Taste Radio öffentlich
[search 0]
Mehr
Download the App!
show episodes
 
Loading …
show series
 
D’Harf ass e ganz duusst, rouegt a langweilegt Instrument, dat dacks just da genotzt gëtt, wann et drëm geet, datt d’Musek eng verdreemte Stëmmung kritt. Mee stëmmt dat? “Nee”, seet d’Catherine Beynon. Fir déi verschidde Facettë vun hirem Instrument ze weisen, trëtt d’Harfenistin vun de Lëtzebuerger Philharmoniker e Sonndeg um 11 Auer am Kammermuse…
  continue reading
 
Deen 18. Roman vum Jean Echenoz ass, wéi vum Auteur gewinnt, verspillt, ironesch a verdaamt gutt geschriwwen. Hei geet et ëm ee mëttelméissege Cineast, deen en Abenteurfilm an Afrika soll dréien an dobäi eng onbekannt Schauspillerin muss casten, an déi hie sech och nach verkuckt. Wat et mam Mann op sech huet, deen direkt am éischte Saz plakeg aus e…
  continue reading
 
Mat kaum eppes kann ee Museker:innen op Tour esou vill Freed maachen, wéi mat engem anstännegen Iesse virum oder nom Concert. Dat entschiedegt fir dat gefillt dausendste Bréitche vun der Tankstell, dat een an der Hetz am Van iesse muss. A well den zwee Auteuren Alex Bleeker a Luke Pyenson d'Musek genee esou um Häerz läit wéi de gudde Kascht, hu si …
  continue reading
 
Haut den Owend (6.3.) start déi 15. Oplag vum LuxFilmFest mam Erëffnungsfilm "Hot Milk" mat der Vicky Krieps, deen och op der Berlinale gelaf ass an do eidel ausgoung. Mir lauschteren nach eemol d'Gespréich, dat de Michel Delage mam Programmdirekter Alexis Juncosa geféiert huet an an deem den Alexis Juncosa ënner anerem erkläert, wat ee sech dëst J…
  continue reading
 
D'Ana Maria Tzekov, huet zanter Abrëll 2024 d'kënschtleresch Leedung vum CAPE iwwerholl. Am Gespréich mam Marie Trussart erzielt si, wéi een et trotz der héijer Verantwortung packt, eng gutt Work-Life Balance ze halen, wéi hir Erfarungen an der Wiener Volksoper an an der Philharmonie zu Lëtzebuerg hir Visioun fir de CAPE präägt. Si erkläert wouraus…
  continue reading
 
De Conseil d’Administration vu Musek am Syrdall huet haut op der Websäit vun der ASBL matgedeelt, datt dëst Joer déi lescht Editioun vum Festival stattfënnt. De Grond wier eng positiv Entwécklung vun der Lëtzebuerger Kuturzeen, déi sech “largement profesionnalisée et diversifiée” hätt. Domat wier de Festival, deen 1988 gegrënnt gouf, hautzedaags ne…
  continue reading
 
D’Lëtzebuerger BD huet sech an de leschte Joerzéngten immens moderniséiert. Bei den Auteuren ass Geschicht nach ëmmer ee ganz beléiften Theema. Wisou dat esou ass, a wéi Geschichts-BDen zustane kommen, dat konnt ee Mëtt Februar op enger Diskussiounsronn am CNL gewuer ginn. D’Claire Barthelemy war fir eis op Miersch kucken.…
  continue reading
 
Et ass just en Ufank vun enger 6-deeleger Serie. D'Protagonistin an der éischter Oper ass d'Amelia Earhart. Als Fra huet si vill Rekorder opgestallt. Ënner anerem ass si als éischt Pilotin eleng iwwer den Atlantik geflunn. D'Lëtzebuerger Komponistin Albena Petrovic huet dës Liewensgeschicht an engem Monodrama verschafft, eng Kammeroper mat nëmmen e…
  continue reading
 
De brasilianesche Polit-Drama "I'm Still Here" gouf hënt mam Oscar fir dee beschten internationale Film ausgezeechent. Bei eis leeft de Film zënter der leschter Woch am Kino. De Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi haten "I'm Still Here" de leschte Samschdeg am Grousse Kino beschwat.Von radio 100,7
  continue reading
 
Ausser datt seng Mamm op der Lëtzebuerger Ambassade zu Wien schafft, hat de Lukas Sternath bis elo keng Relatioun mat Lëtzebuerg. Nach ewell gouf de Pianist gemeinsam vum Musikverein Wien, dem Konzerthaus Wien an der Philharmonie fir d’Serie Rising Stars nominéiert. Muer Dënschdeg, 4. Mäerz, feiert de Lukas Sternath an dëser Concertsrei säin Debut …
  continue reading
 
