Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
…
continue reading
Zwee bis dräi Joer huet d'Planung, d'Ophuelen an d'Finalisatioun vum Arthur Stockel sengem éischten Album gedauert.D'Wierker vum Carl Maria von Weber begleeden de jonke Museker awer schonn zanter sengem 13. Liewensjoer.Ugefaangen huet et als Repertoire fir ee Concours, bäi deem den Arthur Stockel gewanne konnt. Ma elo huet dës Musek et op säin éisc…
…
continue reading
Wéi ënnerriicht een engem Komponéieren? Ënner anerem dëser Fro geet de Pit Brosius am drëtten Episod vum opus 100,7-Podcast “Hanner den Téin“ op d‘Spuer. Als Dirigent huet hie vill Kontakt mat Neier Musek a gëtt ëmmer erëm a spannend Gespréicher mat Museker:inne verwéckelt. A sengem Podcast stellt hien dës perséinlech Diskussiounen an Anekdoten - d…
…
continue reading
Eng Serie, déi eis mat an d'Joer 1857 hëlt. Et geet ëm eng manner bekannte Period vun den USA, ëm de sougenannten Utah-Krich, bei deem mormonesch Siidler géint d'US-Militär gekämpft hunn. De Simon Larosche stellt d'Serie vir.Von radio 100,7
…
continue reading
Et ass eng Zesummenaarbecht tëschent dem Kammerchouer vun Namur, der Sopranistin Caroline Weynants, dem Bariton Samuel Namotte, dem Organist Baptiste-Florian Marle-Ouvrard an dem Arrangeur an Dirigent Alessandro Urbano: E Release mam Gabriel Fauré sengem Requiem op.48 - ee Projet, deen am Kader vum Centenaire vum Komponist an och den Aarbechte vun …
…
continue reading
Dem Jeff Schinker seng lescht Rezensioun vun de Literaturpräiser vum November ass zugläich och déi éischt vun der Rentrée littéraire vum Januar: Mat "Cœur" vum Thibault de Montaigu an "Un homme seul" vum Frédéric Beigbeder hunn zwee Hedonisten een Hommage un hire verstuerwene Papp verfaasst - an domat bal zweemol dat nämmlecht Buch geschriwwen.…
…
continue reading
1
Dokumentarfotoen als Bréck zu Albdram änleche Bestiairen
13:25
13:25
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
13:25
Haut den Owend (30.1.) um 6 ass an der Galerie Reuter-Bausch an der Ënneschtgaass de Vernissage vun der Expo “Jim Peiffer curated by Christian Aschman”. Béid Hären si bekannt: de Christian Aschman haaptsächlech als Architekturfotograf, mee ewell och als Ausstellungscurateur; de Jim Peiffer als Moler vun neien Albdram änleche Bestiairen, an intensiv…
…
continue reading
D'Téitenger Schungfabrik proposéiert eng oft ganz alternativ Programmatioun. Dräi lëtzebuergesch Bands, deenen hiren dénominateur commun amerikaneschen DIY Rock direft sinn, stinn de Samschden den Owend do op der Bün. Ee Gespréich mat zwee Gittaristen, dem Pierre Bianchi vun No Metal in this Battle an dem David André vun Odds Ratio.…
…
continue reading
De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar …
…
continue reading
1
„Verboten, beschlagnahmt, geraubt“
24:20
24:20
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
24:20
„Verboten, beschlagnahmt, geraubt“ heescht d’Sammelband mat 15 Bäiträg iwwert d’NS-Bibliothéikspolitik a -praxis an Europa. Den Direkter vun der Nationalbibliothéik, de Claude Conter a de Bibliothecaire Jean-Marie Reding, och Mataarbechter an der BnL hu selwer sech mat der Situatioun vun de Bibliothéiken ze Lëtzebuerg wärend der Nazi-Besatzung ause…
…
continue reading
1
Albumrezensioun: Mogwai - The Bad Fire
12:46
12:46
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
12:46
