Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.
…
continue reading
Mam CSV-Ëmweltminister schwätze mir iwwer d'Resultater vun der COP16 an d'Biodiversitéit hei am Land.Von radio 100,7
…
continue reading
D'Fedas wëllt sech an Zukunft méi politesch äusseren. Probéiert d'Federatioun vun de sozialen Acteuren d'Caritas esou ze ersetzen? Mir froen hire Generalsekretär.Von radio 100,7
…
continue reading
D'Liwwerplattform Goosty ass faillite. Wéi vill leiden d'Restauranten dodrënner? Mir froen de Generalsekretär vun der Horesca.Von radio 100,7
…
continue reading
Mir froen de President vun der CGFP, wéi eng Roll d'Staatsbeamtegewerkschaft am Debat ëm d'Pensioune wëllt spillen.Von radio 100,7
…
continue reading
De Klimatolog vum LIST huet gehollef eng detailléiert Klimakaart vun de Südgemengen auszeschaffen. Wat verréit déi Kaart eis?Von radio 100,7
…
continue reading
D'Tariffer fir d'Stroumnetz gi vum 1. Januar un anescht berechent. Mir froen d'Direktesch vun der CREOS, op de Stroum doduerch méi déier gëtt.Von radio 100,7
…
continue reading
1
Kimon Leners a Gianni Di Paoli
10:58
10:58
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
10:58
Wéi positionéieren d'Studenten a Studentinne sech an der Rentendebatt? Dat froe mir déi zwee Vertrieder vum Studentenverband ACEL.Von radio 100,7
…
continue reading
Mir froen déi gréng Deputéiert ënnert anerem, ob hir Partei eng Pensiounsreform fir néideg hält.Von radio 100,7
…
continue reading
Zënter 25 Joer gëtt et eng Fleegeversécherung hei am Land: D'Directrice kuckt zréck an erkläert.Von radio 100,7
…
continue reading
Froe vum Maurice Molitor un de neien Direkter vum STATEC, deen an e puer Deeg d'Nofolleg vum Serge Allegrezza iwwerhëlt.Von radio 100,7
…
continue reading
Wéi kommentéiert den CSV-Fraktiounschef d'Tensiounen tëscht dem Aarbechtsminister Georges Mischo an de Gewerkschaften?Von radio 100,7
…
continue reading
Nom Zodi aus de leschte Méint huet den Direkter vum Lycée Josy Barthel zu Mamer ugekënnegt, keen 3. Mandat un der Spëtzt vun der Schoul unzestriewen.Von radio 100,7
…
continue reading
Am Gespréich mam Maurice Molitor reagéiert den Aarbechtsminister op d'Kriticke vun de Gewerkschaften u senger Persoun, senger Aart a Weis a senge Projeten.Von radio 100,7
…
continue reading
De franséischen Ekonomist vertrëtt déi fir Leit vu sengem Fach iwwerraschend Thes, dass eis Wirtschaft éischter gebremst gi misst wéi dass se ëmmer weider wuesse soll.Von radio 100,7
…
continue reading
Froe vum Maurice Molitor un déi nei Co-Presidentin vun déi gréngVon radio 100,7
…
continue reading
De Liewensstandard geet erop, an trotzdeem ass den Impakt vun de Logementspräisser zu Lëtzebuerg am Verglach mat der Groussregioun am héchsten. Firwat? Dat freet d'Christiane Kleer d'Chercheuse vum Observatoire de l'habitat.Von radio 100,7
…
continue reading
D'Christiane Kleer befreet de Finanzminister iwwer säi Budgetsprojet fir 2025.Von radio 100,7
…
continue reading
Déi fréier Spëtzesportlerin ass viru genee engem Joer an d'Chamber gewielt ginn a presidéiert elo d'Familljekommissioun. D'Christiane Kleer schwätzt mat hir iwwer éischt Schrëtt an der Politik an hir familljepolitesch Prioritéiten.Von radio 100,7
…
continue reading
1
Grand-Duc Henri & Prënz Guillaume: den Interview (1)
11:32
11:32
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
11:32
Extraiten aus dem Gespréich mam Staatschef a sengem zukünftege Stellvertrieder. Themen: d'Lieutenance, d'Haus zu Kolmer-Bierg an d'Reorganisatioun vun der Maison du Grand-Duc.Von radio 100,7
…
continue reading
