Brian Camp öffentlich
[search 0]
Mehr
Download the App!
show episodes
 
Loading …
show series
 
Déi 5, déi elo kommen, sinn net bekannt fir hier Seeërcher, Spiichten oder Anekdoten. Si pechen un der Aktualitéit a bleiwen bei de Fakten. 'Fakenews' sinn hinnen en Dar am A. Si kucken awer manner no vir mee éischter zréck, an de Réckspigel a beliichten dat wat war. Beim Marie Gales gëtt et bestëmmt nees méi wéi een Geeschtesblëtz vum Al Ginter, T…
  continue reading
 
2 Woche leien tëscht der Analyse vun der Aktualitéit vun eiser Ekipp vum 5 vir 12, ma bannent deenen Deeg huet sech nees vill Fudder ugesammelt fir driwwer ze debattéieren an dat mol an en anescht Liicht ze setzen, och wann een do mol ka verblennt ginn. No Ellesonndeg, haut op Pällemsonndeg um Wee fir bei Ouschtersonndeg hunn sech ëm d'Marie Gales …
  continue reading
 
Am japaneschen heescht et 'mizaru, kikazaru, iwazaru', dat ass d'Spréchwuert vun den 3 Afen déi näischt héieren, näischt gesinn a näischt soen'. Bei hinnen ass dat just de Contraire, se gesinn alles, héiere souguer Saachen déi soss kee weess, an de Mond hale kënne se schonn guer net. Déi lescht 14 Deeg huet et Skandaler gereent an dovunner kënnen s…
  continue reading
 
Si halen näischt vu Rumeuren a Couloires- oder Béierdeckelsgespréicher. Si hunn hir Informatiounen aus éischter Hand oder bal. Soss gouf ëmmer gesot 'béis Zong behaapten', an elo hunn se e Numm. Beim Christiane Kremer sinn den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga an de Gérard Valerius.Von RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
Wou dréckt de Schong dann am Moment? Wéi ass et mam Stëmmungsbarometer, wou gëtt et e neie Skandal a wou just e Stuerm am Waasserglas? Si analyséieren a kommentéieren déi lescht 14 Deeg a sinn normalerweis gutt informéiert. Si hunn Aen an an Oueren nees opgespaant fir och nëmmen alles matzekréien. Beim Marie Gales sinn et haut den Jacques Kapp, Luc…
  continue reading
 
Op verschidde Saachen do freet ee sech laang, an da sinn se séier eriwwer, an dann gëtt et aner Geschichten, déi een emol net erwaart hat an dann gëtt ee se net méi lass. Vu béidem gouf et och déi lescht 2 Wochen, déi elo nees op eng ganz speziell Fassong resuméiert a kritiséiert ginn. Beim Christiane Kremer, Jacques Kapp, Lucien Czuga, Pascal Beck…
  continue reading
 
Dat neit Joer ass knapps 14 Deeg al, awer déi al Problemer hunn eis schonn nees. Wéi eng Themen hunn déi éischt 2 Wochen schonn fir Opreegung gesuergt, wouriwwer gëtt gesouert, gemeckert a wou ass d'Gejäiz grouss? Eis Experten op dësem Gebitt maachen elo nees eng Stonn en Austausch un Emotiounen an setzen sech mat den opreegenden Sujeten ausenaner.…
  continue reading
 
Wat bleift hänken vun 2023? Ëm Hallefnuecht sprange mir vun engem Joer an dat anert, sou änlech wéi vun engem Boot op en anert. Vill Saachen ginn engem duerch de Kapp, déi eng déi laang gedauert hunn a vläicht net sou agreabel waren, an anerer déi just kuerz awer dofir immens schéin waren. Vill Impressiounen hu mer och gedeelt mat Famill, Bekannten…
  continue reading
 
Hinnen entgeet näischt, an all Geleeënheet ass gutt fir d'Feeler vun deenen Aneren breet ze trëppelen. Wien huet wat gesot oder gemaach? Wéi eng Decisiounen goufen geholl wou ee just de Kapp rësele kann a wou sténken d'Lompen zerguttst? 1 Stonn laang huet d'Christiane Kremer elo nees Zäit fir den Tour vun de leschte 14 Deeg ze maachen, a Gesellscha…
  continue reading
 
Lo gëtt nees d'Aktualitéit vun de leschten 2 Wochen Revue passéiere gelooss. Si sinn gewinnt géint de Stroum ze schwammen, a filteren a siften op wat se stoussen. Déi hei 5 loossen net einfach Gottes Waasser iwwer Gottes Land lafen, a maachen hirem Ierger Loft. Beim Christiane Kremer sinn et haut den Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker an de Gér…
  continue reading
 
