Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
…
continue reading
De leschte Weekend waren zu Bréissel e puer besonnesch Deeg fir de Lëtzebuerger Jazz. KulturLX huet an Zesummenaarbecht mat dräi Bréisseler Venues d‘Band Ciao Kennedy, dem Michel Meis säi Projet Colibri, dem Greg Lamy a Participantinne vum Neimënster sengem PropulsionWOMEN d‘Geleënheet ginn, d‘Relatioune mat der belscher Zeen ze fleegen. Och de Pia…
…
continue reading
Am Grousse Kino gouf dësen erfrëschenden éischte Long-métrage vun der franséischer Realisatrice Louise Courvoisier beschwat.Von radio 100,7
…
continue reading
Ënner dem Motto "Une crèche musicale de Noël" presentéiere Musikerinnen a Museker vun de Solistes Européens, Luxembourg ee Concert mat kammermusikalesche Wierker. Dat méindes owes, de 16. Dezember 2024 am Kammermusekssall vun der Philharmonie. De Stil geet dobäi ganz kloer an d'Museksepoche vum Barock a Wiener Klassik. Fir de Pianist vum Concert, d…
…
continue reading
1
Um Radar - ënner der Woch
10:49
10:49
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
10:49
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, war Dir ënner der Woch net verpasse sollt.Von radio 100,7
…
continue reading
Beim “Noel en lumière 2.0” komme ganzer véier Chéier zu engem Ensembel zesummen, begleet vun engem Harmonium, enger Uergel, engem Piano an engem Blechbléiserquintett vu Paräis. D’Michelle Barthel war sech dës Woch déi éischte Prouf fir dee Concert ukucken an ulauschteren.Von radio 100,7
…
continue reading
“Dis-Placed” ass den Titel vun enger Gruppenexpo, déi Dir nach bis den 19. Januar an d’Escher Konschthal kucke goe sollt. Eng Dosen international an national Kënschtler:innen thematiséieren, a ganz ënnerschiddleche Konschtdisziplinnen, den Deplacement, de Verloscht vum Heem, vu sengem Doheem, also net just vun enger Architektur oder engem Territoir…
…
continue reading
1
Extrait B-Radio "Nuechtlandschaften"
10:01
10:01
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
10:01
Déi neisten Episod vum B-Radio gëtt en Abléck an d'Welt vum Percy Lallemang, Auteur vun der Kuerzgeschichtesammlung "Nightscapes".Von radio 100,7
…
continue reading
Dee 25 Joer alen ukrainesche Geiist Dmytro Udovychenko trëtt zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker op a wäert dat Wierk spillen, deem de Komponist Max Bruch bis haut seng Reputatioun ze verdanken huet: de Geieconcerto Nr. 1 a Sol mineur. Och den Orchester féiert bekannte Repertoire op. Um Programm stinn dem Bizet seng populäersten Ouerewierm a…
…
continue reading
1
Vu Kollaborateuren, Attentisten a Resistenzler ...