No "Mettre au Monde" - ee Stéck iwwer Leihmutterschaft - brécht d’Realisatrice Renelde Pierlot mat engem weideren Tabou-Sujet a proposéiert mat "Les jours de la lune" ee Stéck iwwer Menstruatioun. "Pas le sujet le plus vendeur qui soit", seet eng Figur um Ufank vum Stéck. An awer - oder eebe grad - ass et een Theema, dat jiddweree betrëfft. "Les jo…
  continue reading
 
Zwee Pianisten, zwee Pianoen a ganz vill Improvisatioun erwaarden d'Visiteure beim Concert vum Jean-François Zygel a Paul Lay.Déi zwee Museker sinn an zwou verschiddene Museksrichtunge verwuerzelt - Eemol an der Klassik, eemol am Jazz. Wat si verbënnt: d'Talent op der Bün ze improviséieren.Mee wéi geet Improvisatioun um Piano, an ass dës Iddi vum P…
  continue reading
 
De Proprietär vun engem historesche Gebai um Fëschmaart wëllt eng Geschäftsiddi testen, awer mat wiem? Eng frëschgebake Grafikdesignerin an Illustratorin freet sech, op si hir kreativ Aarbechten net och ausstelle kéint. Tatsächlech bréngt den Zoufall déi zwee zesummen. Den Zoufall? Oder éischter e gewësse Mark Schommarz? D‘Kerstin Thalau war um Fës…
  continue reading
 
Ouni Doudesfäll geet et dann awer net: Nom Erfolleg vun den zwou Saisone vu "Capitani" ass et net méi um Luc "Capitani" Schiltz, mee um Albert Henrotin (Jules Werner) un um Léon Clemens (Timo Wagner), Fäll ze léisen. Anescht wéi bei "Capitani" interesséieren sech déi zwou fiktional Figuren awer fir Fäll, déi wierklech passéiert sinn - an eis an d’L…
  continue reading
 
De Mikrokosmos vun der Lëtzebuerger Literaturwelt ass an Trauer: Mam Pierre Joris huet eis eng vun de bedeitendste Stëmme vun der Lëtzebuerger Literatur verlooss. De Schrëftsteller Jean Portante, deen eis de Moien déi traureg Nouvelle vu sengem Doud matgedeelt huet, huet sech Live an de Kultur um 5 erageschalt, fir dem Pierre een Hommage ze erweise…
  continue reading
 
Heartbeats: En neie Perkussiounsconcerto gëtt fir déi éischte Kéier zu Lëtzebuerg opgeféiert. D'Solistin Vivi Vassileva spillt mat de Lëtzebuerger Philharmoniker. "Outside the box" - esou beschreift d'Philharmonie dëse Concert vum 27. Februar 2025. Am Mëttelpunkt steet d'Vivi Vassileva. Déi bulgaresch-däitsch Perkussionistin trëtt weltwäit op an as…
  continue reading
 
Vum 6. bis 16. Mäerz ass de Luxembourg City Filmfestival. Traditionell bedeelegen sech och eng Rei Kulturinstitutiounen, mat eegenem Programm, um Fest. Esou zum Beispill de Cercle Cité, wou Dir elo schonn zwou immersiv a partizipativ Installatiounen entdecke kënnt: dorënner "Ceci est mon coeur" vun de Gebridder Blies, Realisateure vu Moulhouse a Ma…
  continue reading
 
Hie selwer huet sech als Nomad vun der Literatur bezeechent, en Explorateur, deen duerch international Literaturen a Kulturen a ville Sproochen navigéiert. Haut de Moien (27.2.) koum d’Noriicht, datt de Pierre Joris eis am Alter vun 78 Joer verlooss huet. D’Valerija Berdi mat engem Bäitrag iwwer a mam Pierre Joris…
  continue reading
 
D’Musek vun Haut begleet de Perkussionist Guy Frisch all Dag an dominéiert net nëmme säi Liewen als Museker mee och als Direkter vum Ensembel fir Nei Musek United Instruments of Lucilin. Wéi et dozou koum, a wat hien dodru faszinéiert, erzielt hien dem Pit Brosius am neien Episod vum Podcast "Hanner den Téin". Episod 4 lauschteren Alles ronderëm dé…
  continue reading
 