Den eeleften Album vun de Schotten ass zwar no der Hell benannt - ma léisst erstaunlech vill Luucht eran. Eng Plackerezensioun vum Marc Clement a Jeff SchinkerVon radio 100,7
…
continue reading
Dem Direkter vum Festival d'Avignon seng éischt Zesummenaarbecht mat der Comédie-française ass ee Metatheaterstéck, an deem d'Tragedie vum Euripide op Maltraitance vu Kanner stéisst. Eng Theaterkritik vum Nicolas Calmes a Jeff Schinker.Von radio 100,7
…
continue reading
De Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi hunn des literaresch franséisch Komedie am leschte Grousse Kino beschwat. Hei nach eng Kéier hir Diskussioun.Von radio 100,7
…
continue reading
De Fred Harles ass am Alter vun 78 Joer verstuerwen. Hie war tëschent 1978 an 2011 Direkter vum Escher Conservatoire an huet hei ënnert anerem d'Brass-Band vum Conservatoire an d'Liewe geruff. Ee passionéierte Museker, Direkter an Enseignant op dee mer zeréckkucken.Von radio 100,7
…
continue reading
De 27. Januar ass net nëmmen de Gebuertsdag vum Wolfgang Amadeus Mozart, mee och den internationale Gedenkdag un d'Affer vum Holocaust. An der Philharmonie organiséieren d'Solistes Européens, Luxembourg dofir ee ganz passende Concert mat ënnert anerem engem Rondo vum Mozart an "From Jewish Life" vum Ernest Bloch. Op der Bün steet e Cello-Piano Duo …
…
continue reading
1
Am Gespréich mat der Jil Devresse, dem Fábio Godinho an dem Philippe Thelen
12:48
12:48
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
12:48
"Leuchtfeuer", op englesch "The Beacon", vun der irescher Auteurin Nancy Harris, ass no "Die Laborantin" dem Metteur en scène Fábio Godinho seng zweet Koproduktioun mam Staatstheater Mainz. Wat wéi ee klassesche Krimi kléngt, ass u sech een intiimt Stéck iwwer komplex Familljerelatiounen an d’Roll vum Kënschtler an der Gesellschaft. Am Studio sinn …
…
continue reading
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, war Dir ënnert der Woch net verpasse sollt.Von radio 100,7
…
continue reading
1
Lëtzebuerg Bréissel Amsterdam
10:13
10:13
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
10:13
D’Geiistin Hawijch Elders, de Cellist Tom Feltgen an de Pianist Sander Sittig hunn sech aus glécklechen Zoufäll zesummefonnt. Als Trio spillen si de Sonnden, 27. Januar 2025, schonn déi zweet Kéier mat beim 43. Musekfestival am Schlass vu Buerglënster. Um Programm steet Haydn, Shostakovich a Schubert.D’Marie Schockmel huet sech mat deenen dräi ënne…
…
continue reading
1
D'Véronique Fauconnet iwwert "Sarah & Hugo"
12:23
12:23
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
12:23
Fir déi éischt TOL-Produktioun 2025 inzenéiert d’Véronique Fauconnet een Auteur, deen si scho laang wollt op d’Bün bréngen. Dass Sarah et Hugo vum Daniel Keene, ee Stéck iwwert eng jonk elengerzéiend Mamm an hire 16-järege Bouf, dobäi direkt eng Weltpremière géif ginn, war u sech net esou geplangt. Am Interview mam Jeff Schinker huet d’Metteuse en …
…
continue reading
Déi Lëtzebuergesch Kënschtlerin Jeannine Unsen huet hiert Joer ganz gutt ugefaangen. Si war kuerzfristeg vun enger Londoner Gallerie invitéiert ginn, hir Wierker auszestellen. D’Claire Barthelemy mat Impressioune vum Vernissage.Von radio 100,7
…
continue reading
1
Marcel Beyer am Gespréich
11:44
11:44
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
11:44
