Minettbiosphere öffentlich
[search 0]
Download the App!
show episodes
 
Artwork

1
Minett Mash-Up: De Podcast

Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR

Unsubscribe
Unsubscribe
Monatlich
 
Minett Mash-up – de Podcast, deen iech mat op d’Rees hëlt! All Mount invitéiere mir interessant Gäscht aus ganz ënnerschiddleche Beräicher an entdecke mat hinne spannend Plazen am Süde vum Land. Léiert mat eis déi eenzegaarteg Natur, historesch Sitten a kreativ Initiativen aus der Regioun kennen. Är Hosts: Yann Logelin vun der Minett UNESCO Biosphere, Anna Monaco / Maria Spada / Loréna Jarosz vum IK-CNCI (Industriekultur – Centre national de la culture industrielle), Marieke Jarvis vum MUAR ...
  continue reading
 
Loading …
show series
 
Kontaktéiert eis Eng Helleg, eng Kënschtlerin, eng Auer a méi Dëse Mount maache mir Statioun an der Escher Kulturfabrik. Et geet an dësem Episod awer net iwwer déi beweegte Geschicht vun der Kulturinstitutioun, déi sech an de leschte 40+1 Joer eng fest Plaz an der kultureller Landschaft vun Esch, der Regioun an dem Land geséchert huet. Et geet vill…
  continue reading
 
Kontaktéiert eis Participativ Pizzaen an e Kollektiv am Asaz fir seng Stad Op eiser Rees duerch de Minett ass de Minett Mash-Up an dësem Mount emol nees eng Kéier zu Diddeleng. Nodeems mer virun engem Joer scho Statioun hei gemaach haten, fir an eisem Podcast méi iwwert deen neien, nohaltege Quartier „NeiSchmelz“ gewuer ze ginn, si mer zeréck op de…
  continue reading
 
Kontaktéiert eis Vu Schinnen, Minnen, Päerd an Zich Mam Steampunk-Festival „Anno 1900“ geet um leschte Septemberweekend d’Saison am Fond-de-Gras traditionnell op en Enn. Dat war fir eis Grond genuch no engem Besuch bei der Directrice vum Minett Park am Januar elo am September nach emol an dësen zeréck ze goen. Fir eisen zweete Besuch hate mer Rende…
  continue reading
 
Kontaktéiert eis Um Schluss vum Vëlosummer 2024, bei deem jo och nees Circuiten iwwert den Territoire vun der Minett Biosphere gaange sinn, consacréiere mir den neien Episod vun eisem Podcast dem Cyclissem an der Expo „Vélocité – La Vallée des champion.nne. s“. Duerfir maache mer Statioun am Musée Ferrum, dee jo en Deel vun der Téitenger Schungfabr…
  continue reading
 
Kontaktéiert eis Op engem waarme Summerdag ass de Musée des Mines zu Rëmeleng déi richteg Plaz fir sech natierlech z’erfrëschen. Konstant 11 Grad ware fréier och den deegleche Begleeder vun de Mineuren, déi an der Minn Walert de Minett aus dem Buedem geholl hunn. Genee dee Setting hu mer eis fir de Juli Episod vum Minett Mash-Up erausgesicht. 70 Me…
  continue reading
 
Kontaktéiert eis No eiser Visitt vum U4 zu Uckange si mer fir eisem Episod vum Juni nees am Minett a maache Statioun zu Esch. Fir genee ze sinn, hu mer dës Kéier am Quartier Brill Plaz geholl fir eis op en Neits mat engem interessante Gaascht z’ënnerhalen. Am Fokus vun dësem Episod mat der Direktesch vum Escher Theater, dem Carole Lorang, stinn den…
  continue reading
 