Am Noen Osten ass och ee Joer no der Attack vun der Hamas op Israel keng Konfliktléisung a Siicht - trotz ville Beméiungen op diplomateschem Niveau. Wéi kann dat sinn a wat ka Lëtzebuerg iwwerhaapt maachen, fir de Flächebrand wierklech ze verhënneren? Dat freet d'Christiane Kleer den Ausseminister.Von radio 100,7
…
continue reading
D'Enseignants-Gewerkschaft SNE seet, d'Inklusioun an de Schoule géif net funktionéieren. Wat muss sech änneren? Mir froen den SNE-President.Von radio 100,7
…
continue reading
Am Gespréich mam Maurice Molitor kuckt den Direkter vum Nationalmusée, deen Enn des Joers a Pensioun geet, zeréck op seng 19 Joer un der Spëtzt vum MNAHA, dem Musée national d'archéologie, d'histoire et d'art.Von radio 100,7
…
continue reading
Am Gespréich mam Maurice Molitor erkläert den Direkter vun der Akerbauschoul seng ADR-kritesch Haltung a wiert sech géint d'Reprochen, déi him dowéinst gemaach ginn.Von radio 100,7
…
continue reading
D'Presidentin vum Policesyndikat SNPGL huet weder um neie Minister, nach um neie Generaldirekter vun der Police vill auszesetzen. De Maurice Molitor schwätzt deemno mat enger zefriddener Gewerkschaftlerin.Von radio 100,7
…
continue reading
De Maurice Molitor ënnerhält sech mam Direkter vum Comité Nationale de Défense Sociale (CNDS) iwwer 20 (+1) Joer Abrigado an d'Konsequenze vun der Caritas-Affär fir de soziale Secteur.Von radio 100,7
…
continue reading
Mam Zentralsekretär vum OGBL Smail Suljic schwätzt de Rick Mertens iwwer de Sozialkonflikt bei der neier ASBL HUT.Von radio 100,7
…
continue reading
Riskéiert d'Caritas-Affär e Schied iwwer dem Poopst seng Visitt zu Lëtzebuerg ze werfen? Mir froen de Weibëschof.Von radio 100,7
…
continue reading
Mat der Direktesch vum Institut national des langues schwätze mir ënner anerem iwwer déi nei Russeschcoursen.Von radio 100,7
…
continue reading
Wéi geet et nom zolitten interne Sträit virun an der Piratepartei? De Rick Mertens freet de Piratendeputéierte Marc Goergen.Von radio 100,7
…
continue reading
Wéi vill Plaz huet d'Uni Lëtzebuerg nach fir nei Studenten? Dat froe mir de Rekter eng Woch nodeems hie fir d'Rentrée eng 1.500 nei Studente begréisst huet.Von radio 100,7
…
continue reading
D'Sozialministesch wëll am Hierscht eng breet Diskussioun iwwer de Pensiounssystem lancéieren. Wéi stellt si sech deen Debat vir? Ëm déi Fro dréit dem Maurice Molitor säin Interview.Von radio 100,7
…
continue reading
De Maurice Molitor schwätzt mam Inneminister iwwer d'Grenzkontrollen an Däitschland, d'Sécherheet am Land an déi lokal Police-Unitéiten an der Stad an zu Esch.Von radio 100,7
…
continue reading
De Maurice Molitor schwätzt mam Chef vun der internationaler Kooperatioun bei der Caritas Lëtzebuerg iwwer d'Enn vu sengem Service an d'(Net-)Zukunft vun de verschiddene Projeten.Von radio 100,7
…
continue reading
Am Gespréich mam Maurice Molitor kuckt den Direkter vum STATEC zeréck op seng méi wéi 21 Joer un der Spëtzt vum Institut national de la statistique et des études économiques.Von radio 100,7
…
continue reading
1
Lynn Beining a Marco Suman
11:20
11:20
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
11:20
An der Réimecher Schoul ginn et iwwerduerchschnëttlech vill ënnerschiddlech Profiller a Besoinen bei de Schüler. Mat der Schoulpresidentin an dem Regionaldirekter schwätzt schwätzt d'Christiane Kleer iwwer d'Erausfuerderungen déi doraus entstinn.Von radio 100,7
…
continue reading
Am Gespréich mam Maurice Molitor erkläert de Professer vun der uni.lu, firwat grénge Waasserstoff déi ideal Energie ass fir eis Versuergung ofzesécheren ouni dem Klima ze schueden.Von radio 100,7
…
