Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
…
continue reading
Mëtt November goufen a Frankräich déi sëllege Literaturpräisser verginn. Déi déck Fësch wéi de Goncourt an de Renaudot hate mir scho beschwat, zanter e puer Woche verrode mir Iech, fir wéi eng Romaner sech déi méi kleng, mee dacks literaresch méi relevant Juryen, entscheet hunn. Hei beschwätzt de Jeff Schinker "Le rêve du jaguar" vum Miguel Bonnefo…
…
continue reading
Virun e puer Deeg huet de Georges Urwald zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker, der Debbie Marinkovich an dem Ivan Boumans en Album mam Titel “Lidderflupp” digital erausbruecht. Lidderflupp ass och den Titel vun engem Projet, deen de Georges Urwald zesumme mat der MIL ASBL op d'Bee gesat huet. Op deem Album kann een 10 Medleye lauschteren, déi…
…
continue reading
1
Buchkritik: Skif an Dresch - "Déck Frënn. Guerre et plaie" (Editions d'Lëtzebuerger Land)
11:26
11:26
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
11:26
All Freideg verëffentlecht d'Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land e Comic Strip vum Duo Skif & Dresch. An engem Volume versammelt ergi se e kritesch-bëssege Panorama vun der politescher Aktualitéit zu Lëtzebuerg. Deen zweete Band vun der Serie "Déck Frënn" versammelt dem Duo seng Produktioun aus der Period 2021-2022. De Michel Delage huet d'Buch gelie…
…
continue reading
“Alle Jahre wieder ... stille Nacht”?? An eisem Soundatlas isoléieren de Joé Birchen an d’Kerstin Thalau eenzel Kläng a Geräischer aus dem Alldag a sichen no Lienen zu Konscht, Kultur, Traditiounen a Wëssenschaften. Eis Onlinerin Morgane Weidig war der Meenung, datt déi zwee sech, fir de leschte Soundatlas vum Joer, emol mat der Stëllt befaasse sol…
…
continue reading
Eng BD, déi d'Fro exploréiert, wéi et eigentlech den Déieren an eiser Gesellschaft geet. Eng BD vun der Kënschtlerin CocoVon radio 100,7
…
continue reading
1
Zwangsrekrutéierter a Fräiwelleger
11:56
11:56
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
11:56
An dësem fënneften Deel vun eiser Visite guidée duerch déi permanent Ausstellung am Musée vun der Resistenz a vun de Mënscherechter féiert eis de Jim Goerres duerch d’Geschicht vum Zweete Weltkrich an d’Konsequenze fir Lëtzebuerg. Mir kucke méi prezis op déi schwiereg Situatioun vun den Zwangsrekrutéierten an och op d‘Zuel vun deenen, déi fräiwëlle…
…
continue reading
Virun annerhallwer Woch war et esou wäit: d’Notre-Dame zu Paräis ass gutt 5 Joer nom Brand nees op fir de grousse Public. Et war eng opwenneg Restauratioun, un där ronn 250 Entreprisë bedeelegt waren. D’Uergel war net ofgebrannt, mee se huet komplett nees missen opgebaut, gebotzt a restauréiert ginn. Ëm 8.000 Päifen huet sech misse gekëmmert ginn a…
…
continue reading
1
“Trashy” Konscht reimt net onbedéngt op tatsächlechen “trash”
13:38
13:38
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
13:38
Haut si mer Mëttwoch: Wednesday. “The trash goes out on Wednesday” steet grouss um Pop-Up-Store op der Nummer 43 an der Groussgaass. Duerch d’Vitrinn mécht een als Passant eng ganz Rei Peinturen a verschiddene Formater aus. Ënner dem “trashy” Titel steet nach een Numm: Lara Weiler. Dat ass dach déi jonk Molerin, déi ufanks November, kuerz no hirem …
…
continue reading
An dësem Monolog steet d‘Brigitte Urhausen op der Bün an dat ënner der Regie vun der Sara Goerres. D‘Uropféierung war am Fréijoer am Kaleidoskop zu Hunchereng. D‘Valerija Berdi hat mat der jonker Theaterregisseurin iwwer d‘Kaz Eleonore geschwat. All weider Informatiounen iwwer Reservatioune sinn op kasemattentheater.lu ze fannen.…
