fir ee méi nohaltegen Environnement opzebauen? ➡️ Feminismus, Klimaaktivismus, Antirassismus, Antifaschismus, ... ass alles Deel vum selwechte Kampf! Villmools Merci fir d'Lauschteren! Schreift gäre Feedback ënnert de Kommentarer, oder direkt op der Spotify App. Fir déi déi op aner Plattforme lauschtere roden ech iech un de Video op Youtube ze kucken. https://www.youtube.com/channel/UC3djRrr6mdarLe_V1plY3jw Déi heiten Episode gëtt ënnerstetzt vum Culture-forest Festival - Méi Infoe & Tickets dozou fannt der hei: https://www.culture-forest.com/…
CDYLM ass no enger kuerzer Paus rëm do an zwar mat enger Episode iwwert den Educatiounssystem. An dëser Episode hu mir de Marvin Caldarella zu Gaascht, deen net nëmmen Enseignant ass mä och ënner anerem Co-Spriecher vun der OGBL an SEW ass. Mir diskutéieren déi aktuell Problemer vum Lëtzebuergeschen Educatiounssystem, wat d'Erausfuerderungen sinn, wisou sou vill Aspekter ongerecht sinn, wéi de ganze bürokrateschen Behind The Scenes funktionéiert a mir ginn de ganzen Proffe-Clichéen op de Grond. Déi grouss Fro déi perséinlech fir mech opkënnt: Wisou lauschtert keen op déi Leit déi um Terrain schaffen? De Grond wisou de Marvin oppen an éierlech iwwert seng Aarbecht schwätzt, ass och well hie bei der OGBL an SEW (Syndicat Erzéiung a Wëssenschaft) vertrueden ass. Et ass also säi Job iwwert d'Probleemer vun den Aarbechter:innen ze schwätzen an hinnen ze hëllefen. Méi dozou gitt dir an dëser Episode gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren!…
Eurovision hin, oder hier: Wéi geet et dem Museker a Performer CHAiLD wierklech? De Chaild ass ee vun den 8 Finalisten, déi Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 2024 zu Malmö kéinte representéieren. An dëser Episode deelt hien seng éierlech Gedanken iwwer déi ganz Mental Loud, deen de Wettbewerb mat sech bréngt, an iwwer de Drock, deen e verspiert. Lauschtert eran and stay tuned for more!…
An der leschter Episode vun 2023 zu Gaascht ass d'lëtzebuergesch DJ Legende DJ DEE am Start. Opgepasst, déi heiten Episode ass méi relatable, wann een aus dem Norde kënnt, well mir thematiséieren nämlech wat aus dem Café du Gymnase ginn ass 👀 Beisdes that, soll natierlech jiddereen eralauschteren, well mir schwätzen iwwert vill verschidden Themen, ënner anerem doriwwer, wéi et fréier (1999!) war als DJ unzefänken par Rapport zu Hautdesdaags. Wéi wichteg et him gewiescht wier seng Schoul fäerdeg gemaach ze hunn, wéi en als DJ iwwert Ronne kënnt a natierlech och wat sou d'Highlighte a senger Carrière waren. Mir schwätzen och driwwer, wat et bedeit ze diskutéieren an Akzeptanz ze weisen. Vill Spaass beim Lauschteren a mir gesinn eis nächst Joer!…
De Samschden ass Nuit des Musées! Don’t miss out on this. Eng Saach déi d’Muséeë wärend der Nuecht gemeinsam hunn ass de Projet “Coup de Coeur”. All Joers kritt eng Kategorie vu Leit d’Geleijenheet ee Konschtwierk, oder eng Ausstellung a sengen eegene Wierder z beschreiwen. Dëst Joer sinn d’Podcaster drun! Passend dozou hunn ech och eng Episode opgeholl fir méi iwwert de Background vun der Nuit des Musées ze wëssen. Out now! Grousse Merci un de Germain & d'Ioana :) 🎟️WIN WIN WIN🎟️ Dir hutt och’Geleijenheet zwee Tickets fir d’Nuit des Musées ze gewannen! Méi Infoe fannt dir op Instagram @cecidoyoulove.me…
- De "Wizard" wollt fir dës Episode anonym bleiwen. - An dëser Episode schwätze mir mam "Grower" Wizard iwwert Cannabis an zwar vun A-Z! 🌿 Schwaarzmaart - Wéi geféierlech ass dat? 🌿 Wéi gesäit d'Gesetzeslag zu Lëtzebuerg aus? Wéi legal ass de Cannabis elo? 🌿 Vu wou kënnt de Verbuet? Wat sinn d'Konsequenzen dovunner? 🌿 Wisou ass et bei den eelere Generatiounen sou verpöhnt? 🌿 Wat sinn d'Vir an Nodeeler vun der Consommatioun? 🌿 Wéi planzt ee säi Cannabis am beschten Doheem un? 🌿 Wat brauch een alles, wat sinn déi perfekt Konditiounen asw.? Dat an nach vill méi gitt dir an dëser Episode gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren!…
Willkommen auf Player FM!
Player FM scannt gerade das Web nach Podcasts mit hoher Qualität, die du genießen kannst. Es ist die beste Podcast-App und funktioniert auf Android, iPhone und im Web. Melde dich an, um Abos geräteübergreifend zu synchronisieren.