Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.
…
continue reading
Do wou si untrëtt kann ee mat engem Succès rechnen: esou liesen sech jiddefalls d’Walresultater vun der Liz Braz. Déi jonk Politikerin vun Esch huet d’lescht Joer aus dem Stand fir d’LSAP ee Mandat bei de Gemengewale kritt an e puer Méint méi spéit och eent an der Chamber. Bei den Europawale virun zwou Woche gouf si Zweet op der LSAP-Lëscht virun e…
…
continue reading
Am Gespréich mam Maurice Molitor kritiséiert d’Presidentin vum LSAP-Gemengeforum a Buergermeeschtesch vu Suessem eng geplangten Ännerung vum kommunale Finanzéierungsschlëssel, bei där eng Majoritéit vu Gemenge méi schlecht ewechkéim.Von radio 100,7
…
continue reading
De Grand-Duc iwwerdréit dem Ierfgroussherzog d'Lieutenance: wat seet déi nei Constitutioun? De Verfassungsrechtler vun der uni.lu äntwert op Froe vum Maurice Molitor.Von radio 100,7
…
continue reading
Manner Paperassen a manner Zäitverloscht bei administrativen Demarchen: Et klengt no enger villverspriechender Zukunftsvisioun. Mee kann dee Once only-Prinzip a senger Ëmsetzung den Erwaardungen och gerecht ginn? Dorëms geet am Interview vum Christiane Kleer mat der Ministesch fir Digitalisatioun.Von radio 100,7
…
continue reading
Mir froen den Inneminister, wéi hien d'Gemenge wëllt fit maache fir déi geplangte Prozedurevereinfachung am Bausecteur ëmzesetzen, wéi et mat de Policekontrollen op der Grenz mat Däitschland weidergeet, an ob hie mengt, datt déi vill Kriticken an de leschte Méint him geschuet hunn. Duerch d'Gespréich féiert d'Christiane Kleer.…
…
continue reading
Ëmmer méi Leit bekloe sech beim Ombudsman, well si vun enger staatlecher Verwaltung, enger Gemeng oder och engem Etablissement public net adäquat behandelt goufen. D’Claudia Monti an hir Ekipp waren d’lescht Joer mat enger Rekordzuel u Reklamatioune befaasst. Gëtt den Déngscht um Bierger ëmmer méi schlecht oder ass d’Ombudsman souzesoen Affer vun h…
…
continue reading
Am Gespréich mam Maurice Molitor reagéiert de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP op dem Premier seng Ukënnegungen am Etat de la Nation.Von radio 100,7
…
continue reading
De Maurice Molitor schwätzt mam Politolog vun der uni.lu iwwer d’Neiwalen a Frankräich an d’Resultater vun 2024er (Lëtzebuerger) POLINDEX-Étude.Von radio 100,7
…
continue reading
Déi gréng Reaktioun op den Etat de la Nation. D'Deputéiert Sam Tanson äntwert op Froe vum Maurice Molitor.Von radio 100,7
…
continue reading
Debriefing vun den Europawalen an Explikatiounen zum État de la Nation: Froe vum Maurice Molitor un den CSV-StaatsministerVon radio 100,7
…
continue reading
Wéi geet et virun no den Europawalen? Froe vum Maurice Molitor un de fréieren AusseministerVon radio 100,7
…
continue reading
1
Déi grouss Table ronde no den Europawalen
22:10
22:10
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
22:10
Am Studio sinn de Marc Angel (LSAP), de Charel Goerens (DP), de Christophe Hansen (CSV), de Fernand Kartheiser (ADR) an d'Tilly Metz (déi gréng). Moderatioun: Christiane KleerVon radio 100,7
…
continue reading
1
Europawalen: Wouhi muss déi europäesch Klimapolitik elo steieren?