…
continue reading
An der Concert-Serie ActArt presentéieren Enseignanten aus dem Stater Conservatoire ee Museksprogramm, dee ganz kloer den Impressionismus erëmspigelt. Mat Wierker vu Claude Debussy a Maurice Ravel féieren de Pianist Grégoire Baumberger, de Geiist Emilio Mecenero an den Cellist Stéphane Giampellegrini duerch déi verschiddenst Klangfaarwen. De Concer…
…
continue reading
Datt de Siren’s Call ënner kengem gudde Stär stoung, konnt een d’lescht Joer live materliewen, wéi de Festival net just metaphoresch an d’Waasser gefall war a vill Leit sech iwwer dee spéiden Desistement vun der Kim Gordon opgereegt hunn, wärend de Public am Melusina wéi op enger Arche Noah ouni Déieren, mee mat ze vill Mënsche stoung. Een Artikel …
…
continue reading
Am Grousse Kino gouf dësen erfrëschenden éischte Long-métrage vun der franséischer Realisatrice Louise Courvoisier beschwat.Von radio 100,7
…
continue reading
Ënner dem Motto "Une crèche musicale de Noël" presentéiere Musikerinnen a Museker vun de Solistes Européens, Luxembourg ee Concert mat kammermusikalesche Wierker. Dat méindes owes, de 16. Dezember 2024 am Kammermusekssall vun der Philharmonie. De Stil geet dobäi ganz kloer an d'Museksepoche vum Barock a Wiener Klassik. Fir de Pianist vum Concert, d…
…
continue reading
1
Um Radar - ënner der Woch
10:49
10:49
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
10:49
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, war Dir ënner der Woch net verpasse sollt.Von radio 100,7
…
continue reading
Beim “Noel en lumière 2.0” komme ganzer véier Chéier zu engem Ensembel zesummen, begleet vun engem Harmonium, enger Uergel, engem Piano an engem Blechbléiserquintett vu Paräis. D’Michelle Barthel war sech dës Woch déi éischte Prouf fir dee Concert ukucken an ulauschteren.Von radio 100,7
…
continue reading
“Dis-Placed” ass den Titel vun enger Gruppenexpo, déi Dir nach bis den 19. Januar an d’Escher Konschthal kucke goe sollt. Eng Dosen international an national Kënschtler:innen thematiséieren, a ganz ënnerschiddleche Konschtdisziplinnen, den Deplacement, de Verloscht vum Heem, vu sengem Doheem, also net just vun enger Architektur oder engem Territoir…
…
continue reading
De leschte Weekend waren zu Bréissel e puer besonnesch Deeg fir de Lëtzebuerger Jazz. KulturLX huet an Zesummenaarbecht mat dräi Bréisseler Venues d‘Band Ciao Kennedy, dem Michel Meis säi Projet Colibri, dem Greg Lamy a Participantinne vum Neimënster sengem PropulsionWOMEN d‘Geleënheet ginn, d‘Relatioune mat der belscher Zeen ze fleegen. Och de Pia…
…
continue reading
1
Extrait B-Radio "Nuechtlandschaften"
10:01
10:01
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
10:01
Déi neisten Episod vum B-Radio gëtt en Abléck an d'Welt vum Percy Lallemang, Auteur vun der Kuerzgeschichtesammlung "Nightscapes".Von radio 100,7
…
continue reading
Dee 25 Joer alen ukrainesche Geiist Dmytro Udovychenko trëtt zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker op a wäert dat Wierk spillen, deem de Komponist Max Bruch bis haut seng Reputatioun ze verdanken huet: de Geieconcerto Nr. 1 a Sol mineur. Och den Orchester féiert bekannte Repertoire op. Um Programm stinn dem Bizet seng populäersten Ouerewierm a…
…
continue reading
1
Vu Kollaborateuren, Attentisten a Resistenzler ...
