Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.
…
continue reading
Lant déi nei Zort Gentechnik geschwënn op eisen Telleren? A passt déi nei EU-Agrar-Strategie och op Lëtzebuerg? Dat freet d'Christiane Kleer d'CSV-Landwirtschaftsministesch.Von radio 100,7
…
continue reading
D'ASTI geheit der Regierung vir net genuch géint Rassismus ze ënnerhuelen, an dat obschonn de Problem a ville Beräicher vun der Gesellschaft present wier. Wat fuerdert d'Associatioun konkret? Dat freet d'Christiane Kleer hiren Direkter.Von radio 100,7
…
continue reading
D'Directrice vun der Ecole nationale de santé (ENSA, ex-LTPS) iwwer d'Erausfuerderunge vun der Ausbildung an déi dréngend Noutwendegkeet, Leit fir d'Gesondheetsberuffer ze motivéieren.Von radio 100,7
…
continue reading
Wéi eng Conclusiounen zitt d'CSV-Sozialministesch aus der Pensiounsdebatt vu gëschter?Von radio 100,7
…
continue reading
Den Direkter vun der IGSS erkläert d'Projektiounen iwwer déi finanziell Ofsécherung vum Pensiounssystem, déi seng Verwaltung am Virfeld vun der Pensiounsdebatt gemaach huet.Von radio 100,7
…
continue reading
D'Cheemikerin vun der Uni Lëtzebuerg erkläert, wat sech hanner de sougenannte PFAS verstoppt a wat déi Éiwegkeets-Chemikalien esou geféierlech mécht.Von radio 100,7
…
continue reading
Wat geschitt mat den agefruerene russesche Verméigen? A wou soll d'Geld hierkommen, fir d'Investissementer an d'Verteidegung ze finanzéieren? Froen un de FinanzministerVon radio 100,7
…
continue reading

1
Laurent Braun a Max Molitor
18:27
18:27
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
18:27Mir froen de Generalsekretär vun der CSJ an de President vun de jonke Sozialisten, wat si am Pensiounsdebat vun hire Mammeparteien erwaarden.Von radio 100,7
…
continue reading
Mir froen d'Deputéiert vun déi gréng, wat d'Spezialkommissioun iwwer d'Caritas-Affär bis elo bruecht huet.Von radio 100,7
…
continue reading
Wéi wäert d'Luxemburger Wort sech an den nächste Jore weiderentwéckelen? Mir froen déi nei Chefredaktesch.Von radio 100,7
…
continue reading
Wéi realistesch ass et, datt d'Walgesetz wierklech geännert gëtt? Dat froe mir den CSV-Députéierten, den Institutiounekommissioun an der Chamber presidéiert.Von radio 100,7
…
continue reading
Mir blécke mat der Ombudsman zeréck op hiert Mandat, dat elo eriwwer ass, an no vir op hir nei Aufgab als Presidentin vun der HUT ASBL.Von radio 100,7
…
continue reading
Wéi geet et weider mam Stroumpräis? Wat plangt d'Regierung fir en an der Gidd ze halen? Froen un de Wirtschafts- an Energieminister.Von radio 100,7
…
continue reading
Wéi staark leiden d'Lëtzebuerger Autozouliwwerer ënner der Kris vun der Automobilbranche? Froen un de President vun der ILEA (Industrie Luxembourgeoise des Equipementiers de l'Automobile)Von radio 100,7
…
continue reading
Als eenzeg Partei an der Chamber huet d'ADR sech gëscht géint eng weider militäresch Ënnerstëtzung vun der Ukrain ausgeschwat. Froen un hire Fraktiounschef vum Maurice Molitor.Von radio 100,7
…
continue reading
Méi wéi 5 Millioune Passagéier, iwwer 800.000 Tonne Fracht: De Flughafe boomt. Wéi eng Erausfuerderunge waarden an der noer Zukunft? Froen un de Chef vu lux-Airport.Von radio 100,7
…
continue reading
Dee fréieren Ausseminister kommentéiert den Eclat am Wäissen Haus a beschreift d'Konsequenzen, déi doraus ze zéie sinn.Von radio 100,7
…
continue reading

1
Martine Deprez a Paulette Lenert
19:34
19:34