23:28
23:28
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
23:28
An dësem véierten Deel vun eiser Visite guidée duerch déi permanent Ausstellung am Musée vun der Resistenz a vun de Mënscherechter féiert eis de Jim Goerres weider duerch d’Geschicht vum Zweete Weltkrich an d’Konsequenze fir Lëtzebuerg. Mir kucke méi prezis op d‘Verhale vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung, weisen, wien d‘Kollaborateure waren, wat Atte…
…
continue reading
1
"Mythologie du .12" vum Célestin de Meeûs
12:02
12:02
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
12:02
Mëtt November goufen a Frankräich déi sëllege Literaturpräisser verginn. Déi déck Fësch wéi de Goncourt an de Renaudot hate mir scho beschwat, an den nächste Woche verrode mir Iech, fir wéi eng Romaner sech déi méi kleng mee dacks literaresch méi relevant Juryen entscheet hunn. Hei rezenséiert de Jeff Schinker "Mythologie du .12" vum jonke belschen…
…
continue reading
“Improvisations Live in Germany“ heescht deen neien Album vun der Pianistin a Komponistin Younee. Si gouf a Südkorea gebuer a wunnt mëttlerweil an Däitschland. Hir Concerte spillt si fir den Ament virun allem an Europa, an de 14. Dezember och fir déi éischte Kéier zu Lëtzebuerg. Am Kader vun hirer Christmas Tour trëtt si am Cube 521 zu Maarnech op …
…
continue reading
De Kënschtlerkollektiv Dadofonic féiert muer (12.12.) am Théâtre National du Luxembourg fir déi éischte Kéier hiert Theaterstéck “2075: Eine Odyssee durch das Weltall” op. Eis Stagiairin Lori Dauphin war Enn November fir eis bei Dadofonic am Atelier, fir mat de Kënschtler:innen an den Zoustännegen iwwer de Projet an d’Virbereedung ze schwätzen. Bis…
…
continue reading
Porridge Radio ass eng brittesch Indie Band, déi live ganz intensiv ass. D’Grupp ronderëm d’Dana Margolin stellt grad hiren neien Album an Europa vir. Si passéieren och hei zu Lëtzebuerg, an zwar kann ee si de 17. Dezember an de Rotondë gesinn. D’Claire Barthelemy huet mat der Dana Margolin geschwat.…
…
continue reading
Haut den Owend (10.12.) um 8 Auer ass déi lescht Virstellung vum Mozart senger Oper “Così fan tute” am Grand Théâtre. D’Marie Trussart aus der Klassik-Redaktioun war d’Oper kucken a verréit, firwat een déi haut den Owend net sollt verpassen.Von radio 100,7
…
continue reading
1
ENGLBRT a Compact Disk Dummies an de Rotonden
11:03
11:03
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
11:03
Den Duo ENGLBRT ass den Zesummeschloss vum Songwriter a Sänger George Goerens, bekannt als Haaptstëmm vun der Indie-Folk Band Seed to Tree, a Solo als Bartleby Delicate ënnerwee; an dem Niels Engel, Batteur vun Jazz- a Pop-Formatioune wéi Klein. oder Pol Belardi’s Force.Von radio 100,7
…
continue reading
Zanter Juli ass am Nationalmusée um Fëschmaart en Triptyque vum iresch-brittesche Kënschtler Francis Bacon ze gesinn, dee säi Partner, den George Dyer, duerstellt. Zu London ass elo eng grouss Ausstellung, déi dem Bacon seng komplizéiert Relatioune mam Dyer an och seng aner Sujeten analyséiert. D’Claire Barthelemy war d’Expositioun kucken.…
…
continue reading
Dëse georgesche Film, een nostalgesch-melancholesche Spadséiergang duerch déi tierkesch Metropol, gouf de leschte Weekend am Grousse Kino beschwat.Von radio 100,7
…
continue reading
Wat fir Museks- a Kultur-Evenementer bitt dës Schaffwoch? Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar an zielt iech, wat op iech zoukënnt.Von radio 100,7
…
continue reading
Ënner dem Pseudonym Fabio Martone ass bei Editions Hydre d‘Erzielung "Ondugen“ erauskomm. D'Valerija Berdi huet d‘Buch gelies.Von radio 100,7
…
continue reading