23:28
23:28
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
23:28
An dësem véierten Deel vun eiser Visite guidée duerch déi permanent Ausstellung am Musée vun der Resistenz a vun de Mënscherechter féiert eis de Jim Goerres weider duerch d’Geschicht vum Zweete Weltkrich an d’Konsequenze fir Lëtzebuerg. Mir kucke méi prezis op d‘Verhale vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung, weisen, wien d‘Kollaborateure waren, wat Atte…
…
continue reading
1
"Mythologie du .12" vum Célestin de Meeûs
12:02
12:02
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
12:02
Mëtt November goufen a Frankräich déi sëllege Literaturpräisser verginn. Déi déck Fësch wéi de Goncourt an de Renaudot hate mir scho beschwat, an den nächste Woche verrode mir Iech, fir wéi eng Romaner sech déi méi kleng mee dacks literaresch méi relevant Juryen entscheet hunn. Hei rezenséiert de Jeff Schinker "Mythologie du .12" vum jonke belschen…
…
continue reading
“Improvisations Live in Germany“ heescht deen neien Album vun der Pianistin a Komponistin Younee. Si gouf a Südkorea gebuer a wunnt mëttlerweil an Däitschland. Hir Concerte spillt si fir den Ament virun allem an Europa, an de 14. Dezember och fir déi éischte Kéier zu Lëtzebuerg. Am Kader vun hirer Christmas Tour trëtt si am Cube 521 zu Maarnech op …
…
continue reading
De Kënschtlerkollektiv Dadofonic féiert muer (12.12.) am Théâtre National du Luxembourg fir déi éischte Kéier hiert Theaterstéck “2075: Eine Odyssee durch das Weltall” op. Eis Stagiairin Lori Dauphin war Enn November fir eis bei Dadofonic am Atelier, fir mat de Kënschtler:innen an den Zoustännegen iwwer de Projet an d’Virbereedung ze schwätzen. Bis…
…
continue reading
Porridge Radio ass eng brittesch Indie Band, déi live ganz intensiv ass. D’Grupp ronderëm d’Dana Margolin stellt grad hiren neien Album an Europa vir. Si passéieren och hei zu Lëtzebuerg, an zwar kann ee si de 17. Dezember an de Rotondë gesinn. D’Claire Barthelemy huet mat der Dana Margolin geschwat.…
…
continue reading
Haut den Owend (10.12.) um 8 Auer ass déi lescht Virstellung vum Mozart senger Oper “Così fan tute” am Grand Théâtre. D’Marie Trussart aus der Klassik-Redaktioun war d’Oper kucken a verréit, firwat een déi haut den Owend net sollt verpassen.Von radio 100,7
…
continue reading
1
ENGLBRT a Compact Disk Dummies an de Rotonden
11:03
11:03
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
11:03
Den Duo ENGLBRT ass den Zesummeschloss vum Songwriter a Sänger George Goerens, bekannt als Haaptstëmm vun der Indie-Folk Band Seed to Tree, a Solo als Bartleby Delicate ënnerwee; an dem Niels Engel, Batteur vun Jazz- a Pop-Formatioune wéi Klein. oder Pol Belardi’s Force.Von radio 100,7
…
continue reading
Zanter Juli ass am Nationalmusée um Fëschmaart en Triptyque vum iresch-brittesche Kënschtler Francis Bacon ze gesinn, dee säi Partner, den George Dyer, duerstellt. Zu London ass elo eng grouss Ausstellung, déi dem Bacon seng komplizéiert Relatioune mam Dyer an och seng aner Sujeten analyséiert. D’Claire Barthelemy war d’Expositioun kucken.…
…
continue reading
Dëse georgesche Film, een nostalgesch-melancholesche Spadséiergang duerch déi tierkesch Metropol, gouf de leschte Weekend am Grousse Kino beschwat.Von radio 100,7
…
continue reading
Wat fir Museks- a Kultur-Evenementer bitt dës Schaffwoch? Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar an zielt iech, wat op iech zoukënnt.Von radio 100,7
…
continue reading