Si sinn net onbedéngt bekannt als déi grouss Diplomaten. Se maachen keng déck Baken mee falen iwwer all déi hier, déi déi lescht Wochen opgefall sinn, oder aus der Roll gefall sinn. Se rieden sech séier an den Äifer, a no hirer leschter Sendung, viru 4 Wochen, ass jo och genuch geschitt an dat muss elo opgeschafft ginn. Beim Christiane Kremer sinn …
  continue reading
 
Eng Woch virun de Walen souzen déi heiten 5 eng leschte Kéier zesummen an hunn Walprogrammer studéiert an analyséiert. 3 Wochen duerno geet mat Sécherheet vun de Walresultater rieds. Awer alles wat et soss nach un Aktualitéit gouf, fënnt eng Plaz an hirer Mëtt. Hier Stonn ass e Mix aus Staminee a Kaffiskränzchen wou carrement iwwer jiddereen hierge…
  continue reading
 
An enger Woch gëtt gewielt, an da ginn d'Faarwen eventuell nei gemëscht. Dann falen d'Wierfel wien déi nächst 5 Joren d'Geschécker vum Land leet. 60 Plazen gëtt et an der Chamber déi nei ze besetzen sinn, an aus de Muechtverhältnisser schielt sech och eraus wien d'Land regéiert an zum Regierungsconseil zielt, wann de Wielerwëllen respektéiert gëtt.…
  continue reading
 
Si observéieren a kommentéieren, reegelméisseg d'Aktualitéit op hier Manéier bei eis, awer 10 Wochen huet een keen Piipcheswiertchen vun hinne gehéiert. Elo, 3 Wochen ier mir stëmmen ginn, kënnt der hier Stëmmen och elo nees all 14 Deeg hei um Radio héieren fir mat der Lupp op all dat zréck ze kommen wat soss vläicht ënnert den Teppech gekiert gi w…
  continue reading
 
De Franzous schwätzt vun 'bouche-à-oreille' an déi Däitsch vu 'Mund-zu-Mund-Propaganda'. Elo geet et nees eng Stonn ëm Couloirsgespréicher wou awer meeschtens e Fonken Wourecht drun ass. Déi heiten 5 héieren d'Fléi néitschen an d'Gras wuessen, a wat si déi lescht 2 Wochen opgeschnaapt hunn zerwéieren se Iech bis Mëtteg. Mat um Dësch den Al Ginter, …
  continue reading
 
T'Zopp gëtt ni sou waarm giess, wéi se gekacht gëtt. A wien sech wat agebrockt huet, an wien wat ausläffele muss héiere mer dës Stonn. 2 Wochen no de Gemengewalen an 3 Wochen virun der grousser Vakanz gëtt elo Rapport gemaach, awer och no vir gekuckt. An der Ronn sëtzen haut den Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker, Gérard Valerius an d'Marie Gal…
  continue reading
 
Bis op e puer Gemengen sinn se haut am ganze Land opgeruff fir bei d'Urn ze goen. Nom grousse Casting déi lescht Wochen, ginn elo vum Wieler Neel mat Käpp gemaach, an op Mammendag ginn nei Gemengemammen a -pappen gesicht. Déi heiten 5 wëlle sech d'Fanger net verbrennen an hale sech kleng, wann et ëm de Walzirkus geet. Et gëtt nach genuch ze beschwä…
  continue reading
 
An dräi Wochen kréien d'Politiker Zensuren vun de Bierger. Hei bei hinnen an der Ronn gëtt et all zwou Wochen Notten. Mol méi, mol manner gutt, gëtt dann hei iwwer déi Dichteg a Wichteg geschwat, a sech d'Fro gestallt wéi et souwäit komme konnt. Ronderëm den Dësch, fir iwwer d'Leit hier ze falen, sëtzen beim Christiane Kremer de Jacques Kapp, Pasca…
  continue reading
 
Elo ass et nees Zäit fir tëschent den Zeilen ze liesen. A 14 Deeg huet sech genuch ugesammelt, an dat gëllt et opzeschaffen, ze diskutéieren an ad acta ze leeën. Vill knaschteg Wäsch gëtt nees gewäsch vum Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga, Gérard Valerius a Marie Gales.Von RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
5 Temperamenter stoussen elo nees openeen fir d'Aktualitéit vun de leschten 3 Wochen ze diskutéieren an ze kommentéieren. Si iwwerfléien awer net just d'Haaptiwwerschrëften vun deem wat national an international geschitt ass, si huelen d'Lupp eraus an halen de Fanger drop, wou eppes net ganz sou gelaf ass wéi et hätt sollten. Beim Christiane Kremer…
  continue reading
 