29:10
29:10
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
29:10
Iwwerschwemmungen, Bëschbränn, ze héich Mierestemperaturen - d’Konsequenze vun der Äerderwiermung maache sech iwwerall an Europa bemierkbar. Wéi soll d'EU de Klimawandel nach an de Grëff kréien?Dat freet d'Christiane Kleer d'Martine Kemp vun der CSV, den André Marques vun déi Lénk, d'Nadine Do Carmo vun der Piratepartei an d'Tilly Metz vun déi grén…
…
continue reading
An Zukunft brauch een 1.000 Ënnerschrëften méi, fir datt an der Chamber iwwer eng Petitioun diskutéiert gëtt. Mee firwat? Dat freet de Rick Mertens d’Presidentin vun der zoustänneger Kommissioun.Von radio 100,7
…
continue reading
Wéi eng Roll huet d’Klimapolitik an der Campagne fir d’Europawale gespillt? A wéi eng Klimapolitik bräicht et an der EU? De Rick Mertens freet de Generalsekretär vum Europäeschen Ëmweltverband EEB.Von radio 100,7
…
continue reading
1
Marie-Agnes Strack-Zimmermann
14:34
14:34
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
14:34
An Däitschland ass déi europäesch Spëtzekandidatin vun de Liberalen eng vun de bekannste Politikerinnen. Wat wëllt si elo am Europaparlament areechen? Déi Fro stellt de Rick Mertens der FDP-Politikerin.Von radio 100,7
…
continue reading
An den éischte Woche vum Europawalkampf gouf de sozialistesche Spëtzekandidat als ze zam kritiséiert. De Rick Mertens freet hien, wéi zefridden hie selwer mat senger Campagne ass.Von radio 100,7
…
continue reading
1
Danielle Filbig, Fernand Kartheiser, Athanase Popov a Joe Thein
27:57
27:57
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
27:57
Diskussiounsronn zum Theema Migratioun am Virfeld vun den Europawalen, mat Vertrieder vun LSAP, ADR, d’Bréck an déi Konservativ. Moderatioun: Maurice MolitorVon radio 100,7
…
continue reading
De Maurice Molitor schwätzt mam CEO vun der ABBL iwwer d’Clôture vu Konte bei der ING an iwwer déi nei SPV-Initiativ vum Bankesecteur fir dem Wunnengsbau nees op d’Been ze hëllefen.Von radio 100,7
…
continue reading
D’Ëmfroe soen de Gréngen a ville Länner grouss Verloschter bei den Europawale viraus. Ass den Negativtrend nach ze stoppen? De Rick Mertens freet déi europawäit Spëtzekandidatin.Von radio 100,7
…
continue reading
Mam neie Generaldirekter vun der Police schwätzt de Maurice Molitor ë. a. iwwer lokal Police-Unitéiten a massiv Rekrutementer, iwwer Equipementer an Digitalisatioun.Von radio 100,7
…
continue reading
1
Conny Jaroni, Patrick Lamesch an Ali Ruckert
21:36
21:36
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
21:36
Am Virfeld vun den Europawalen: eng Ronn mat Vertrieder vun dräi klenge Parteien, déi keng Aussiicht op e Sëtz hunn: VOLT, déi Konservativ a KPL. Moderatioun: Maurice MolitorVon radio 100,7
…
continue reading
1
Debat: Wéi eng Verdeedegungspolitik brauch d’EU?