Ënner dem Pseudonym Fabio Martone ass bei Editions Hydre d‘Erzielung "Ondugen“ erauskomm. D'Valerija Berdi huet d‘Buch gelies.Von radio 100,7
…
continue reading
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, war Dir dëse Weekend net verpasse sollt.Von radio 100,7
…
continue reading
Duerch an duerch korrupt ass d'Minettmetropol, esou wéi de Jacques Steiwer se a sengem Krimi "Des loups chez les Luxos" (Phi) duerstellt. De Michel Delage huet de Roman gelies.Von radio 100,7
…
continue reading
1
D’Kënschtlerin Nika Schmitt léisst eng “Moth” an der Cecil’s Box fléien
20:14
20:14
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
20:14
Insekten, déi wéi geckeg ronderëm Luuchten zierkelen, ginn net méi belächelt: déi vum Mënsch verursaacht Liichtpollutioun an hir tragesch Konsequenze fir Fauna a Flora si bekannt, en Ëmdenke wier néideg. Duerch Recherchen ass d’Multimedia-Kënschtlerin Nika Schmitt dorop gestouss, datt Matten, zum Beispill, net mam Kapp no vir a Richtung Liichtquell…
…
continue reading
1
Propaganda, Verdreiwung a Widderstand zu Lëtzebuerg
20:34
20:34
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
20:34
An dësem drëtten Deel vun eiser Visitt guidée duerch déi permanent Ausstellung am Musée vun der Resistenz a vun de Mënscherechter féiert eis de Jim Goerres duerch d’Geschicht vum Zweete Weltkrich an d’Konsequenze fir Lëtzebuerg. Dës Kéier kucke mir méi prezis op d’Auswierkung vun der Propaganda, de Versuch vun der Verdreiwung vu Judden an allen, dé…
…
continue reading
Eng Fantasie-Rei vum New Yorker Tim Probert, déi déi lescht véier Joer vun der Welt Irpa erzielen. Viru Kuerzem koum eng franséisch Collector’s Editioun bei Gallimard eraus, an déi stellt den Nicolas Calmes vir.Von radio 100,7
…
continue reading
Mëtt November goufen a Frankräich déi sëllege Literaturpräisser verginn. Déi déck Fësch wéi de Goncourt an de Renaudot hate mir scho beschwat. An den nächste Woche verrode mir Iech, fir wéi eng Romaner sech déi méi kleng mee dacks literaresch méi relevant Juryen entscheet hunn. Hei beschwätzt de Jeff Schinker “Marc” vum Benjamin Stock, dee fir säi …
…
continue reading
De Chouer vun der Uni.lu trëtt Ufank Dezember direkt 3 Mol hannereneen op. Gesonge gëtt en internationale Programm an de meescht geschwate Sproochen hei am Land. De Motto vun de Concerten ass Midwinter Melodies. De Christophe Mirkes huet sech mam Dirigent Thomas Gareau, deen de Chouer zanter 2021 leet, ënnerhalen a gefrot, firwat den Titel Wanterme…
…
continue reading
D’Aarbechtskultur, respektiv d’Aarbechtshygiène oder den Aarbechtsklima sinn haut wichteg an och sensibel Sujeten. Esou munch een deet sech schwéier tëschent Work-Life-Balance an Homeoffice seng tatsächlech Balance ze fannen. Do stellt sech da séier d’Gefill an, et wier een deen eenzegen, deen ëmmer um schaffe wier, iwwerdeems et sech déi aner gutt…
…
continue reading
Beckett am Schnellduerchlaf an op Däitsch - kann dat klappen? Brauch “Fin de partie” oder “Endgame”, hei eben “Endspiel”, net dat Laangt, déi Zäit, dat, wat een ier mécht, dat, wat d’Gedold strapazéiert? De Metteur en scène David Mouchtar-Samorai mengt Nee, kierzt d’Stéck op eng knapp Stonn a léisst zwou vun de véier Figuren der Schéier vun der Dra…
…
continue reading
Et ass eng Tâche, déi dem Profi Museker Benjamin Schäfer aus de Reie vun de Lëtzebuerger Philharmoniker vill Freed mécht. Bei där hie vun de Musekerinnen a Museker awer och d'selwecht vill verlaangt wéi am Profi-Orchester. Elo steet dann e weidere Concert um Programm, bei deem den Orchester vum Klarinettist Arthur Stockel, och Member bei de Lëtzebu…