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, war Dir dëse Weekend net verpasse sollt.Von radio 100,7
…
continue reading
Duerch an duerch korrupt ass d'Minettmetropol, esou wéi de Jacques Steiwer se a sengem Krimi "Des loups chez les Luxos" (Phi) duerstellt. De Michel Delage huet de Roman gelies.Von radio 100,7
…
continue reading
1
D’Kënschtlerin Nika Schmitt léisst eng “Moth” an der Cecil’s Box fléien
20:14
20:14
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
20:14
Insekten, déi wéi geckeg ronderëm Luuchten zierkelen, ginn net méi belächelt: déi vum Mënsch verursaacht Liichtpollutioun an hir tragesch Konsequenze fir Fauna a Flora si bekannt, en Ëmdenke wier néideg. Duerch Recherchen ass d’Multimedia-Kënschtlerin Nika Schmitt dorop gestouss, datt Matten, zum Beispill, net mam Kapp no vir a Richtung Liichtquell…
…
continue reading
1
Propaganda, Verdreiwung a Widderstand zu Lëtzebuerg
20:34
20:34
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
20:34
An dësem drëtten Deel vun eiser Visitt guidée duerch déi permanent Ausstellung am Musée vun der Resistenz a vun de Mënscherechter féiert eis de Jim Goerres duerch d’Geschicht vum Zweete Weltkrich an d’Konsequenze fir Lëtzebuerg. Dës Kéier kucke mir méi prezis op d’Auswierkung vun der Propaganda, de Versuch vun der Verdreiwung vu Judden an allen, dé…
…
continue reading
Eng Fantasie-Rei vum New Yorker Tim Probert, déi déi lescht véier Joer vun der Welt Irpa erzielen. Viru Kuerzem koum eng franséisch Collector’s Editioun bei Gallimard eraus, an déi stellt den Nicolas Calmes vir.Von radio 100,7
…
continue reading
Mëtt November goufen a Frankräich déi sëllege Literaturpräisser verginn. Déi déck Fësch wéi de Goncourt an de Renaudot hate mir scho beschwat. An den nächste Woche verrode mir Iech, fir wéi eng Romaner sech déi méi kleng mee dacks literaresch méi relevant Juryen entscheet hunn. Hei beschwätzt de Jeff Schinker “Marc” vum Benjamin Stock, dee fir säi …
…
continue reading
De Chouer vun der Uni.lu trëtt Ufank Dezember direkt 3 Mol hannereneen op. Gesonge gëtt en internationale Programm an de meescht geschwate Sproochen hei am Land. De Motto vun de Concerten ass Midwinter Melodies. De Christophe Mirkes huet sech mam Dirigent Thomas Gareau, deen de Chouer zanter 2021 leet, ënnerhalen a gefrot, firwat den Titel Wanterme…
…
continue reading
D’Aarbechtskultur, respektiv d’Aarbechtshygiène oder den Aarbechtsklima sinn haut wichteg an och sensibel Sujeten. Esou munch een deet sech schwéier tëschent Work-Life-Balance an Homeoffice seng tatsächlech Balance ze fannen. Do stellt sech da séier d’Gefill an, et wier een deen eenzegen, deen ëmmer um schaffe wier, iwwerdeems et sech déi aner gutt…
…
continue reading
Beckett am Schnellduerchlaf an op Däitsch - kann dat klappen? Brauch “Fin de partie” oder “Endgame”, hei eben “Endspiel”, net dat Laangt, déi Zäit, dat, wat een ier mécht, dat, wat d’Gedold strapazéiert? De Metteur en scène David Mouchtar-Samorai mengt Nee, kierzt d’Stéck op eng knapp Stonn a léisst zwou vun de véier Figuren der Schéier vun der Dra…
…
continue reading
Et ass eng Tâche, déi dem Profi Museker Benjamin Schäfer aus de Reie vun de Lëtzebuerger Philharmoniker vill Freed mécht. Bei där hie vun de Musekerinnen a Museker awer och d'selwecht vill verlaangt wéi am Profi-Orchester. Elo steet dann e weidere Concert um Programm, bei deem den Orchester vum Klarinettist Arthur Stockel, och Member bei de Lëtzebu…
…
continue reading
1
Filmkritik: "La Plus précieuse des marchandises"
10:38
10:38
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
10:38
Mat sengem Animatiounsfilm behandelt de Fransous Michel Hazanavicius d'Shoah a Form vun engem däischtere Märchen. Hei nach eng Kéier d'Diskussioun aus dem leschte Grousse Kino.Von radio 100,7