A sengem Wierk „Die tonlosen Stimmen beim Anblick der Toten auf den Straßen von Butscha“ setzt de Marcel Beyer sech mat der medialer Veraarbechtung vum Krich auserneen a wéi d‘Literaten domat ëmgoe kënnen. Mir lauschteren en Extrait aus dem Gespréich, dat d'Valerija Berdi mam däitsche Schrëftsteller an Essayist gefouert huet. Den däitsche Schrëftst…
…
continue reading
The Bear erzielt d'Geschicht vun engem jonke Spëtzekach, deen nom Dout vu sengem Brudder de chaotesche Familljebetrib iwwerhëlt. Mat enger eenzegaarteger Mëschung aus Humor an Tragik, zitt d'Serie seng Zuschauer mat an d'Hektik vun enger Restaurantskichen. Brillant Kameraaarbecht, e stëmmege Soundtrack a staark Charakteren, mee kann d'Serie den héi…
…
continue reading
Éiert sech de Jeff Schinker mat der franséischer Rentrée littéraire vum Januar befaasst, rezenséiert hien nach ee vun de sëllege Literaturpräisser, déi am Hierscht vergi goufen: Fir hiren Neopolar "Les âmes féroces", dee bei den Editions de l’Olivier erauskoum, krut d’Marie Vingtras de Prix du Roman Fnac 2024.…
…
continue reading
Am Donschtkrees vum stayfou Kollektiv an am Prodzentestall vum Turnup Tun gëtt et ee Rapper, dee mat sénger leschter EP de ganze Paradox vum Rappen op de Punkt bréngt. D'Staerkt wiesen, Schwächten äusdrécken. Muskele weisen, an dach vulnerabel sinn. Mam Marc Clement erzielt den Octo hien iwwert säin neien EP "Kraischen beim Flexen".…
…
continue reading
Haut den Owend sinn de radio 100,7 an opus 100, 7 nees live an der Philharmonie fir e Concert mat de Lëtzebuerger Philharmoniker ënnert der Direktioun vum Hans-Christoph Rademann. De Guy Engels präsentéiert de Concert, an hien ass am Studio, fir eis méi iwwert de Programm ze verroden.Von radio 100,7
…
continue reading
Von radio 100,7
…
continue reading
De franséische Scénariste Éric Corbeyran huet sech mamphilippinnesch-amerikaneschen Illustrateur Roy Allen Martinez zesumme gedoen, fir dem Edgar Rice Borroughs säi bekannte Roman als BD erausbréngen. De Nicolas Calmes huet se sech fir eis ugekuckt.Von radio 100,7
…
continue reading
Iwwer zwee Deeg kënne Passionéierter vun der Neier Musek esou wéi Leit, déi einfach virwëlzeg sinn, mat op eng musekalesch Entdeckungsrees goen. D’Marie Trussart huet Lucilin bei enger Prouf besicht a mat der Jil Hamm an der Anne-Catherine Feltgen iwwer d’Konzept vum Festival geschwat. Ënner anerem hunn si verroden, wat Lucilin aus der leschter Edi…
…
continue reading
An eiser Rubrik Soundatlas analyséieren an hannerfroen d’Kerstin Thalau an de Joé Birchen eenzel Kläng a Geräischer, sichen hier Lienen zu Alldagskultur, Konscht, jo och zur Wëssenschaft. Dat elo och Sonndes Moies um 20 op 9 am Joé Birchen senger Émissioun “Am Buedmantel”. Di nächst véier Episoden dediéiere si de Grond-Elementer Äerd, Waasser, Loft…
…
continue reading
E Gespréich mam Lëtzebuerger Duo, déi elo hier zweet Single erausbruecht hunn.Von radio 100,7
…
continue reading
Dëse Sonnden, 26. Januar organiséiert d'Philharmonie e Ciné-Concert. Ënner dem Motto “L’humour en noir et blanc”, gi schwaarz-wäiss Filmer projezéiert. De Jean-François Zygel, deen de Stommfilm live begleet, ass Pianist, Komponist, Improviséierer an en sougenannten “Vulgarisateur” vu klassescher Musek. D’Marie Trussart huet ënner anerem mat him iww…
…
continue reading
1
Bal radikal, bal soft: d’Rebecca Allen an d’AMVK am Mudam
13:31
13:31
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
13:31