continue reading
1
Charlotte Wirth a Misch Pautsch
16:06
16:06
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
16:06
D’Investigativjournalistin an de President vum Journalisteverband ALJP erklären, firwat si juristesch géint de Refus vum Inneministère virginn, dee verschidden Dokumenter net erausgi wëllt.Von radio 100,7
…
continue reading
Am Gespréich mam Maurice Molitor schwätzt de CEO vu Luxport iwwer d’Situatioun vum Mäerterter Hafen an d’Opportunitéite vun der Banneschëfffaart.Von radio 100,7
…
continue reading
Wéi reagéiert d’ADR op dee vill kritiséierte Facebook-Commentaire vun hirem Member Alain Hoffmann? Ënner anerem dozou ginn et Explikatioune vun der Parteipresidentin am Interview beim Maurice Molitor.Von radio 100,7
…
continue reading
Am Norde vum Land gëtt et nach keng Offer fir de Substitutiounsprogramm, deen am Drogen-Aktiounsplang vun der Regierung virgesinn ass - dorop huet reporter.lu d’lescht Woch an engem Artikel opmierksam gemaach. D’Jugend- an Drogenhëllef, déi de Projet geréiert, fënnt do nämlech kee Gebai a kritt och vun der Politik kaum gehollef.Wéi soll et elo weid…
…
continue reading
D’CMCM huet turbulent Méint hanner sech. De Maurice Molitor freet hire President, ob d’Situatioun sech berouegt huet.Von radio 100,7
…
continue reading
Als Konsequenz aus der Caritas-Affär verlaangt den LSAP-Deputéierte méi streng Kontrolle vu karitativen Organisatiounen. Hien erkläert seng Fuerderung am Gespréich mam Maurice Molitor.Von radio 100,7
…
continue reading
Zanter dem leschte Joer rembourséiert d’CNS och Psychotherapien. Kréien elo all d’Patienten an d'Patientinnen déi Versuergung, déi si brauchen? De Rick Mertens freet d’Presidentin vun der Psychotherapeuten-Federatioun.Von radio 100,7
…
continue reading
D’Presidentin vun der Association luxembourgeoise des médecins en voie de spécialisation (ALMEVS) schwätzt iwwer déi schlecht Aarbechtskonditioune vun den zukünftegen Dokteren.Von radio 100,7
…
continue reading
Mam CSV-Schäffe schwätzt d'Paule Rodesch iwwer den Zoustand vum Stater Commerce, iwwer d'Braderie an iwwer d'Sécherheet an der Stad.Von radio 100,7
…
continue reading
Iwwer méiglech Entschiedegunge fir Fluchpassagéier wéinst dem Lach ee Mëttwoch an der Pist um Findel schwätzt de Serge Kesseler mat der Konsumenteschutzministerin. D’Martine Hansen ass och Landwirtschaftsministerin: an där Funktioun stelle mir hir Froen iwwer d’Entwécklunge bei der Blozongekrankheet an iwwer ugekënnegt Verbesserunge bei den Déierep…
…
continue reading
Hien ass zanter dem leschten Hierscht eent vun den neie Gesiichter um Krautmaart: op der DP-Südlëscht war deen éischte Schäffen aus der Gemeng Dippech direkt an d’Chamber gewielt ginn. Wéi zefridden ass de Biobauer a fréiere President vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbauere bis elo mat senger Aarbecht um Krautmaart? Ë. a. dat freet de Serge Ke…
…
continue reading
Mat der Presidentin vum Stater Geschäftsverband schwätzt d'Maxi Pesch iwwer déi evolutiv Roll vun der traditioneller Braderie zu Lëtzebuerg. Wéi huet d'Evenement sech iwwer d'Joren entwéckelt a wéi gräifen déi nei Sécherheetsmesuren op der Gare?Von radio 100,7
…
continue reading
Mam President vun der Landwirtschaftskammer schwätzt d'Paule Rodesch iwwer de Karschnatz, d'Blozongekrankheet an Nitratwäerter.Von radio 100,7
…
continue reading
Si lieft selwer mat enger Beanträchtegung a mécht sech elo un der Spëtzt vum Centre d’Egalité de Traitement géint Diskriminatioun staark. Wat sinn do hir Prioritéiten? Dat freet d’Françoise Keller d’Presidentin vum CET.Von radio 100,7
…
continue reading