…
continue reading
“Christmas Carols” ass e Concert, deen d’Amis du Chant Luxembourg schonn zanter 1992 organiséieren. Um Programm steet englesch Chrëschtmusek an englescher Sprooch.Dëst Joer séngt de Chouer dee Concert direkt zweemol - eemol wéi gewinnt am Stater Conservatoire, an eemol an der Porkierch zu Mäerzeg. Op der Affiche steet dëst Joer awer och e weidere C…
…
continue reading
1
Autumn Sweater - Adult Life
10:26
10:26
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
10:26
De leschte Mëttwoch hunn Autumn Sweater an de Bouneweger Rotonden eng nei Plack presentéiert, si heescht “Adult Life”, an ass hir véiert Release zanter 2016. D’Plack ass mat 8 Titele knackeg kuerz, an zwee vun der Band sinn am Studio beim Marc Clement, de Christophe Demart, Sänger, an den Nicolas Pzeor, Gittarist.…
…
continue reading
Wat fir Museks- a Kultur-Evenementer bitt dës Schaffwoch? Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar an zielt Iech, wat op Iech zoukënnt.Von radio 100,7
…
continue reading
Bal iwwer dat ganzt lescht Joerhonnert gouf um Belval an der Gebléishal ënner anerem de Wand fir d’Héichiewe produzéiert. Elo, 27 Joer nodeems de Betrib agestallt gouf, läit d’Hal nach ëmmer brooch an hir Zukunft bleift ongewëss. De Centre National de la Culture Industrielle (CNCI) huet ee Plang ausgeschafft, wéi den Industrieris an Zukunft dem Qua…
…
continue reading
D'Kompositioun “Imbalance” vum 24 Joer jonke Komponist Félix Turrion Eichler gouf nach net viru Public gespillt. Dat ännert sech elo mat engem Concert vun de Solistes Européens, Luxembourg mam Dirigent Christophe König an der Dänzerin Sylvia Camarda. Bei engem Concert gëtt dëst Wierk nämlech uropgeféiert. D'Kompositioun ass dann och an Zesummenaarb…
…
continue reading
1
"Mir testen eis Bicher un eisen eegene Kanner"
13:57
13:57
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
13:57
D'Diane Orban an d'Myriam Karels hu rezent mat "Et rabbelt an der Broutgaass"(Editions Guy Binsfeld) schonn hiren zweete Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Kannerbuch gewonnen. Déi zwou Autorinne waren an der Wonnerbarer VaLibrairie op de Walfer Bicherdeeg invitéiert.Von radio 100,7
…
continue reading
Den Nicolas Clames huet zesummegedroen, wat Dir de Weekend kulturell kënnt ënnerhuelen, haut mat Concerten, Theater a Literatur.Von radio 100,7
…
continue reading
Eng Serie ëm den Antagonist aus dem Batman-Universum. Mir begleeden d'Figur beim Eropklammen an der krimineller Ënnerwelt vu Gotham City. De Simon Larosche huet d'Sendung gesinn a verréit eis méi.Von radio 100,7
…
continue reading
Als Dirigent huet de Pit Brosius vill Kontakt mat Neier Musek an huet ëmmer erëm a spannend Gespréicher mat Museker:innen. Am Podcast Hanner den Téin stellt hien dës perséinlech Diskussiounen an Anekdoten - déi normalerweis soss keen héiert - eemol de Mount an de Mëttelpunkt. Hie wëllt vu sengen Invitéë wëssen, wéi si d’Musek aus eiser Zäit gesinn,…
…
continue reading
Zanter Mäerz ass am Musée vun der Resistenz a vun de Mënscherechter eng nei permanent Ausstellung ze gesinn. D‘Expo behandelt d‘Sujete ronderëm den Zweete Weltkrich. De Jim Goerres féiert mat exhaustiven Erklärungen duerch déi ganz Ausstellung, déi mir Iech a méi Deeler presentéieren. Hei, am zweeten Deel geet et ëm Exponaten, déi d’Invasioun, d’Be…
…
continue reading
1
"Luxemburg war nie eine Kolonialmacht: Eine kritische Einführung“
22:19
22:19
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
22:19
De Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Sachbuch goung dëst Joer un den Yves Schmitz fir säi Wierk "Luxemburg war nie eine Kolonialmacht: Eine kritische Einführung“. E Projet, dee vum Kënschtlerkollektiv Richtung 22 matgedroe ginn ass a bei Capybarabooks publizéiert gouf. Op de Walfer Bicherdeeg waren den Yves Schmitz, d‘Michelle Liesch vu Richt…
…
continue reading
Am Conservatoire du Nord zu Ettelbréck ginn den 29. November nei Wierker an nei Arrangementer fir Blechblosquintett opgeféiert. En Deel vun dëse Stécker gouf vu Schüler aus der Kompositiounsklass, oder aus Ecrituresklassen op de Pabeier bruecht. D'Hornistin an Initiatorin vun dësem Concert, d’Isabelle Lord, verréit dem Christophe Mirkes am Gespréic…
…
continue reading
Zanter den 1980er schreift d'Kim Deal an zwou groussaartege Rockbands Geschicht: The Pixies an The Breeders. Bal 40 Joer nom Ufank vun hirer Musekskarriär huet si elo just hiren éischte Soloalbum erausbruecht: "Nobody Loves You More". Dissonant Distortioun verhënnert Gefiller net, besonnesch wann deen ee Saz vun der Mamm den Titel däerf stellen. D'…
…
continue reading
1
Margret Steckel an d‘Susanne Jaspers
13:46
13:46
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
13:46
Sonndeg, de 17.11. hu mir eis Literaturemissioun Déi wonnerbar VaLibrairie live vun de Walfer Bicherdeeg iwwerdroen. Invitéë beim Valerija Berdi a Michel Delage waren d‘Laureatinnen an d‘Laureate vum Lëtzebuerger Buchpräis. Mir lauschteren elo en Extrait aus dëser Emissioun: D‘Gewënnerin vum Buchpräis an der Kategorie Literatur, d‘Margret Steckel m…
…
continue reading
"Et ass eng Häerzmassage" - esou beschreift d'Josée Bourg d'Wierk, dat si zesumme mam Akkordeonist Frin Wolter Sonndes, den 01.12.2024 am Mierscher Theater presentéiert. An dobäi ass all Concert anescht, mengt och de Museker Frin Wolter.Béid hunn éischter zoufälleg zesummefonnt a kuerzerhand ee Programm mat eegenen Arrangementer op d'Bee gestallt.A…
…
continue reading
1
Norma Jeane Baker de Troie am Théâtre du Centaure
13:33
13:33
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
13:33
Wat, wann d’Helena ni zu Troja gewiescht wier? Wat, wann et eng Wollek, ee Mirage gewiescht wier, deen de Paris entféiert hätt? Dëse Zenario ass keng mythologesch Uchronie, mee entsprécht dem Euripides senger Versioun vum Homer senger “Ilias”. An "Norma Jeane Baker de Troie" geet d'Ann Carson nach ee Schratt méi wäit a vermëscht de mythologesche Pe…
…
continue reading
1
Plackerezensioun: "Night Palace" vu Mount Eerie
11:03
11:03
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
11:03
Mat “Night Palace” huet Mount Eerie, aka Phil Elverum, ee monumentalen Duebelalbum verëffentlecht, dee gläichzäiteg experimentell an zougänglech, homogeen an divers, donkel an hoffnungsvoll ass. De Marc Clement an de Jeff Schinker hu sech d’Plack ugelauschtert.Von radio 100,7
…
continue reading
1
"Physesch zesummekomme fir Mënschen ze sinn"
15:50
15:50
Später Spielen
Später Spielen
Listen
Gefällt mir
Geliked
15:50
Um Mikro vum Michel Delage schwätzt den Donato Rotunno iwwer säin Documentaire "La Fourchette à gauche", deen d'Geschicht vum Stater Kultbistro Circolo Curiel nozeechent.Von radio 100,7
…
continue reading
Den Dënschdeg, 26. November ass erëm Concert ActArt am Stater Conservatoire. Dat ass eng Concertsrei, bei där d’Enseignantë selwer Concerten zesummespillen. Hei sinn et am Ganze siwen Enseignanten, déi op der Bün vum Stater Conservatoire stinn. Um Programm steet 100 Prozent franséisch Musek, mat Wierker vu Claude Debussy, André Caplet a Maurice Rav…
…
continue reading
De Café an der Stad feiert Gebuertsdag mat vill Musek. Mam Luka Heindrichs kucke mir iwwer de Programm.Von radio 100,7
…
continue reading