Mëttlerweil ginn et eng ganz Partie Muséeën, déi sech fir d’Entwécklung vu “Computerart” interesséieren, respektiv Konschtwierker aus deem Beräich sammelen. Allerdéngs geet et dobäi meeschtens ëm Aarbechten, déi no 1990, an also no der Aféierung vum Internet entstane sinn. Bis den 2. Februar proposéiert de Mudam, sech emol mat de Joren 1960 bis 199…
…
continue reading
D’Tatty Macleod ass eng franséisch-brittesch Komikerin déi mat hiren Observatiounen iwwert hir zwou Kulture Leit aus der ganzer Welt zum Laache bréngt. Si stellt hir Show en Donneschdeg och zu Lëtzebuerg vir.(Foto: Tatty Macleo)Von radio 100,7
…
continue reading
De Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi hunn dësen amerikanesche Prisongsdrama am leschte Grousse Kino beschwat.Von radio 100,7
…
continue reading
Nodeems de Jean Muller bäi de leschte Produktiounen de Fokus op Komponiste wéi de Beethoven, Bach, Chopin a Liszt geluecht huet, goufen elo dem Mozart seng Pianossonaten op CD erausbruecht. Am Gespréich mam Lex Kauffmann, huet de Jean Muller iwwert d'Gedanken an d'Schwieregkeete vun dëser fënnef-Deeleger CD-Produktioun geschwat.…
…
continue reading
Den Nicolas Calmes huet säi Radar aktivéiert a gëtt Tipps fir spannend kulturell Rendez-vousen dës Woch.Von radio 100,7
…
continue reading
1
Réckbléck Eurosonic 2025
16:34
16:34
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
16:34
Wéi ass d‘Performance vu Ryvage um Showcase Festival zu Groningen ukomm a wéi eng Decouvertë gouf et dëst Joer? De Jamie Reinert an Yves Stephany klären op.Von radio 100,7
…
continue reading
1
Erënnerungsconcert vun der Militärmusek
10:27
10:27
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
10:27
Den Ulass ass de sougenannten Holocaust Remembrance Day. Fir dem 80. Gebuertsdag vun der Befreiung vun Auschwitz zegedenke spillt d’Militärmusek dee Concert ënner dem Jean-Claude Braun. Um Programm stinn ënner anerem Wierker vum E.W. Korngold an John Williams, esou wéi och vun de lëtzebuerger Komponiste Marco Pütz a Georges Sadeler. D'Marie Trussar…
…
continue reading
1
De Soundatlas an Zesummenaarbecht mam Klangkënschtler Sam Erpelding
16:03
16:03
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
16:03
Mir haten drop hi gewisen: d’Rubrik Soundatlas huet eng nei Plaz kritt, an zwar hannerfroen an analyséieren de Joé Birchen an d’Kerstin Thalau Kläng a Geräischer vun elo un ëmmer Sonndes moies géint 20 op 9, deemno am Joé senger Emissioun “Am Buedmantel”. Di nächst véier Episoden dediéieren si de Grond-Elementer Äerd, Waasser, Loft a Feier. Di véie…
…
continue reading
16 Joer laang war d’Alice Frohnert Prostituéiert. Sexaarbechterin gouf déi gebierteg Polin an den 80er an Däitschland fir domat hire Studium ze finanzéieren. No hirer Zäit um Stréch war et de Karriärswiessel an de Journalismus, bei d’Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek. Zënter deem setzt d’Alice Frohnert sech dofir an, d’Prostitutioun als Beruff ze reh…
…
continue reading
Den Nicolas aktivéiert säi Radar a verréit iech, wat fir eng kulturell Highlights dir de Weekend net sollt verpassen.Von radio 100,7
…
continue reading
De Lëtzebuerger Produzent spillt haut den Owend um gréissten europäesche Showcase Festival. Am Gespréich mat Ryvage gi mir op seng Erwaardungen a Perspektiven an.Von radio 100,7
…
continue reading
Déi éischt Staffel ronderëm e Spill, bei dem et zwar ëm vill Sue geet, awer och dat eegent Liewen, war e risege Succès, firwat dann och direkt eng zweet Staffel an Optrag gi ginn ass. Op dës zweet Staffel do uknäppe kann, zielt eis de Simon Larosche.Von radio 100,7