A "Vreckvéi" stinn zwou jonk Schwëstere virun der Erausfuerderung, de verstuerwenen Elteren hire Bauerenhaff ze geréieren. Et ass ee staarken, minimalisteschen Text, dee mat knappe Sätz villes seet - net just iwwer eng Generatioun, déi d'Orientéierung verluer huet, mee och op enger méi metaphysescher Ebene eppes iwwer d'Struewelen an d'Isolatioun v…
  continue reading
 
D'Geiistin Sandrine Cantoreggi an d'Pianistin Sheila Arnold widme sech an engem Projet der Musek vun der Melanie Bonis. Eng Kënschtlerin, déi trotz verstoppter Identitéit immens vill Musek hannerlooss huet. Hanner dem Pseudonym Mel Bonis verstoppt sech d'Melanie Bonis, eng franséisch Komponistin aus dem 19. Joerhonnert, vun där bis elo iwwer 300 Wi…
  continue reading
 
No "La dérive des continents" huet de Realisateur Lionel Baier dem Christophe Boltanski säi Roman "La cache" relativ fräi adaptéiert an d'Familljesaga, déi ee Joerhonnert ëmfaasst, op eng Period - déi vu Mee 68 - kondenséiert. D'Paräisser Appartement vun de Boltanskien gouf zu Lëtzebuerg am Filmland nogebaut. De Jeff Schinker huet sech zu Berlin ma…
  continue reading
 
"Ich liebe Operetten" - dat ass e Saz, deen de Stanislav Rosenberg aus ganzem Häerz soe kann. Hien ass net nëmme Pianist a Komponist, mee och nach Dirigent. Egal ob hien um Piano Sänger:inne begleet oder eng grouss Oper dirigéiert, d'Opermusek bleift fir hien einfach "die ultimative Leidenschaft". Den 28. Februar 2025 dirigéiert hien eng Operettega…
  continue reading
 
Véier Lëtzebuerger Koproduktioune waren dëst Joer am Wettbewerb vun der 75. Berlinale - een absolutte Rekord. Eng dovunner krut och ee Präis, an zwar dem Radu Jude säi “Kontinental 25“, deen och an der Competitioun vum LuxFilmFest lafe wäert. De Jeff Schinker huet mam Paul Thiltges, Koproduzent vu “Kontinental 25“ geschwat - an de Palmarès analyséi…
  continue reading
 
AEM - esou heescht de Solo Museksprojet vun der Ema Macara. Eng Musekerin, déi a Portugal op d‘Welt koum an hei zu Lëtzebuerg opgewuess ass. Et kann ee sech an hirer Aircheck Session op elektronesch Popmusek gefaasst maachen, an där Vulnerabilitéit, Danzen, an e bëssen Däischtert am Mëttelpunkt stinn. Ingredienten, déi een dann och op hirer EP “Cha…
  continue reading
 
Mat der Ënnerstëtzung vum portugisesche Kulturzenter Camões an der portugisescher Ambassade zu Lëtzebuerg, schaffen Lisboa Cantat an den Dirigent Jorge Carvalho Alves schonn eng Rei Jore mat hire Chéier un Albume mat portugisescher klassescher Musek. De Coro Sinfonico an de Coro de Camara vu Lisboa Cantat hunn an enger Serie bis ewell véier Albume …
  continue reading
 
Den 2. Mäerz 2025 ass zu Helleng um Kergerhaff e Concert zu Éiere vum Lëtzebuerger Komponist Alexander Mullenbach. Obwuel den A. Mullenbach zu Salzburg doheem ass, wäert hie fir dësen Optrëtt zu Lëtzebuerg sinn. Hien huet och de Programm selwer zesummegestallt. Um Programm sti Wierker vu lauter bekannte Lëtzebuerger Nimm, dorënner och den Alexander…
  continue reading
 
Nach virun zéng Deeg stoung si op der Bün vum Kasemattentheater an engem Stéck iwwer Aarmut zu Lëtzebuerg, e puer Deeg drop war si als eng mysteriéis Rivalin vum Geheimagent John D. am Hélène Cattet a Bruno Forzani hirem verréckte Geheimagente-Metafilm "Reflet dans un diamant mort" ze gesinn - ee Film, deen net just op der Berlinale, mee och geschw…
  continue reading
 
“L’enfantôme” ass déi lescht BD vum Fransous Jim Bishop. Et ass d’Conclusioun vun der “Trilogie de l’enfant” no "Lettres Perdues" a "Mon ami Pierrot". Et geet een der Geschicht vum “boutonneux” no, engem onglécklechen Teenager, deen drop an dowidder ass duerchzefalen. De Conseiller Morantano huet mam “boutonneux” sengen Elteren eng Noutfallléisung …
  continue reading
 