Si halen d'Aen op, a maachen de Mond net zou wann hinnen eppes net passt. Si richen op honnert Meter wann d'Lompen sténken, a sinn och net frou wann eng Geschicht en ellene Bäigeschmaach huet. Si paken all Dossier un, wann och net ëmmer mat vill Fangerspëtzegefill. Beim Christiane Kremer geet et elo nees vun der Long op d'Zong mam Al Ginter, Jacque…
  continue reading
 
D'Wochen 7, 8 an 9 ginn elo wärend enger Stonn genee analyséiert a kommentéiert. Mat Kapp, Häerz a Bauch ginn elo déi verschiddenst Highlighte vun deenen 21 Deeg erausgepickt an t'gëtt mam Fanger drop gewisen. Wat ass hinnen an d'A gesprongen oder wat huet sech wéi en Ouerewuerm an hirem Ouer festgebass, dat verroden eis elo den Al Ginter, Lucien C…
  continue reading
 
Meeschtens geet et héich hier wann 5 komplett ënnerschiddlech Temperamenter wéi si openeen stoussen fir d'Wochenaktualitéit vun de leschten 14 Deeg ze zerplécken. D'Politiker, d'Wirtschaft an de Showbiz hunn si net am Stach gelooss a vill Fudder geliwwert, sou dass se bis Mëtteg genuch ze beschwätzen hunn. A wat se alles an de Medien opgeschnaapt h…
  continue reading
 
Et gëtt Leit déi aus enger Méck en Elefant maachen oder d'Fléi néitschen héieren. Si hei hale sech penibel genee un d'Fakten. Mat Iwwerdreiwungen a béiswëllege Remarken wëlle si net a Verbindung bruecht ginn, awer si hale sech och net bedeckt wann d'Lompen sténken an eppes aus dem Gläichgewiicht geroden ass. Beim Christiane Kremer sinn haut den Al …
  continue reading
 
D'Joer ass knapps un a schonn hänkt den Seegen bei de Parteien schif. Am Superwaljoer wäerten wuer nach vill spatz Remarken wéi Feiler hin an hier geschoss ginn. Ma net just d'Tribün wou Politik gemaach gëtt, ma och all déi aner Bünen hunn schonn e puer schéin a manner schéin Momenter erlieft. Beim Christiane Kremer, Al Ginter, David Winter, Lucien…
  continue reading
 
Um éischten Dag vum neie Joer kann een zréckkucken op all dat Schéint, dat Lëschtegt, dat Emouvant awer och dat Trauregt dat 2022 bruecht huet. Wat war top a wat éischter flopp. 365 Deeg resuméiert an enger Stonn. 12 Méint mat haut 6 Leit am Studio. Beim Christiane Kremer erënnere sech den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga, Pascal Becker a Géra…
  continue reading
 
Wa se an der Chamber och schonn mat sou Ausdréck wéi "ënnert aller Sau" oder "Topert" ronderëm sech geheien, dann geet et bei hinnen 5 méi gedam zou. Sie fannen meeschtens déi richteg Wieder, hunn dat néidegt Fangerspëtzegefill, an hir Analysen bréngen d'Saach op de Punkt. Beim Christiane Kremer sinn et haut den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czug…
  continue reading
 
Si sinn zanter ville Joren fir hiert Fangerspëtzegefill bekannt. Si bauschen näischt grouss op mä entschäerfen éischter all Situatioun. Heiansdo sinn se hirer Zäit viraus, awer meeschtens hippen se de Saachen hannendrun, well hier Aarbecht ass et, d'Weltpolitik, awer och déi vill lokal Geschichten z'analyséieren an z'interpretéieren, fir dass een a…
  continue reading
 
Zu hirer 5 paken se elo nees de Réckspigel an d'Spektiv aus, well bis Mëtteg kucke se an déi jéngst Vergaangenheet, awer och d'Zukunft interesséiert si ferm. Wien ass hinnen - wann ee sou wëll - an de Frack getrëppelt, a wiem trëppele si op d'Féiss, well en sech net ganz no de Reegelen vun der Konscht beholl huet? Oder aneschter gesot, wien gëtt ge…
  continue reading
 