Kontaktéiert eis No Ausflich an d’Saarland an och an d’Gaume si mer dëse Mount an der Lorraine. Den Haaptgrond ass d‘Reprise vum Theaterstéck „Leurs enfants après eux“, den nächste Mount am Escher Theater, en Theaterstéck, wat um Roman mam selwechten Numm vum franséischen Auteur Nicolas Mathieu baséiert. Et ass eng éischte Kéier am Kader vun Esch20…
  continue reading
 
Kontaktéiert eis Wéi aus enger Leidenschaft e Beruff ginn ass Och wa mer am Minett Mash-Up thematesch dëst Joer virun allem a punkto Industriekultur ënnerwee sinn, esou spillt déi am aktuellen Episod éischter méi eng kleng Roll. No zwou Episoden an Däitschland an der Belsch si mer dës Kéier awer nees zeréck am Minett, wou mer Statioun zu Déifferden…
  continue reading
 
Kontaktéiert eis Vu Sammler, Schmuggler a Stongen Thematesche Schwéierpunkt an dësem Joer ass d’Industriekultur an duerfir reese mir net just duerch de Minett, mä och duerch déi no Grenzregioun. Dëse Mount si mir an d’Belsch gefuer a mam éischte Minett Mash-Up Episod op Franséisch feiere mer an dësem Mount eng wieder Première. Ee klengen Hiwwel, di…
  continue reading
 
Kontaktéiert eis Sprooch vun der Episod: Däitsch / Deutschsprachige Episode Dëst Joer steet fir eis ganz am Zeeche vun der Industriekultur an dem industriellen Ierwe vun eiser Regioun. D’Minett, als Eisenäerz, war awer net just am Süde vu Lëtzebuerg ze fannen, mä verbënnt eis Géigend bis haut mat e puer Dierfer an der Belsch, mat der Lorraine an oc…
  continue reading
 
Kontaktéiert eis Lieweg Industriegeschicht matten an der Natur D’Joer 2024 wäert bei eisem Podcast ganz am Zeeche vun der Industriekultur an dem industriellen Ierwe vun eiser (Grouss-)Regioun stoen. Mir ginn op d’Sich no Sitten a Gebaier, déi direkt mat der Eisenäerz- a Stolindustrie zesummenhänken, probéiere Gäscht ze fannen, déi aktiv an dëser In…
  continue reading
 
Kontaktéiert eis Fir den Ofschloss vum Joer kucke mer zeréck op eis Highlighte vum Joer a proposéieren Iech e puer kuerz Extraiten aus där enger oder anerer Episod vum Minetter Wanderpodcast. Mär kucken awer och no vir op 2024, wou déi nei Ekipp vum IK-CNCI, déi Där an dësem Episod vum Minett Mash-Up komplett kenneléiert, eis am Roulement duerch da…
  continue reading
 
Kontaktéiert eis Legenden, Theater, Pedagogik a Mermaids Dës Kéier wollte mer eisen Episod eigentlech an der Kabaischen „Pump It Up“, déi um Territoire vun der Stad Esch fir de Minett Trail opgeriicht gouf, ophuelen. Well d’Kabaischen am Moment awer Ament net zougänglech ass, hu mer eis Opnam kuerzfristeg misse réckelen. Dofir hu mir eise Gaascht e…
  continue reading
 
Kontaktéiert eis Dëse Mount si mer op Besuch am Käldall. Dee schmuelen Dall, deen am Laf vun de Joerdausende vun der Kälbaach, engem Niewefloss vun der Uelzecht, an d'Landschaft geschnidde gouf, ass eng Plaz voller Geschicht a Geschichten, déi an dësem Episod am Mëttelpunkt vun eisem Podcast stinn. Mir huelen Iech mat op eng Rees duerch d’Geschicht…
  continue reading
 
Kontaktéiert eis Op eiser Rees iwwert de Minett Trail maache mir dës Kéier Statioun zu Diddeleng. D'Kabaische Floater um Waasserbaseng vun der fréierer Diddelenger Schmelz war déi éischt Kabaischen, déi ageweit gouf an ass eleng vun hirer Location hier eng vun de spektakuläersten. Spektakulär gëtt och de Chantier, deen an den nächste Joren um Site …
  continue reading
 