24:44
24:44
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
24:44
Iwwer déi Fro diskutéiert de Rick Mertens en Vue vun den Europawalen mat Vertrieder vun DP, déi Lénk, Fokus a Mir d’Vollék.Von radio 100,7
…
continue reading
Bei den Europawale gëtt mat engem Opschwong fir déi radikal riets Parteie gerechent. Firwat ass dat esou? Dat freet de Rick Mertens d’Politologin vun der Uni Tréier.Von radio 100,7
…
continue reading
Lëtzebuerg ass e räicht Land, an awer ass bal all véiert Kand vum Aarmutsrisiko betraff. Firwat kréie mir dat net an de Grëff? Dat freet de Rick Mertens d'Invitée, déi de soziale Secteur am Land gutt kennt.Von radio 100,7
…
continue reading
Bis 2030 wëllt Nidderaanwen klimaneutral sinn. Klengt gutt, mee wat heescht dat genee? A wéi steet den CSV-Buergermeeschter zur Klimapolitik vu senger Partei? Dat freet d'Christiane Kleer de Fred Ternes.Von radio 100,7
…
continue reading
1
Fabricio Costa, Charles Goerens, Christophe Hansen an Alexandra Schoos
26:36
26:36
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
26:36
Diskussiounsronn am Virfeld vun den Europawalen, mat Vertrieder vun déi gréng, DP, CSV an ADR. Theema: Landwirtschaft. Moderatioun: Maurice MolitorVon radio 100,7
…
continue reading
Den éisträichesche Kommunist ass bei den Europawalen de Spëtzekandidat vun der Partei vun der europäescher Lénker, zu där och déi Lénk vu Lëtzebuerg gehéieren. Hien äntwert op Froe vum Maurice Molitor.Von radio 100,7
…
continue reading
De Maurice Molitor schwätzt mam President vum FC Déifferdeng 03 iwwer den 1. Championstitel an der Geschicht vum Veräin, dee virun 21 Joer aus der Fusioun vu Red Boys an AS Déifferdeng ervirgaangen ass.Von radio 100,7
…
continue reading
De Maurice Molitor schwätzt mat der CSV-Justizministesch ënner anerem iwwer d’Stéchwierder Heescherei, Jugendprisong a Comparution immédiate.Von radio 100,7
…
continue reading
Et gëtt ëmmer méi Wëld am Bësch - an dat deet deem net gutt. Wiisst dowéinst d'Unerkennung vun der Juegd a wéi eng Fuerderungen entstinn doraus? Dat freet d'Christiane Kleer de Vize-President vun der Jeeërfederatioun.Von radio 100,7
…
continue reading
1
Invité vum Dag: Markus Beyrer
15:22
15:22
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
15:22
Déi europäesch Wirtschaft erlieft de Moment keng ganz einfach Zäiten. D'Konkurrenten USA a China leien a Saache Wuesstem e gutt Stéck vir, gläichzäiteg suerge geopolitesch Tensioune fir Stress an d'Transitioun a Richtung gréng Zukunft erfuerdert vun enger Partie Entreprisë vill Efforten. D'Lobbyorganisatioun BusinessEurope fuerdert dofir, datt an d…
…
continue reading
Sinn d’Lëtzebuerger Gemenge gutt genuch géint Cyberattacke geschützt? Dat freet de Rick Mertens de President vum Gemengeverband Syvicol.Von radio 100,7
…
continue reading
1
Anne Winter (Fokus), Peter Freitag (Mir d'Vollék) & Athanase Popov (d'Bréck)
27:16
27:16
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
27:16
Fir den 9. Juni ee vun de sechs Lëtzebuerger Sëtz ze kréie muss een op mannst op 10 Prozent vun de Stëmme kommen. Wéi geet et an de Walkampf wann ee weess, datt dat Zil net erreeche wäert sinn? Dat freet d'Christiane Kleer d'Ronn.Von radio 100,7
…
continue reading
Am Interview mam Maurice Molitor schwätzt de Generaldirekter vun der Philharmonie ë.a. iwwer de Concertsprogramm vun der Saison 2024/25, den Ausbau vum Gebai an d’Sich no engem neie Chefdirigent fir d’Lëtzebuerger Philharmoniker.Von radio 100,7
…