"Nëmme Mënsche mat Zäit kënnen et sech leeschten, doriwwer nozedenken, wat Zäit eigentlech ass", liest een ënner enger Videoinstallatioun vum Ho Tzu Nyen am Mudam. De plastesche Kënschtler koum 1976 am Stadstaat Singapur op d'Welt a gehéiert ewell zu de wichtegste Mixed-Media-Artiste vu senger Heemecht. A fir seng imposant Wanderexpo "Time and the …
  continue reading
 
"Picture a day like this" ass eng Oper, déi de brittesche Komponist George Benjamin 2023 um Festival d'Aix-en-Provence kreéiert huet. Et ass eng Koproduktioun tëschent verschiddenen Opere- an Theaterhaiser, ënner anerem dem Groussen Theater an der Stad an dem Royal Opera House zu London. Den 28. Februar steet déi Oper op der Affiche am Groussen The…
  continue reading
 
D'ASBL Open Screen gouf viru méi wéi 10 Joer gegrënnt fir d'Promotioun vun der Inklusioun an der Diversitéit duerch kulturell Aarbecht. Ee vun de Projeten, deen d'Claudine Muno realiséiert huet, ass d'Buch "Roff". Eng Rees duerch d'Geschicht vu Péiteng, duerch déi eis de Boy a seng Mémé begleeden an eis erziele vun de Zwangsaarbechter:innen wärend …
  continue reading
 
Déi Lëtzebuerger Schauspillerin Sophie Mousel ass dëst Joer direkt an zwee Filmer op der Berlinale ze gesinn: An "Der Kuss des Grashüpfers" spillt si der Haaptfigur Bernard hir Partnerin, an a "Reflet dans un diamant mort" eng vun de sëllege Fraefiguren, déi dem Geheimagent John D. iwwer de Wee lafen. De Jeff Schinker huet sech mat hir zu Berlin ën…
  continue reading
 
Zanter leschte Mëttwoch huet Lëtzebuerg eng Uergel méi am Gebrauch. A Presenz vum Kardinol an Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich gouf an der Privatschoul Sainte-Sophie an der Stad eng Uergel geweit.Speziell ass, datt dës Uergel an enger Schoul, an net wéi gewinnt an enger Kierch steet. Mee wat mécht d'Schoul mat dëser Uergel, a wéi leeft esou eng Ue…
  continue reading
 
Déi amerikanesch Noise Band FACS hunn de Mëttwoch an de Rotondë gespillt. Hire leschten Album, “Wish Defense”, ass ënner anerem dofir bekannt, dat lescht Wierk ze sinn, dat de Legenden-Tountechniker Steve Albini opgeholl huet. De Sänger Brian Case huet sech virun der Show Zäit geholl mam Nicolas Calmes iwwer Songtexter, Gedichter a verstuerwe Kolle…
  continue reading
 
Dir wollt schonn ëmmer d'Geschicht ëm dem Beethoven säin "Für Elise" kenneléieren? Ee Beispill vu villen dat weist, datt d'Léift an der klassescher Musek schonn ëmmer en Theema war. Mee och tëschemënschlech Bezéiunge goufen an der Musek zum Ausdrock bruecht.A wéi war et mat der bekannter Bezéiung tëschent der Clara an dem Robert Schumann?De Lex Kau…
  continue reading
 
Gëschter (13.02.) huet déi 75. Berlinale ugefaangen. A wéi wa Lëtzebuerg wéilt matfeieren, datt et de Berliner Filmfestival elo schonn een 3/4-Joerhonnnert gëtt, sinn dëst Joer rekordverdächteg vill - also ganzer sechs - Lëtzebuerger Koproduktiounen um Start. De Jeff Schinker ass de Mëttwoch Owend no enger sportlecher a virun allem endloser Zuchfaa…
  continue reading
 
Pünktlech fir Valentinsdag ass d’Bridget Jones nees zeréck. Déi sarkastesch Brittin ass elo an engem neie Liewensofschnëtt ukomm a sicht als Wittfra am Film “Mad About the Boy” nach eemol déi grouss Léift. Ass dës 90er Romcom-Ikon awer nach zäitgeméiss? D’Claire Barthelemy kuckt op de Phenomeen zeréck.…
  continue reading
 
Loading …

Kurzanleitung

Hören Sie sich diese Show an, während Sie die Gegend erkunden
Abspielen