…
continue reading
1
Filmkritik: "La Plus précieuse des marchandises"
10:38
10:38
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
10:38
Mat sengem Animatiounsfilm behandelt de Fransous Michel Hazanavicius d'Shoah a Form vun engem däischtere Märchen. Hei nach eng Kéier d'Diskussioun aus dem leschte Grousse Kino.Von radio 100,7
…
continue reading
“Christmas Carols” ass e Concert, deen d’Amis du Chant Luxembourg schonn zanter 1992 organiséieren. Um Programm steet englesch Chrëschtmusek an englescher Sprooch.Dëst Joer séngt de Chouer dee Concert direkt zweemol - eemol wéi gewinnt am Stater Conservatoire, an eemol an der Porkierch zu Mäerzeg. Op der Affiche steet dëst Joer awer och e weidere C…
…
continue reading
1
Autumn Sweater - Adult Life
10:26
10:26
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
10:26
De leschte Mëttwoch hunn Autumn Sweater an de Bouneweger Rotonden eng nei Plack presentéiert, si heescht “Adult Life”, an ass hir véiert Release zanter 2016. D’Plack ass mat 8 Titele knackeg kuerz, an zwee vun der Band sinn am Studio beim Marc Clement, de Christophe Demart, Sänger, an den Nicolas Pzeor, Gittarist.…
…
continue reading
Wat fir Museks- a Kultur-Evenementer bitt dës Schaffwoch? Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar an zielt Iech, wat op Iech zoukënnt.Von radio 100,7
…
continue reading
Bal iwwer dat ganzt lescht Joerhonnert gouf um Belval an der Gebléishal ënner anerem de Wand fir d’Héichiewe produzéiert. Elo, 27 Joer nodeems de Betrib agestallt gouf, läit d’Hal nach ëmmer brooch an hir Zukunft bleift ongewëss. De Centre National de la Culture Industrielle (CNCI) huet ee Plang ausgeschafft, wéi den Industrieris an Zukunft dem Qua…
…
continue reading
D'Kompositioun “Imbalance” vum 24 Joer jonke Komponist Félix Turrion Eichler gouf nach net viru Public gespillt. Dat ännert sech elo mat engem Concert vun de Solistes Européens, Luxembourg mam Dirigent Christophe König an der Dänzerin Sylvia Camarda. Bei engem Concert gëtt dëst Wierk nämlech uropgeféiert. D'Kompositioun ass dann och an Zesummenaarb…
…
continue reading
1
"Mir testen eis Bicher un eisen eegene Kanner"
13:57
13:57
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
13:57
D'Diane Orban an d'Myriam Karels hu rezent mat "Et rabbelt an der Broutgaass"(Editions Guy Binsfeld) schonn hiren zweete Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Kannerbuch gewonnen. Déi zwou Autorinne waren an der Wonnerbarer VaLibrairie op de Walfer Bicherdeeg invitéiert.Von radio 100,7
…
continue reading
Den Nicolas Clames huet zesummegedroen, wat Dir de Weekend kulturell kënnt ënnerhuelen, haut mat Concerten, Theater a Literatur.Von radio 100,7
…
continue reading
Eng Serie ëm den Antagonist aus dem Batman-Universum. Mir begleeden d'Figur beim Eropklammen an der krimineller Ënnerwelt vu Gotham City. De Simon Larosche huet d'Sendung gesinn a verréit eis méi.Von radio 100,7
…
continue reading
Als Dirigent huet de Pit Brosius vill Kontakt mat Neier Musek an huet ëmmer erëm a spannend Gespréicher mat Museker:innen. Am Podcast Hanner den Téin stellt hien dës perséinlech Diskussiounen an Anekdoten - déi normalerweis soss keen héiert - eemol de Mount an de Mëttelpunkt. Hie wëllt vu sengen Invitéë wëssen, wéi si d’Musek aus eiser Zäit gesinn,…
…
continue reading