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
19:34Viru ronn fënnef Joer gouf deen éischte Covid-Fall hei am Land detektéiert. Mat der Gesondheetsministesch vun deemools an hirer Nofollgerin kucke mir zeréck an no vir: wat hu mir aus der Corona-Pandemie geléiert, och fir d'Zukunft? Moderatioun: Christiane KleerVon radio 100,7
…
continue reading
Den CSV-Deputéierten ass Rapporter vun engem Text, deen de Moment staark an der Kritik steet: de Projet fir een neit Naturschutzgesetz. A wéi wäit wäert de Remarke vun den Ëmweltorganisatioune elo Rechnung gedroe ginn? Dat freet d'Christiane Kleer dee jonke Politiker.Von radio 100,7
…
continue reading
Wat kann a wëllt déi Lëtzebuerger Lénk sech vun hiren däitsche Kolleegen ofkucken, fir och erëm méi Uklang beim Wieler ze fannen? Dat freet d'Christiane Kleer d'Co-Spriecherin vun der Partei.Von radio 100,7
…
continue reading
De fréiere President vun der Policegewerkschaft SNPGL geet elo mam OGBL - also net mat der CGFP - an d'Wale fir Staatsbeamtekammer. Wéi koum et zu där Decisioun a wat sinn d'Ambitioune vum pensionéierte Polizist? Moderatioun: Christiane KleerVon radio 100,7
…
continue reading
De Professer fir Politikwëssenschaft vun der Universitéit Tréier analyséiert d'Resultat vun der Bundestagswal.Von radio 100,7
…
continue reading
Den DP-Europadeputéierte kommentéiert eng Woch am Laf vun där d'Welt eng aner ginn ass.Von radio 100,7
…
continue reading
Froen un déi nei Directrice vum Nationalmusée, déi den 1. Januar d'Successioun vum Michel Polfer un der Spëtzt vum MNAHA iwwerholl huet.Von radio 100,7
…
continue reading
D'Tageblatt-Journalistin huet d'Nofolleg vum Petz Lahure un der Spëtzt vu Sportpress.lu, dem Verband vun de Lëtzebuerger Sportjournalisten, iwwerholl.Von radio 100,7
…
continue reading
Den Direkter vun der Gewerbeinspektioun (ITM) reagéiert op Kriticke vun Deeler vum Patronat un der Aarbecht vu senger Verwaltung.Von radio 100,7
…
continue reading
Den Earth Overshoot Day, den Aarbechtsprogramm vun der EU-Kommissioun an déi nei global Sécherheetsarchitektur sinn Theemen am Gespréich mat der grénger Europadeputéierter.Von radio 100,7
…
continue reading

1
Vanessa Schetgen a Joëlle Damé
15:36
15:36
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
15:36Déi zwou Enseignantsgewerkschaften SNE/CGFP an SEW/OGBL schloen zanter Méint Alarm, well d'Léierpersonal iwwerlaascht ass. Mir froe si, wat sech muss änneren.Von radio 100,7
…
continue reading
Droen dem ADR-Députéierten Tom Weidig wéinst senger queerfeindlecher Äusserung Konsequenzen an der Chamber? Mir froen de Parlamentspresident.Von radio 100,7
…
continue reading
Muss een d'Salariéë besser virum Klimawandel schützen? Doriwwer schwätze mir mam Direkter vun der Chambre des Salariés.Von radio 100,7
…
continue reading
Wéi eng Gesondheetspolitik erwaarden d'Doktere sech vun der Regierung? Mir froen deen neie President vun der Dokteschassociatioun AMMD.Von radio 100,7
…
continue reading
Mir froen d'Fraktiounscheffin vun déi gréng, firwat hir Partei sech fir méi bëllege Stroum asetzt.Von radio 100,7
…
continue reading
D'Co-Fondatrice a Presidentin vun der ASBL Jewish Call for Peace schwätzt iwwer Schwieregkeeten, déi ee begéint, wann een déi israeelesch Palästina-Politik kritiséiert.Von radio 100,7
…
continue reading
D'Aarbechte vun der Caritas-Spezialkommissioun an d'Ofdreiwungsgesetz sinn Theemen am Gespréich mat der Fraktiounspresidentin vun der LSAP.Von radio 100,7
…