…
continue reading
1
Pleasing Release-Party an der Escher KUFA
13:38
13:38
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
13:38
De Samschde presentéiert déi Lëtzebuerger Alternative Band Pleasing an der Kulturfabrik zwou EPen, eng dovunner ganz nei, am Kader vun engem Gesamtkonzept, mat Ausstellung an engem Theaterstéck. Den ambitiéise Projet gëtt geleet vum Gittarist Patrick Miranda, deen eis méi erzielt.Von radio 100,7
…
continue reading
1
Lëtzebuerg beim Eurosonic Festival
12:23
12:23
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
12:23
Dëst Joer ass just ee Lëtzebuerger um Festival vertrueden: Ryvage. Mam Giovanni Trono vu kultur:lx schwätze mir doriwwer, firwat dat sou ass. Mam Tun Biever vun Two Steps Twice geet Rieds iwwer seng Erwaardungen an Erfarunge beim groussen europäesche Showcase-Event. A mir soen Iech, wat um éischten Dag musikalesch iwwerzeegend war.…
…
continue reading
En Donneschdeg (23.01) trëtt de Schengen Trio vum Orchester Les Solistes Européens, Luxembourg (SEL) zesumme mam Jean Muller zu Steesel am Kultursall op. An dësem Trio, deem seng Membere variéieren, spillt dës Kéier de jonke Geiist Yanis Grisó. Zanter 2023 ass de Student Member vum SEL. Am Interview beim Luc Boentges schwätzt hien iwwer Grenzen a s…
…
continue reading
1
D’Aube Rey Lescure iwwert hire Roman "River East, River West"
11:49
11:49
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
11:49
De Roman River East, River West koum ufanks lescht Joer bei den Editions William Burrow an Duckworth eraus. D’Geschicht spillt zu Shanghai a China. Erzielt gëtt se ofwiesselnd aus der Perspektiv vun der Teenagerin Alva an hirem Stéifpapp Lu Feng. Béid hunn eng komplizéiert Bezéiung zu der Sloan, hir Mamm respektiv Fra, eng Amerikanerin, déi den an …
…
continue reading
De Lëtzebuerger Ensembel "Machine à Trois" (Mà3) huet elo en neien Album opgeholl. Den Trio stellt sech zesummen aus der Rachel Xi Zhang um Marimba, dem Laurent Warnier um Vibraphon an dem Pascal Meyer um Piano.Déi dräi hunn sech wärend hire Studien zu Amsterdam kenne geléiert.Fir hiren neien Album "Unlearn" hunn si mat ville Kënschtler zesummegesc…
…
continue reading
Zanter gutt 15 Joer belount de Pictet Group reegelméisseg ee besonnesche Foto-Projet mam Prix Pictet, an deemno mat 100’000 Schwäizer Frangen. De Präis ass un e Sujet am Beräich vun der nohalteger Entwécklung gekoppelt, déi Kéier ass e mat “Human” iwwerschriwwen. 300 international Foto-Spezialist:innen haten Aarbechte vun enger Hellewull Fotograf:i…
…
continue reading
Haut fänkt den Eurosonic Festival un. Dat ass dee gréissten europäesche Showcase Festival. An der hollännescher Stad Groningen komme Professioneller aus dem Musekssecteur zesummen, fir nei Talenter z’entdecken. Fir eis op der Plaz sinn den Jamie Reinert an den Yves Stephany. Si erklären, firwat dëst Joer de Lëtzebuerger Museker Ryvage zu Groningen …
…
continue reading
De jonke Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof kritt de Präis vum Young Artist of the Year den 21. Mäerz beim Galaconcert vun den International Classical Music Awards 2025 an der Tonhalle zu Düsseldorf iwwerreecht. Hie gouf vum radio an opus 100,7 nominéiert a vum Jury vun den ICMA als Gewënner erausgesicht. Dëse Jury setzt sech Vertrieder vun 19 …
…
continue reading