continue reading
D’Sozialwale sinn eriwwer, mee d’Theme bleiwen: de Maurice Molitor schwätzt mam LCGB-President iwwer déi zentral Punkten aus senger 1. Mee-Ried.Von radio 100,7
…
continue reading
Am Kontext vun der Portugal-Expo am Musée: Erënnerungen un d’Ufäng vun der portugisescher Immigratioun hei am Land. De Maurice Molitor schwätzt mam Serge Kollwelter, deen als Schoulmeeschter a Scoutechef direkt enk Liene mat där neier Communautéit opgebaut huet.Von radio 100,7
…
continue reading
De Lëtzebuerger Journalist zeechent a sengem aktuelle Buch een düstert Bild vun der Press vun haut. Wat ass senger Meenung no schif gelaf a war fréier wierklech alles besser? Dat freet d'Christiane Kleer hien.Von radio 100,7
…
continue reading
D’Lëtzebuerger Banken hunn d’lescht Joer e Rekordgewënn gemaach. Mee hunn d’Clienten och eppes dovun? De Rick Mertens freet den neie President vun der Bankenassociatioun ABBL.Von radio 100,7
…
continue reading
Déi obligatoresch Bedenkzäit virun enger Ofdreiwung gëtt ofgeschaaft. Misst ee soss nach eppes um Ofdreiwungs-Gesetz änneren? Dat freet de Rick Mertens d’Presidentin vum Planning Familial.Von radio 100,7
…
continue reading
Als Oppositiounspartei wäert d’LSAP dës Woch natierlech géint der Regierung hire Staatsbudget stëmmen. Mee wat hätten d’Sozialisten anescht gemaach? De Rick Mertens freet hir Fraktiounscheffin.Von radio 100,7
…
continue reading
A ronn 10 Joer sollen all Dag eng 200.000 Leit mam Tram fueren. Am Kär vun der Stad wäert et bis dohin awer bei just enger Linn bleiwen. Obwuel Luxtram den Tronçon duerch d'Neipuertsgaass virdrun als wichteg agestuuft huet, ass déi Optioun elo mol vum Dësch. Firwat? Dat freet d'Christiane Kleer den designéierte Generaldirekter vu Luxtram.…
…
continue reading
D’Christiane Kleer schwätzt mat hir iwwer hir Ambitiounen, mee och iwwer een Thema, bei deem grad déi jonk Demokraten net op enger Linn leie mat der Mammepartei, nämlech d’Atomkraaft.Von radio 100,7
…
continue reading
De Maurice Molitor schwätzt mat där grénger Europadeputéierter, déi hir Aarbecht am Europaparlament gär no de Wale vum 9. Juni viruféiere géif.Von radio 100,7
…
continue reading
Greenpeace presentéiert haut e Rapport, deen zu der Conclusioun kënnt, dass d'Lafzäit vun de Reaktere vu Cattenom u sech no 40 Joer net méi däerft verlängert ginn. De Roger Spautz vun der Ëmweltorganisatioun gëtt Explikatiounen dozou am Gespréich mam Maurice Molitor.Von radio 100,7
…
continue reading
Froe vum Maurice Molitor un d'Co-Spëtzekandidatin op der LSAP-Lëscht fir d'EuropawalenVon radio 100,7
…
continue reading
Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher (OKaJu) huet sech a sengem Joresrapport 2023 besonnesch fir déi pediatresch Gesondheetsversuergung zu Lëtzebuerg interesséiert. De Maurice Molitor schwätzt mam Charel Schmit iwwer seng Conclusiounen.Von radio 100,7
…
continue reading
Am Gespréich mam Maurice Molitor erkläert de Vertrieder vun der Lëtzebuerger ONG "Le Soleil dans la Main" am Burkina Faso, firwat een d'Länner aus der Sahelzon trotz politescher Instabilitéit weider begleede sollt.Von radio 100,7
…
continue reading
De Projet fir de Staatsbudget 2024 soll de 25. Abrëll an der Chamber gestëmmt ginn. Am Virfeld dovu schwätzt de Serge Kesseler mam President vum Conseil National des Finances Publiques, mam Romain Bausch: dat iwwer den Zoustand vun de Staatsfinanzen an iwwer déi geplangten nei EU-Scholdereegelen.Von radio 100,7
…
continue reading