continue reading
D'CSV-Buergermeeschtesch vu Conter äussert sech zu de Reprochë vu Mobbing an toxeschem Aarbechtsklima mat deene si an de leschte Méint konfrontéiert war.Von radio 100,7
…
continue reading
Wat géifen US-Stroftaxen op europäeschem Stol fir Arcelor Mittal Lëtzebuerg bedeiten? Ë. a. dat freet de Maurice Molitor den Henri Reding, Chef vun de Lëtzebuerger Aktivitéite beim Stolkonzern.Von radio 100,7
…
continue reading
De Maurice Molitor schwätzt mam Buergermeeschter vun Ettelbréck (LSAP) iwwer Sécherheets- a Verkéiersproblemer a senger Gemeng.Von radio 100,7
…
continue reading
De Brexit ass fënnef Joer al. Huet déi Lëtzebuerger Finanzplaz dovu profitéiert? Dat freet d'Christiane Kleer de Generaldirekter vun der Promotiounsagence Luxembourg for Finance.Von radio 100,7
…
continue reading
Mat wéi enge Fuerderungen ass d'CGFP an d'Verhandlunge fir den neien Accord salarial gaangen, a firwat krut si sech net méi duerchgesat? Dat freet d'Christiane Kleer de Generalsekretär vun der Staatsbeamtegewerkschaft.Von radio 100,7
…
continue reading
Wéi kann eng nohalteg Liewensmëttelproduktioun ausgesinn, déi all d'Acteuren un een Dësch bréngt? Déi Fro stellt d'Institut fir biologesch Landwirtschaft IBLA a lancéiert een entspriechende Projet. Froen un hir Direktesch.Von radio 100,7
…
continue reading
Mam Generaldirekter vun der CFL schwätzt d'Christiane Kleer iwwer déi grouss Projeten, déi d'Eisebunnsgesellschaft sech virgeholl huet, an iwwer d'Ambitioun, den Erwaardunge vum Client gerecht ze ginn.Von radio 100,7
…
continue reading
Fiert d'CSV-DP-Koalitioun a Saachen d'Asylpolitik eng méi haart Linn wéi déi viregt Regierung? Dat freet d'Christiane Kleer de spezialiséierten Affekot a Member vum Flüchtlingsrot.Von radio 100,7
…
continue reading
D'Procureure générale d'État geet den 1. Februar a Pensioun. Am 100,7-Interview schwätzt si iwwer Personal- a Plazmanktem, laang Delaien, Retarde bei der Digitalisatioun an aner Suerge vun der Justiz.Von radio 100,7
…
continue reading
Aus Protest géint d'Flüchtlingspolitik vun der Regierung huet d'Marianne Donven, déi sech zënter ville Jore mat Initiative wéi der ASBL "En oppent Haus" oder de Chiche-Restaurante fir Flüchtlingen asetzt, beim Staat gekënnegt. Am Gespréich mam Maurice Molitor erkläert si hir Roserei.Von radio 100,7
…
continue reading
Den LSAP-Europadeputéierte reagéiert op d'Untrëttsried vum Donald Trump a kommentéiert déi juristesch Ausenanersetzung iwwer déi europäesch Mindestloundirektiv.Von radio 100,7
…
continue reading
Den DP-Deputéierten a President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun kommentéiert d'Untrëttsried vum Donald Trump an d'Wafferou am Noen Osten.Von radio 100,7
…
continue reading
Den Ex-Minister an -Deputéierten an aktuelle Member vum Staatsrot iwwer säi Buch "“Le Luxembourg, son régime politique et ses institutions”Von radio 100,7
…
continue reading
25 Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft hunn sech an enger neier Plattform zesumme gedoen. Wat wëllen se domat areechen?Von radio 100,7
…
continue reading
Zu Lëtzebuerg gi méi dacks Kanner an Heemer placéiert, wéi an aneren europäesche Länner. Firwat ass dat esou? mir froen d'Direktesch vum Service national de l'enfance.Von radio 100,7
…
continue reading
De Premier huet d'Gewerkschaften op eng "Sozialronn" invitéiert. Geet dat duer fir d'Gemidder ze berouegen? Mir froen den LCGB-President.Von radio 100,7
…
continue reading