Beim Jules Verne goung et nach an 80 Deeg ronderëm d'Welt, si hei sinn zu hirer 5 an packen den Tour an ronn enger Stonn ze maachen. Bekannten Nimm déi sech dernieft beholl hunn, an Leit déi duerch ee Moment bekannt ginn sinn. Hei kënnt alles nach emol op d'Tapéit an gëtt frësch opgekacht fir sech all Moment nach emol genësserlech op der Zong zergo…
  continue reading
 
An de Krisen gëtt sech op déi mat de breede Schëlleren verlooss. Hei kommen elo déi mam grousse Mondwierk. Si kennen eng Léisung fir all Problem, kommen ouni Ëmweeër op de Punkt an och am déckste Niwwel fanne si en Auswee. Dovunner kënnt der Iech elo eng Stonn iwwerzeegen mam Marie Gales, Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga a Gérard Valerius.…
  continue reading
 
Vun Hippches op Hapches, vum Honnertstel an d'Dausendstel an ëm Gott an d'Welt geet et elo nees. Hei gëtt et lokal, regional, national an international Aktualitéit, alles frësch zerwéiert an opgeschafft ouni Netz an duebele Buedem. Duercherneen geréiert an opgedëscht vum Marie Gales, Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga a Gérard Valerius.…
  continue reading
 
Gutt ausgerout kënne se elo nees duerfueren. D'Aktualitéit huet net geschlof a vill Geschichten vun Heiheem an Dobaussen waarden drop am Detail analyséiert an kommentéiert ze ginn. Déi 9 Wochen sinn hinnen bestëmmt laang virkomm, wou se sech hu missten zréckhalen fir hiert Gëft ze versprëtzen, an dofir mussen sech der elo vill drop gefaasst halen f…
  continue reading
 
Sie verdeelen all 14 Deeg Zensuren, an soen wien Top a wien Flopp ass. Wien huet sech net un Spillreegelen gehalen, wien ass negativ opgefall a wien ass iwwer d'Ziel erausgeschoss. E klengen Austausch un Informatiounen mat enger Messerspëtzt Sarkasmus a bëssegen Remarquen liwwere sech den Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker an David Winter beim …
  continue reading
 
Zu hirer 5 sinn se elo nees déck do. An och wann se sech net ëmmer eens sinn, zéie se un engem Strang. Hier Missioun ass et d'Aktualitéit vun de leschten 2 Wochen ze beliichten an an dat richteg Liicht ze stellen. Wou louch d'Kromm an der Heck, wou ass eppes net ronn gelaf a wou konnt een einfach nach just de Kapp rëselen. Dat diskutéieren d'Christ…
  continue reading
 
Si hu keng gutt an der Kopp, a wou eppes ze mellen ass do hale si de Fanger drop. Wien déi lescht 14 Deeg desagreabel opgefall ass, do wou eppes net normal gelaf ass, wou eng Decisioun geholl gouf déi et net bréngt ass Fudder fir déi heiten 5. Beim Christiane Kremer sinn den Al Ginter, Lucien Czuga, Jacques Kapp a Gérard Valerius.…
  continue reading
 
Déi hei 5 loossen sech keen "i" fir en "u" virmaachen. Zu hirer 5 schloen si Alarm wann eppes net richteg leeft, an och déi lescht 2 Wochen hu si nees méi wéi eng negativ Feststellung gemaach. Op hei am Land oder iwwer d'Grenzen eraus ass nees net alles wéi op Rouletten gelaf. 1 Stonn laang kommentéieren se elo nees op hir Manéier d'Aktualitéit vun…
  continue reading
 
Sou laang d'Welt sech dréit, sou laang kommen och ëmmer nees konterbosseg Geschichten vir. Mir brauchen dofir heiansdo net weit ze kucken, mä kënnen virun eiser eegener Hausdier kieren. A wéi Trüffelschwäin hunn si nees déi lescht 2 Wochen e puer Storyen opgeschnaapt déi et derwäert sinn. Fir de Kapp ze rëselen, sinn beim Christiane Kremer den Al G…
  continue reading
 
Si maachen zwar gären déck Baken, awer et kënnt meeschtens just waarm Loft. Si halen den Fanger awer an d'Wonn an hier Gedanken kann een héieren. 3 Wochen hu se, bedéngt duerch d'Vakanz, opzeschaffen an och haut scheien se de Feierdag net fir drënner ze fueren an drop ze fachen. Beim Christiane Kremer den Al Ginter, Lucien Czuga, David Winter an Ja…
  continue reading
 