Kontaktéiert eis No eiser „Summerpaus“ um Jugendforum vun der Minett UNESCO Biosphere si mer dëse Mount nees zeréck um Minett Trail a maache Statioun an enger vun den eelef Kabaisercher. Kuerz virun Enn vum meteorologesche Summer, a ronn ee Mount virum Enn vun der Tourismussaison 2023, si mer op Visitt am Minett Park Fond-de-Gras. Dat ass eng vun d…
  continue reading
 
Kontaktéiert eis Dësen Episod vum Minett Mash-Up danzt e bëssen aus der Rei. Mer sinn ausnamsweis net um Minett Trail ënnerwee, mä maache Statioun um Minett Biosphere Youth Forum, dee vum 12. bis de 16. Juli am Naturschutzzentrum Ellergronn organiséiert gouf. Bei dësem Jugendforum ass et drëms gaangen, datt déi knapp 20 Participanten aus 5 europäes…
  continue reading
 
Kontaktéiert eis Den aktuellen Episod vun eiser Rees duerch de Minett huet eis op Schëffleng gefouert. Bis 2013 ass zu Schëffleng an der Schmelz Stol produzéiert ginn an och wann d’Metzeschmelz haut net méi a Betrib ass, war Schëffleng eng Plaz, déi sech ugebueden huet fir eng Kéier am Detail iwwert d’Liewen an d’Schaffen op der Schmelz ze schwätze…
  continue reading
 
Kontaktéiert eis Nodeems mer fir de véierten Episod vun dësem Joer Statioun am Dall vun der wëller Fra gemaach hunn, si mer fir de fënneften Episod an engem weideren exzeptionellen Dall vum Minett. Dës Kéier si mer an der "belle vallée", dem schéinen Dall, wat och nach Bel-Val genannt gëtt, gelant, duerch deen de Minett Trail natierlech och geet. N…
  continue reading
 
Kontaktéiert eis Déi grouss Gemeinsamkeet vun all eise Podcasten an dësem Joer ass, datt mer um Minett Trail ënnerwee sinn. Zwou Woche virun der offizieller Aweiung vum 90 Kilometer laange Wanderwee duerch déi 11 Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere, interesséiere mir eis an dëser Episod vum Podcast ganz speziell fir de Minett Trail an nach méi …
  continue reading
 
Kontaktéiert eis "Et war esou ëm d’Päischten, ‘t stoung alles an der Bléi, an d’Villercher di songen hir Lidder spéit a fréi.", esou geet dem Michel Rodange säi "Renert" un, deen hien 1872 publizéiert huet. Dësen ass e wichtegt Element am neien Episod vun eisem Minett Mash-Up, mä bis Päischte wollte mer awer net waarden, fir mat eisem Gaascht Stati…
  continue reading
 
Kontaktéiert eis An der Februar-Episod vun eisem „Minett Mash-Up“-Podcast geet eis Entdeckungsrees duerch d’Minett UNESCO Biosphere virun. Mir maache nees Statioun um Minett Trail an hunn eis Invitée vun dëser Kéier an enger vun den 3 Kabaisercher vun der Gemeng Monnerech emfaangenempfaangen. Dës Kabaisercher sinn direkt hannert dem Centre Culturel…
  continue reading
 
Kontaktéiert eis Dëst Joer geet de „Minett Mash-Up“-Podcast nees op Entdeckungsrees duerch d'Minett UNESCO Biosphere. Bis Enn des Joers besiche mir déi 11 Gemengen aus dem Biosphärenreservat a schwätze mat eise Gäscht iwwer hir Aarbecht an hir Projeten, de Minett, déi eenzegaarteg Natur vum Süde vu Lëtzebuerg an iwwer den industrielle Patrimoine vu…
  continue reading
 