Wat am Hyde Park zu London de "Speakers Corner" wou jiddereen dee well, senge Matmënschen ziele kann wat hien op der Séil huet, ass de "5 vir 12" fir déi heiten 5. Och si verroden elo nees eng Stonn wéi eng Laus hinnen iwwer d'Liewer gelaf ass, wat si nervt, hinnen op d'Schlappen geet a wat si net roueg schlofe léisst. Beim Christiane Kremer den Al…
  continue reading
 
Dag an Nuecht, Summer wéi Wanter sinn si um Dill an halen Aen an Oueren op fir nëmmen näischt ze verpassen. Déi lescht 14 Deeg hu se nees genuch Themen gesammelt déi si opgereegt oder ameséiert hunn an elo weisen se eng Stonn laang dass si kal a waarm gewinnt sinn. Beim Christiane Kremer den Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker a Gérard Valerius.…
  continue reading
 
Si rullen duerch déi lescht 14 Deeg a kucken net ëm, wéi wichteg oder dichteg déi Persoun ass déi aus der Rei gedanzt ass. Fir deen, op deen si et ofgesinn hunn, gëtt et keen Pardon a keng bëlleg Excuse. Beim Christiane Kremer sinn den Al Ginter, Lucien Czuga, Pascal Becker a Gérard Valerius, an och haut gëtt net duerch d'Fangeren gekuckt.…
  continue reading
 
D'Stëmmung op Fuessonndeg war och schonn emol besser. Eng Kris jot déi aner. No der Pandemie de Stuerm, an elo och nach Krich an Europa. D'Equipe vum "5 vir 12" ass nawell op der Sich no gudde Nouvellen, an där wou ee sech richteg driwwer opreegen kann, ouni dass dat direkt zréckschléit. Och déi lescht 14 Deeg waren wéi eng Achterbunn, an d'Gefills…
  continue reading
 
Et gëtt jo Leit déi Geheimnisser gutt fir sech behale kënnen, an dann gëtt et der genee sou vill, wann net méi, déi dat guer net fäerdeg bréngen an all Informatiounen déi se opgeschnaapt hunn mat aneren deelen mussen, also matdeelen mussen. Dat geet besonnesch gutt um Comptoire oder an de soziale Medien. Déi heiten 5 hunn net drop gewaart dass Face…
  continue reading
 
Den Omikron suergt derfir dass ganz Büroen eidel bleiwen, Buslinnen ausfalen, Schoulgebaier no Ersatzproffen sichen, an och d'Personal am Gesondheetssecteur an a Crèchen bleift net verschount. D'Equipe vum "5 vir 12" ass komplett an voll motivéiert fir iwwer déi lescht 14 Deeg hierzefalen. Egal op Buergermeeschteren, Ministeren oder Presidenten. Ke…
  continue reading
 
Et ass Zäit fir mouvementéiert Diskussiounen um Sonndeg. Hei gëtt och Kloertext geschwat, genee wéi um Krautmaart, just si sinn net zu 60 mä nëmmen zu hirer 5. Eng Aktualitéitsdebatt wou souguer nach knaschteg Wäsch aus dem leschte Joer gewäsch gëtt, awer och d'Zukunft net aus den Aen verluer gëtt. Am Studio 11 hu sech de Jacques Kapp, Al Ginter, L…
  continue reading
 
Si verpassen et net bal fir hire Pefferkär bäizesteieren zu deem wat leeft. All 2 Wochen huele si sech eng Stonn fir den Punkt op den I ze setzen, an d'Wochenaktualitéit ze kommentéieren. Um Enn vum Joer kucken si ëmmer op déi vergaangen 12 Méint zréck a suergen derfir dass näischt an de Vergiess geréit. Virun enger gudder Woch gouf d'Sendung opgeh…
  continue reading
 
Si hu keng gutt an der Kopp an falen iwwer alles a jiddereen hier, deen net bei dräi aus der Féiss ass. Och déi lescht 14 Deeg kruten si bestëmmt nees vill Waasser op hir Millen an hunn genuch Aktualitéit gesammelt fir se elo mat Genoss duerchzehuelen. Alles wat sech heiheem an am Ausland ofgespillt huet gëtt elo nach emol duerchliicht vum Christia…
  continue reading
 
Déi hei 5 hu keng gutt an der Kopp. Si wëssen ëmmer wien sech nees de Batti gestallt huet an héieren d'Fléi néitschen. People, Sport an Politik awer och Wirtschaft an Literatur. Näischt ass hinne friem a mat allem kënnen si eppes ufänken. Hiere Feedback op déi lescht 14 Deeg liwweren den Lucien Czuga, Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker an d'Chr…
  continue reading
 
Loading …

Kurzanleitung