Kontaktéiert eis Fir dësen Episod vum Podcast, deen éischte vun 3 spezielle Summer-Podcasten, si mer an der direkter Noperschaft vum Sëtz vun der Minett UNESCO Biosphere bliwwen. Den Ellergronn ass net just eent vun den eelsten Naturschutzgebitter am Land, et ass och en Deel vun Esch2022, europäesch Kulturhaaptstad. Um Site vum Naturschutzzentrum E…
  continue reading
 
Kontaktéiert eis Matten am Bësch, op den Hiwwel vum pittoreske Käldall, hu mer dësen Episod vun eisem Podcast opgeholl. Op Besuch hate mir dës Kéier déi jonk Fotografin Lynn Theisen, déi no hirem Studium zu Berlin, dee Wee zeréck an de Minett fonnt huet a sech elo mat hirem Atelier am 1535° Creative Hub zu Déifferdeng installéiert huet. Hire Wee an…
  continue reading
 
Kontaktéiert eis Hannert héije Gras a Beem verstoppt sech eng kleng Oasis an der Schëfflenger Stadlandschaft. Den natur&ëmwelt Ornitholog, Sören Salvatore, hëlt eis op dës geheim Plaz, déi mir zesumme mat all deene flotten Projeten diskutéieren, an deem hien involvéiert ass! Maacht mat eis mat als mir e puer nei lëtzebuergesch Wierder léieren, eis …
  continue reading
 
Kontaktéiert eis Den Minett ass 2020 eng UNESCO Biosphere ginn. Wat iwwerhaapt eng Biosphere ass an wat dat fir den Minett bedeit, kritt är an dëser Folg gewuer! Dozou kënnt och nach den Freestyle Footballer a Filmaker, Sven Fielitz, bei eis laanscht. Mir diskutéieren fléiend Kleeder, Schof a Goldfësch a mir probéieren e puer Freestyle Tricken selw…
  continue reading
 
Kontaktéiert eis Léiert am éischten Mount vum Joer d’mega cool a sportlech Freerunnerinn, Lynn Jung kennen. Mir virbréngen mat him eng kuscheleg Zäit am Café Dolmat a diskutéieren seng kandheet zu Belval a wéi d‘Lynn seng Passiounen an hir Aarbecht ëmgewandelt huet. An wann dir nach net Parkour oder Freerunning kënnt, keng suerg! Och dat kritt är a…
  continue reading
 
Kontaktéiert eis Eis Rees hëllt eis dës Mount op Diddeleng an den flott rekonzeptualiséiert CNA Pomhouse. Mir treffen den Jazz Trompettspiller, Daniel Migliosi, a diskutéieren seng wuerzelen an Verbindungen mam Minett – Schlësselwuert Italien, Russland a vill Caféen! Kleng juwelen iwwer d’Jazz Zeen, Diddeleng an den Haard kritt är och gewuer! Fir m…
  continue reading
 
Kontaktéiert eis An dëser Episod klamme mir bis op den Escher Gaalgebierg a begéinen der talentéierter Kënschtlerin Lisa Junius. Mir diskutéieren iwwert hir divers Kreatiounen an hir enk Verbindung zum Minett. Als Bonus, gëtt eis Wëssen iwwer d’Geschicht vum Escher Gaalgebierg getest! INSTA: @lisajunius WEB: lisajunius.com Escher Gaalgebierg: esch.…
  continue reading
 
Kontaktéiert eis Häerzlech wëllkomm zum Minett Mash-Up - de Podcast! An dëser éischter teaser Emissioun stelle mir eis fir, verroden méi iwwert de Podcast an wat iech erwaart. Eis Minett Location vum Mount Giele Botter, Differdange, Mine 1965 (Google Maps: 49°32'29.3"N 5°52'39.3"E) Extra Infoen iwwer de Giele Botter: https://environnement.public.lu…
  continue reading
 
Loading …

Kurzanleitung